Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Nach een Zilpzalp

Nach een Zilpzalp
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.10.2013
  • Gekuckt:
    13219
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    4
  • Beliichtungszäit:
    1/500 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    1100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    900x900
  • Späicherplaz:
    329 KB
  • Originaldatum:
    2013:10:19 21:14:12
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    AF-S 28-300mm 1:3,5-5,6G VR
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=75406]
Kommentar vum Fotograf:
Et schingt es, wéi wann se nach ëmmer genuch Insekten hei fannen, datt d'Zilpzalpen nach net fort sin an de Mëttelmierraum. Am Fréijoer, fir genee ze sin, de 24. März, wéi et nach kaal hei war, hun ech di éischt fir dëst Joer zu Remerschen um Weiher gesin. Datt se awer elo bei eis am Gaard zu Rammerech hire Ravi schon zanter e puer Woche maachen, dat fannen ech ech außergewéinléch a mécht mir awer vill Freed. Desen hei huet séch an eiser Hobichenheck gaaaaanz no un d'Haus getraut. Ech hun en awer tescht de Schaute vun de Storen an durch d'Fënster fotograféiert.
Charly_Ente 19.10.2013 - 23:51
Dat mat den Zilpzalpen ass wahrhafteg interessant! Sin io als Vullenberenger täteg an sin soumadd ganz am Vullenzuch dran closed_eye
Dat mat desem Freijoer ass ganz speziell an seelen sou gesin gin.. Mee insgesamt haaten ma dest Joer schon puer speziell Migrationen.
Un wat genee et leit sin ma umgang ze ennersichen..
E ganz groußen Faktor ass awer dat schlecht Joer, speiden an naast Freijoer, komecht Wierder, haarden Wanter.. asw
Well ma dei kleng Knierpsen berengen gesin mat nach vill mei wat een soss net geseit
Zum Beispiel hun ma bis Freiden nach ganz vill Zilpen gefang, dei ma schon mei wei 2 Wochen bei eisen 'Weieren' hocken hun. An gescht alles fort... wat erstaunlech ass
Nicon07 20.10.2013 - 17:51
Eis Zilpe sin haut och net méi do. Geschter hate mir och nach gezielten 8 jonk Paanewippercher déi séch Mécken erhascht hun. Déi sin haut och net méi ze gesin. Lo sin ech gespaant. wéin d'Bergfinken neess do sin. Déi si jo am Fréijoer bal bis den 1. Mai bliwwen.
Charly_Ente 20.10.2013 - 23:15
dei eicht sin mettlerweil schon bei eis am Land gemellt gin closed_eye Aan op..! se kommen bigsmile
Nicon07 21.10.2013 - 15:51
Iwwregens hun ech lo haut de Mëtteg nach een Zilp bei eis an der Rousenheck gesin. Si sin also nach net fort. Kee Wonner bei deenen Temperaturen.... smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 419 Gäscht online