Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Zeisel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.03.2013
  • Gekuckt:
    13340
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    1/800 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    400 mm
  • ISO:
    450
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1000x667
  • Späicherplaz:
    393 KB
  • Originaldatum:
    2013:03:14 21:49:33
  • Fotoapparat:
    NIKON D3200
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    AF-S 200-400mm f/4G ED VR II
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=71203]
Kommentar vum Fotograf:
am Restaurant Les Mésanges
Jeanny 15.03.2013 - 06:27
ganz gutt erwescht Nico, gutt dass mir hiert friessen nach net ewech geholl hunn,
NikonD80 15.03.2013 - 10:50
flott Nico, ech gesinn du hues däin 200-400er am Grëff smile
gi87 17.03.2013 - 19:32
Ouni Bull am Hannergrond wiren Doubel esou flott closed_eye Hätt Luminazrauschen nach am Hannergrond korrigeiert..
Nicon07 17.03.2013 - 20:16
Gianni, wat hues dunëmmen ëmmer mat dem Luminanzrauschen? closed_eye Ech gesi jo, wats du mengs, an ech beméihe méch jo och äifreg, méng Fotoen ze verbesseren, mais ech weess awer nach ëmmer nët, wéi a mat wat fir enge regeler ech dat Rauschen do rauskréien. Am Detail: Ech verschaffe méng RAW-Biller fir d'alleréischt mam Nikon Capture NX2, well deen di logesch Suite ass vun der kamerainterner Soft. Do ass ee Rauschënnerdrécker drop, awer deen ënnerdréckt all Form vu Rauschen an engem Regler. Huelen ech awer elo de RAW an de Lightroom, da gin déi Virastellunge vun der Kamera geläscht an ech kréien een neutrale RAW, wou ech bei 0 ufänke muss mat verschaffen. An do kréien ech quasi ni dat resultat, wat d'Kamera liwwert identesch zréck. Am Kloertext: Ganz dacks mécht de Lightroom mir ausgebrannten Wäiss, do wou de Capture NX2 nach Zeechnung léisst. Mais de Rauschënnerdrécker vum Lightroom erlabt mir awer Luminanzrauschen selektiv ze ënnerdrécken. Wann een do awer ze stark opzitt, da geet d'Detailzeechnung flöten an da kritt ee sou ee Gewëschs, wéi an de Plomme vum Käizchen (Fotoe vun haut). Wéi méchs du dat dann, fir déng Fotoe sou schéin ze kréien, datt am Bokeh kee Rauschen ass? Hues du dann een extra Entrauscher-Programm?

MbG Nico
gi87 17.03.2013 - 20:57
Ech schaffen man Lightroom an Photoshop. Entrauschen am Adobe Camera RAW den RAW, ouni no ze schärfen, dat heecht minimalt Rauschen am Hannergrond oder am Bokeh gin esou Elimineiert, an sou sin keng Steiernd Struckturen mei dran. Dei 2t Etape ass Schärfen wat einfach iwert e Sharpen am photoshop um Jpeg oder um Tiff entsteht.. an sou kann naicht am Hannergrond Mat geschärft gin ewei Luminanzrauschen... Mecht een Dat am Canon, Nikon, oder Lightroom an Cameraraw alles an engem Coup, Schärfen an Entrauschen dann gedet an Box, well dei Programmer dauernd op engem Raw Fischier als Basis Schaffen wou all Wert sech mat dem anneren an de Konflikt brengt, an enzeg meiglegkeet dat ze emgoen ass e Schrett nom anneren ze machen, an dem een Entrauscht dann den Jpeg genereiert an dann dorber Noschärft... Mei asset net, wll ech hun keng Loscht am Photoshop 2 Stonnen ze verbengen vir e Sujet ze Maskeieren etc.. do ass nach den Einfachen wee... Lo kennste meng Technik closed_eye Bon den 1Dx liwert och Raw's dei vun grond aus bis 3200 ganz ordentlech sin wat Luminanzrauschen ungeht..

MbG. Gianni
Nicon07 17.03.2013 - 21:03
Merci villmols, Gianni. Da probéieren ech dat och mol. Mais da kënnt awer nach ëmmer de Boîtier dobei. D'D3200 ass leider net sou gudd, wéi d'1Dx. D'D600 ass do scho besser, mais mat där fotograféieren ech jo nach net sou laang... closed_eye
gi87 17.03.2013 - 21:07
Dat stemmt, mee de Boitier muss och richteg maîtriseiert gin, well eng Ennerbelichten Foto och op enger gudder Kamera kann soss zu mei stark verrauschten Biller feieren wann een muss Ophellen. Do helleft och keen 1DX
Nicon07 17.03.2013 - 21:30
An elo hun ech ee Problem... Ech wollt elo grad sou probéiere, wéi's du mir dat proposéiers, an du krut ech d'Warnung: The camera model you use seems not to be supported by the installed version of Camera Raw. An ech kréien dee neitste Camera Raw net op de PS CS5 installéiert. Mais ech hun awer keng Loscht, nëmmen dowéinst op de CS6 ze upgraden. unhappy
gi87 17.03.2013 - 21:39
Dat ass scheud unhappy

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 428 Gäscht online