Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Pinselkäfer

 
All Fotoen an dëser Serie:
37025 Thumbnail
37026 Thumbnail
37027 Thumbnail
Pinselkäfer
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.07.2013
  • Gekuckt:
    18777
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Originaldatum:
    06.2013
  • Fotoapparat:
    Nikon D3X
  • Objektiv:
    105mm f/2,8
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
2. Kategorie: Déieren »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=73440]
Kommentar vum Fotograf:
D'Fotoen sin net esou wéi ech mer dat firgestallt hun, mee well se awer mol weisen.
icylady 03.07.2013 - 12:10
ech fannen déi 1. an déi 3. awer ganz gudd geroden,
déi 3. gefällt mir eigentlech am beschten well zousätzlech zu der Schärft um vischten Deel vum Käfer och een schéinen HG ze gesinn ass, deen farwlech gudd passt,
an déi 1. gefällt mir einfach wéint der Schàrft um Kapp an den Drëtonguesen am Pelz vum Käfer smile
mee ech wees du hues ganz héich Usprëch un dech selwer
Jacques 04.07.2013 - 07:11
Merci icyladysmile
Wollt eigentlech nach méi Deiwenschärft an d'Fotoen kréien.
Ech haat d'Blend schon zimlech wéit zou, mee well ech ze no béi war ass daat nach net duer gang. Freet mech awer wann se gefallensmile
mischii 03.07.2013 - 12:16
Déi si jo richteg schéi muusseg. Eng gelonge Serie an déi éischt gefällt mer am Beschten
Jacques 04.07.2013 - 07:12
Merci mischiismile
Perséinlech gefällt mer déi éischt och am beschten.
jps 03.07.2013 - 12:21
Ech fannen se awer ganz OK, déi 2. eventuell an der Halschend vun de Blieder croppen, da kënnt dat "agressivt" besser zur Geltung, an bei der 3. wësse mer dann och endlech wou déi kleng Pinselen hirkommen bigsmile
Jacques 04.07.2013 - 07:13
Merci jpssmile
Et ass gudd dasss bei der 3. en Blaat se e bessen verdeckt, so hätt ech se net dierfen eroppluedenclosed_eye
gemu 03.07.2013 - 12:26
Wonnerbar Série, flott faarweg an esou richteg musseg top schaarf Biller, wobäi mir di 1. am beschten gefällt
Jacques 04.07.2013 - 07:14
Merci Georgessmile
Déi eischt gefällt mer och am beschten.
MR 03.07.2013 - 16:32
Eng gutt gelongen Serie
dei durchaus weisenswäert ass!
Fir mech och déi1smile
Jacques 04.07.2013 - 07:14
Villmools Merci Martinesmile
jorsch 03.07.2013 - 18:57
Dee hunn ech nach ni gesinn, awer e gefält mer ganz gutt!
1 ass beandrockend, bei dräi geet et richteg lass!smile
Jacques 04.07.2013 - 07:16
Merci Jorschsmile
Ech haat der och nach nie virdrun gesin, an hun mol missen nosichen welchen Käfer daat iwerhapt ass.
Jo, an bei Nummer 3 do ass actionclosed_eye
Papopapi 03.07.2013 - 21:06
Super Photoen, tiptop fir d'Schärft an den Cadrage !!!!!
Jacques 04.07.2013 - 07:17
Villmools Merci Papopapismile
Conley 03.07.2013 - 23:45
Do has de Chance!! Kann dech awer verstoen. Sief awer net esou Kritesch mat där Serie. Ech hat di Pinselkäfern och schonn zwee mol virun der Lëns. Si hunn zwar nach gepennt ganz agerullt, just mech eng kéier ugekuckt sech gedéit fir mir ze soen . An wat häss du dann gär, dass nach ze fréi.smile An et freet mech dass ech se mol hei eng kéier an enger gudder Qualitéit ganz kann gesinn Merci Jacques!! smile
Jacques 04.07.2013 - 07:20
Meric Roger fir déin Komentarsmile
Et war och fir d'eischt wou ech déi gesin hun. Ech wollt e bessen méi Deiwenschärft dran kréien. Ech war ze ni béi an hat d'Blend net genuch zou. Elo wees ech et, an hoffen se nach emool ze gesinsmile
Jeanny 04.07.2013 - 06:27
dai ass dach Tip Top ginn Jacques, kennen se, awer hat se nach net virun der Lens
Jacques 04.07.2013 - 07:21
Merci Jeannysmile
Daat war och fir d'eischt dass ech iwerhaapt een gesin hun.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 324 Gäscht online