...ass am Fong hei egal
an ech weess ee Schrëtt weider wier besser gewierscht, bon et ass halt e street, wou ech keng Zäit verbruecht hun fir ze waarden
ech muss nach Gedold léieren :-)
D'Diagonal Kant fannen ech beim quadrat net gutt, mei frontal wier besser gewiercht, dann fann ech den quadrat un sech net gudd, well esou kennt keng dynamik dran dei jo eigentlech an enger staat herscht.
Ech perseinlech fannen och dass de mat enger 5D mat waissem objektif net kanns onbemierkt fotoen maachen! Well d'leit gesin daat schon op 1 km an gin messtrauesch an loosen dech net mei aus den aaen! An virun allem, se kucken waats de mess! Less is more! D'Leit mengen och du wiers ee profi an well dann op kee fall op denger foto sin! Ech denken den risk vir ungepöbelt zegin an mat dengem material mei grouss...
Dann och nach dest: du kritiseiers deng foto schon selwer! Virwaat hues de dann ropgelueden?
Conclusioun: d'iddi ass gudd! D'emmsetzung kanns de secher besser!
merci Ted_Lapidus , fir de Kommentar, et war rengen Zoufall, dass ech den 70-200 drop haat wéi ech dëst Motiv gesinn hun, jo, deen ass net ganz diskret , meeschtens hun ech den 24-70 drop, dee fällt net sou op !
Firwaat ech se trotz Eegekritik eropgelueden hun:
ma ganz einfach, well ech se perséinlech trotz deenen Fehler awer nach flott fonnt hunn, an d'Bild hei um Site bestëmmt net eent vun den Allerschlechsten ass,mir sin Amateuren, a keen ass perfekt, a Verbesserungsvirschléi sin och gär gesinn
Am Verglach mat villem aneren, ass deng Foto Super, e Schratt méi fréi oder méi spéit, wien erwescht da schons de richtegen Moment bei enger Street Foto. Et ass jo eng Street, wann ech glift, net esou streng sinn
daat freet mech lo awer, Du hues recht , fir en echte Street waard ee keng Stonn, bis de Richtege laanscht kënnt!! soss si se sou gestallt wéi beim Doisneau
villmools merci