Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Traaap-eeerop- Dei Zweeet

 
All Fotoen an dëser Serie:
35816 Thumbnail
35817 Thumbnail
35818 Thumbnail
Traaap-eeerop- Dei Zweeet
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.04.2013
  • Gekuckt:
    15193
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=71912]
Kommentar vum Fotograf:
Hei nach Puer Versiounen vunn der Traap, bessi aanescht cadreiert.
Eng dobai dei gefällt ???
Gaga 19.04.2013 - 14:02
ech fannen elo eierlech:
"du hues der keng Gedanken gemach"
smile

oder: nee, mier fällt och naischt besseres an, dei 1t Versioun as besser!

Mais villeicht hues de der wierklech guer keng Méi gin ?!?
smile
micky-maus 19.04.2013 - 16:10
Merci Gaga,
"du hues der keng Gedanken gemach" :
Stemmt, ech hunn den Fotoapparat op dem Buedem leien ann konnt nöt duerch Lens kucken. doweinst woer ett Gleck wann se eppes ginn ass, konnt mier also keng maachen.... hunn mier awer eppes dobai geduet fier se esou ze maachen.

"nee, mier fällt och naischt besseres an, dei 1t Versioun as besser!" :
am verglach zu däer 1. hunn ech Mett vunn der Spiral probeiert ann den göllenen Schnett ze setzen, nöt gudd?

"Mais villeicht hues de der wierklech guer keng Méi ginn"
fotografeieren eigentlech emmer daat waat mier esou gefällt ann esou wei ech graad eng Idee hunn. wei ass daat gemengt Gaga?


ZerberuZ 19.04.2013 - 16:38
Entschellegd dass ech mech hei anmeschen, mais muss dem Gaga dorober rescht gin,
"du hues der keng Gedanken gemach"
wells de der d'aentwert selwer gin hues an deems de der net eenz wars weieen wenkel oder positioun vun der Traap am baeschten ass.
Wanns de der gedanken gemaach haess, dann haess de nemmen 1 Bild gemaach an net 3 oder mei "tonguerobeiert"
Just meng meenung an du daerfs och mech elo dofier haasen !
micky-maus 19.04.2013 - 17:55
Maa neen, dech dofier haasen? , guer nett. Merci fier Deng mehnung.
Hunn dei serie just op Wonsch vum Gaga eropgeluden fier ee puer aaner Cadrementer ze kucken ewei genau ann der Mett....

Ann gedanken hunn ech mier och keng gemeet, woer och et meiglech, Kamera lung op dem Buedem closed_eye Doweinst 4 Fotoen gewissen ann 25 geläscht.

Mee waat ass net gudd am Opbau? sii senn all amm göllenen Schnett? Weder iwwer nach ennerbeliicht ?

Merci awer fier Deng eierlech Mehnung.
Gaga 20.04.2013 - 17:34
hmm, ech machen awer och emmer e puer Prisen .. et get jo naischt schlemmeres wei sech duerno Doheem opzereegen dat een net eng aaner vue huet wou daat dengens do an hei net ugeschnidden, verstopt oder net mat drop as.
Ausserdeem haat ech no aaneren gefrot, den Fränk hat schon sein Choix gemach.
micky-maus 19.04.2013 - 22:27
hunn Äntwoert geännert Gaga, sorry wann dei 1. versioun falsch verstaan ginn ass.
Gaga 20.04.2013 - 17:42
keen Probleem, hun deng 1t Äntwert net gesin, wars de fresch gin ? closed_eye

Nee, ech probeieren et mol sou ze soen :
Bei der 1ter hun ech direkt geduecht, do hätt ech och probeiert daat net symetresch, als Spiral oder dezentreiert eben ze machen.
Hun mer wierkelch erwaart dat do epes spannendes ze machen wier.
Dun hun ech des gesin an wor/sin deck enttäuscht. Mais ech verstin net fierwaat. Dun hun ech gemengt du häss se sou 1:1, out of the box gewisen an se wieren einfach mei fad verschaft, keng Ahnung. Ech denken och dat, vue que dat se jo schon eichter abstrakt as, eng gut iwerdriwen Bea passend wier.
Mais vum Kadrage hier sin se allendrei guer net uspriechend, keng Linniefeierung... kuck bei der 1 as t'Spiral praktesch 90° zu der Seit an der Mett vun der Foto, keng Linn geht an en Eck oder esou ..
Mier fällt ob dats de den Weissen Zentrum mam "Gelänner" (dei bannechst Spiral) neierens gleichmeisseg zu den Seiten verdeelt hues (also ennen sou vill Sput wei op der Seit),
bei kenger fannen ech dat eng kloer, erausstiechend Linn eng Richtung uget ... also doheir wor meng steplerech Remarque iwer deng Gedanken zwar ironesch, mais schon e bessen escht gemengt ; sin dei out of the box, oder hues de der do wierklech vill Iwerluet mam Kadrage. (eben och am PS wanns de bei der Opnahm net duerch den Sucher konns kucken)

PS: wann ech schon bei baal all Kommentar muss luess machen an drei mol iwerleen net ZE beiss ze sin, da muss ech allt bei deenen profiteieren dei mech kennen an net mei beiss gin closed_eye )
micky-maus 20.04.2013 - 21:54
Merci fier Deng Erklärung hei .
Joo bei där 1. Antwort haat ech een Ausruufezeichen zevill dohinn gemoolt. Ass mier awer ericht opgefall wei den Zerberuz reageiert haat.
Cadrage ass baal out of the box well eierlech gesoot bei esou Linien sinn ech bessi iwerfuerdert. Linien, Spiral ann Kreeser , fier dei richteg ze kadreieren ass fier mech nach schweier. Wann ech Foto dreinen gett den Cadrage ze enk. Am LR kreien ech Linien net esou hinn wei ech well. Am CS6 muss ech mier mol dei rischteg Zait huelen ann mech eranschaffen. Doo ass bestemmt eppes dran. Probeieren daat mol. Och dei selwecht Serie mat mengem 12-24 wäer een Versuch wärt.
Ann deem Senn: Idealen Zaitverdreif fier Mettesschicht. Probeieren Deng Rotschlei emzesetzen ann ersetzen se dann.

M.b.G.: deen sech elo mol mei Gadanken ann Meih gett!!!!!
Gaga 21.04.2013 - 01:55
keng ahnung, meng "rotschlei" sin eichter Froen wei äntwerten.
Ech wees jo och net waat ech geng ronnbrengen.
wahrscheinlech net vill besseres.
mais et muss een sech jo t'laat heich hänken.... soss mecht et keen spaass

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 445 Gäscht online