Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Bläulingen ganz keng

 
All Fotoen an dëser Serie:
36623 Thumbnail
36624 Thumbnail
Bläulingen ganz keng
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.06.2013
  • Gekuckt:
    26019
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    21
  • Originaldatum:
    2013.06.05
  • Fotoapparat:
    D7000
  • Objektiv:
    Sigma 150mm 1:2.8 APO Macro DG HSM
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
2. Kategorie: Natur »» Makro
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=72957]
Kommentar vum Fotograf:
1 Himmelblauer Bläuling Polyommatus (Meleageria) bellargus Flügelspannweite 28 - 34 Millimeter.
2 Zwerg - Bläuling Cupido minimus Flügelspannweite von 18 bis 22 Millimeter.

Drop klicken w.e.g.
Jean-Jos 07.06.2013 - 00:15
Déi éischt ass gäil an däerer Liuucht an dem HG!
Gutt Conley.
Conley 07.06.2013 - 22:01
Hien war schonn am Schiet an Sonn huet den Hannergrond beliicht. Merci gesot Jean-Jos smile
MR 07.06.2013 - 04:48
Conley immens flott
fannen ech se allen zwousmile
Mir perséinlech gefält déi
1. besser durch deen schéinen
Hannergrond an flott cadréiert!
Conley 07.06.2013 - 22:09
Mir och MR. Villmools Merci freeën mech ëmmer wann et gefält. smile smile
Jeanny 07.06.2013 - 06:27
wonnerbar, zemools dai eescht
Conley 07.06.2013 - 22:29
Kompilatiounen vum Päiperlek am Schiet an Sonn di den Hannergrond beliicht huet hunn et hei ausgemaach. Merci gesot Jeanny. smile
BigVood 07.06.2013 - 07:05
Déi zou gefäle mir wierklech gutt. Bei der 1. sinn et Faarwen, déi wierklech ervierstiechen.
Just eng Fro: War um Original riets och net méi Plaz oder hues du d'Foto geschnidden?
Wa riets vum Gras nach e besschen Plaz wier, da wier se pefekt. Oder war do eppes, wat gestéiert huet, datt's du d'Gras ugeschnidden hues?
Conley 07.06.2013 - 22:39
Gutt gesinn. smile Et war iwwerall Platz just do leider net...Et ass bestëmmt eng dobäi wou dat Gras do ganz drop ass. Awer do huet dann eppes anescht net gestemmt. Hien hutt sech no dräi Fotoen léich no hannen gekippt an hunn do de Wénkel missen änneren an do war den Hannergrond Grasgreeng . unhappy De konnts de labber hannert fënnef Cent verstoppen. An do kucks de dem Klengen just op A fir bei der Loft de richtegen Moment ze erwëschen dass se och schaarf gëtt. Villmools Merci fir di Konstruktiv Kritik an et freet mech wann Fotoen gefalen. smile
TC 07.06.2013 - 07:11
Déi 1. Foto ass mäin Favorit. Déi Faarwen vum Hannergrond passen einfach immens zum Bläuling. De Bläuling schéin op enger Diagonal ass och top!
Conley 07.06.2013 - 22:50
Villmools Merci fir deng Meenung TC. Den Original gëtt ënnen nach an gréng iwwer. Wat mir dann nach besser gefält. Et ass jo nëmmen en Ausschnëtt. smile smile
Jacques 07.06.2013 - 07:28
Do kann ech mech dem TC nemmen uschléissen, bei Nummer 1 passt alles!!!
Conley 07.06.2013 - 23:13
Di hunn ech den Owend gemaach no dem dass ech D800 gefëmmt hat!! War jo dann net fir näischt, dass ech t'Roserei mat de D7000 kompenséiert hunn. Villmools Merci Jacques. smile smile
gemu 07.06.2013 - 12:56
Excellent déi zwou Fotoen,ech hun eng liicht Prérérenz fir déi 1. wéinst der Luucht an den Hannergron ass méi rouheg, waat awer guer net wëll heeschen dat déi 2. onrouheg wär, fannen déi och tip top
Conley 07.06.2013 - 23:52
Preferenzen fir déi 1.....di ass definitiv fir mech di bescht. Merci gesot gemu. smile
gtaddei1 07.06.2013 - 17:13
Also ... do tesch dei verschidden NAturfotografen ass nach eng fantastesch konkurenz do
Conley 08.06.2013 - 00:32
Däin Komentar bei allem Respekt verstinn ech elo net esou direkte. Ech géing mol mengen dass ech hei nach kengem Waasser kann rechen...an der Naturfotografi...ginn mir awer Méi an probieren mäin bescht ze machen!!
gtaddei1 08.06.2013 - 21:02
Den geigendeel! Ech fannen dass du eng grouss konkurenz bass fir dei schon fantastesch naturfotografen.
Also wierklech den geigendeel ... ech dannen daat herrlech gudd!
Conley 08.06.2013 - 23:04
Datt feet mech schonn gataddei1 dass de esou denks. Du kenns jo och vill méi dovu. Fotografie ass fir mech een Beruff. Wou een dräi Joer muss léieren an der Schoul. An ech probéieren mir dat dann selwer bäizebréngen. An dat dauer sou laang wei et eben dauert. Ech well mir do kenn Stress maachen hunn jo lescht Joer eréischt Interesséiert ugefangen. Merci awer fir deng Éierlech Meenung!!
gtaddei1 09.06.2013 - 22:22
Ech probeieren esou eierlech ze sinn ewei Meiglech... ech ginn einfach meng Vue... daat kenn dir interesseiren oder och net ... Me ech fannen dass et emmer mat Repsekt misst sin .
icylady 08.06.2013 - 09:05
déi 1. gefällt mir immens gudd, schéint Farwenspill,
an deen vun der Sonn belichtenen Hannergrond fannen ech richteg cool,
fir mecn eng schéin harmonesch Opnahm smile
Conley 08.06.2013 - 23:28
Dat freet mech se léisen icylady. smile Bei esou Opnahmen spillen vill Faktoren mat. An eng Grëtz Schanz geheier och nach dozou. closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 445 Gäscht online