Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
All Fotoen an dëser Serie:
36887 Thumbnail
36888 Thumbnail
36899 Thumbnail
36900 Thumbnail
36901 Thumbnail
Bambien
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.06.2013
  • Gekuckt:
    22264
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    26
  • Originaldatum:
    16.06.2013
  • Fotoapparat:
    Canon 1D X
  • Objektiv:
    Canon EF 600mm f/4 & Extender1.4x III
Kategorie: Natur »» Allgemeng
2. Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=73227]
Kommentar vum Fotograf:
Ee puer Hirschbambien an fréier Natur ...
BigVood 22.06.2013 - 23:53
Äckzällent! Genial festgehal! E Meeschterschoss!
Schluck 23.06.2013 - 01:03
Hehe .. an nët mat der Flënnt closed_eye Freet mech dass se der sougutt gefällt
suraki 23.06.2013 - 02:04
wow, .. d'ganz Famill ... super !
Schluck 23.06.2013 - 17:04
Do woar méi wéi eng Famill, woar immens schein hinnen nozekucken
suraki 23.06.2013 - 19:14
dat gleewen ech der gären ... dat si Momenter wou ee ka vergiessen ze fotograféieren smile
Jean-Jos 23.06.2013 - 09:05
Déi éischt ass genial, mee och déi 2. ass immens intressant.
Wann een do ward an d'Gedold gëtt mat esou Szenen belount, dat muss e staarke Moment sin.
Schluck 23.06.2013 - 17:06
Merci Jean-Jos, jo effektiv, Gedold an Ausdauer dann gët een mat esou Biller belount .. oft kanns de Stonnen woarden an du mëss iwwerhaapt keen Bild mais dat ass halt sou, ass nun mol keen Zoo ... dat ass jo och den Reiz wëll soss wieren se banal.
jps 23.06.2013 - 10:32
Do has de méi Gléck wéi e Freideg den Owend.
Selwechten Eck ? well do war mer den Baam nët opgefall.
JC1967 23.06.2013 - 10:56
Dat wor bei mir hannenaus am Gaart J-P smile
jps 23.06.2013 - 17:29
An duerfir si mer dann de ganzen Owend um Bierg erëmgeturnt bigsmile
Schluck 23.06.2013 - 17:08
Nee een anneren Eck an dat do woar d'läscht Woch .. den JC hien fiddert se bei sech am Gaart an wann Besuch kënnt stellt en nach ee puer ausgestopptenner dobéi bigsmile
jps 23.06.2013 - 17:28
Ech mengen da muss ech mei Gaart emol op eng aner Platz plënneren, vleicht kommen der dann och dohin bigsmile
Schluck 23.06.2013 - 17:31
Ech schwätzen mam Jean-Claude ee soll eis ee puer daer obgestopptener léinen bigsmile
jps 23.06.2013 - 17:33
Mach dat, da kënne mer eis och méi en rouegen Hannergrond eraussichen bigsmile
Schluck 23.06.2013 - 18:13
Hehe .. jo effektiv, wann den Kaméidi nët gewiercht wier ...
jps 23.06.2013 - 19:48
Et gin der jo ëmmer méi closed_eye
JC1967 23.06.2013 - 10:55
Hues du dei doten ganz alleng fonnd, oder has de een "Guide vum "Ministaire du tourisme" engageiert? Op jiddefall immens flott festgehall. Wors voll an d'Matérnité eran geroden. Dat ass natierlech menges. smile
Schluck 23.06.2013 - 17:11
Dat do sinn déi Blo vum Ministäre .. Ass gudd dass den Guide sou liicht betierchlech ass ... ee puer Glühweiner versprach an den weisst der allesbigsmile
icylady 23.06.2013 - 12:18
do hues du een Super-Erliefnis konnten ganz flott festhaalen smile
phantastesch fannen ech
Schluck 23.06.2013 - 17:13
Merci gesoot, jo ët ass fazinant dat ze erliewwen an denen Déieren do nozekucken... wat mir perséinlech ëmmer wichteg ass, ass d'Déieren nët ze stéieren. Ët hät een sëcherlech kënnen probéieren méi no erunzekommen mais dat ass mer den Risiko fir se ze verdréiwwen net wert
gi87 23.06.2013 - 15:33
Wow, an dann nach esou vill beieneen ! Stark Foto !
Schluck 23.06.2013 - 17:15
Merci Gianni, jo do woaren der ee puer .. ass awer wéi ëmmer och eng Saach vun Chance wëll oft ass guer näischt do.
gi87 23.06.2013 - 17:42
Dat gleewen Esh Dir,vun naischt kennt naischt am Liewen, an do get Ausdauer ab un zu dann mol belount smile
Conley 23.06.2013 - 23:05
Eng Top Serie an Wonnerbare gewisen!!
Abacab 24.06.2013 - 14:26
Herrlech Naturbiller woubäi all Eenzelt e Genoss ass ze kucken!
gemu 25.06.2013 - 21:20
Wonnerschéin Série, et mecht richteg Freed denen (nodréiglech) nozekucken.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 507 Gäscht online