Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Venn

 
All Fotoen an dëser Serie:
34698 Thumbnail
34699 Thumbnail
34700 Thumbnail
Venn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.02.2013
  • Gekuckt:
    14515
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    26
  • Originaldatum:
    16.2.2013
  • Fotoapparat:
    Sony A700
  • Objektiv:
    Minolta 50mm f/1.4
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=70835]
Kommentar vum Fotograf:
Nach puer aus dem Venn, dës Kéier souguer mat en bëssen Landschaft! :P

266 K
Schluck 25.02.2013 - 09:32
Déi eischt fannen ech ganz flott vun der Stëmmung hier
Metalbambi 25.02.2013 - 12:09
Ass och mäin Favorit. An déi aner?
Schluck 25.02.2013 - 13:49
Dei zweet ass och cool, 3 fannen ech lo net sou gudd .. do fehlt een Eye-Catcher .. villeicht ënnen nach méi an den Pano gecroppt ? Dass den Baam méi Dominant gët ?
Metalbambi 26.02.2013 - 01:13
3t ass effektiv en bëssen speziell. Wann ech se méi schmuel maachen dann kréien ech den Problem dat den Bam d'Bild an 2 deelt, dat ass mengen ech och net sou gutt. Kéint héchstens nach en bëssen...
Zora 25.02.2013 - 11:11
Dei eischt ass wirklech fir ze dreemen!!
Metalbambi 25.02.2013 - 12:10
Merci smile
Pit 25.02.2013 - 19:26
Also mir gefält dei 2te am Beschten, dei aner zwou sin net esou mein Gout
Metalbambi 26.02.2013 - 01:13
Interessant, mier gefält déi 1t nämlech och kloer am beschten. smile
Pit 26.02.2013 - 16:46
Ech hunn wahrscheinlech en 'aneren' Bleck smile
Jacques 26.02.2013 - 09:26
D'Stemmung an Nummer 1 ass wonnerbar, an gefällt mer am beschten!
Metalbambi 27.02.2013 - 00:16
Merci
Johny 26.02.2013 - 18:37
Déi zweet fannen ech top. Déi aner zwou si schéin mee Nr 2 fir mech definitiv de Favorit.
Metalbambi 27.02.2013 - 00:16
Interessant dat d'Meenungen hei sou auserneen ginn, do hat ech net dermat gerechent! Kanns de begrënnen wisou?
Johny 27.02.2013 - 00:21
Jo natierlech, well se déi eenzeg ass mat engem interessante Bildopbau smile
Metalbambi 27.02.2013 - 01:18
Aua! XD
Johny 27.02.2013 - 09:15
Läit einfach um Motiv. Op der zweeter Foto, wous de och hikucks, ob an d'Mëtt oder an een Eck gesäis de dass de Bildopbau flott ass (ass jo däi Verdingscht!), woubai bei denen aneren groussflächeg einfach näischt ass. Bei der éischter z.B.: Wisou hues de lénks do opgehal an se net éischter ofgeschnidden? Gëtt kee Grond, ass einfach e choix. Bei der drëtter ass et dat selwecht mat riets smile
Metalbambi 27.02.2013 - 09:25
Kay, domat kann ech liewen. smile
gogo 26.02.2013 - 19:06
Di éischt ass top, ganz surreal hun ech sou nach net gesinn.
Zweet ass flott gerooden.
Drëtt deelen ech dem Schluck séng Meenung éischter.
Metalbambi 27.02.2013 - 00:22
Vir déi éischt muss een sech den laangen Wee an den 30cm déiwen Schnéi tesselen, dofir gesäit een dat wahrscheinlech net sou oft... tongue

Bei der drëtter ass et mer u sech gaang dat ganzt en bëssen méi surreal duerzestellen. An Venn ass einfach grousst Näischt. Hat op dem Schluck säin Kommentar hin en Crop probéiert, mee do ass den Bam mer dann se dominant dran. Géif et net och vläicht goen wann ech se en bëssen ofdäischteren dat am mëttelsten Deel nees méi Zeechnung ass? Dann géif se jo och net sou eidel wierken.
gogo 28.02.2013 - 00:28
Ech wees et net, misst daat selwer sou am lightroom& co gesinn wei daat op d bild giff wierken. Ech huelen un dass de also bei der 3ter virun allem (nierft dem surrealismus) eng ganz steril landschaft wolls oofbilden? A dem fall wier d'oofdaischteren vlait kontraproduktiv och stéiren (mech zumindest) zevill saachen am bild (obwuel baal naischt do ass).

Läit et um schneih? ech wees et net, mais ech gi mat der 3ter net spu richteg waarm. bigsmile

Mais nummer 3 huet einfach keng chance nierft 2 aaner super fotoen ze stoen.
jorsch 03.03.2013 - 09:02
Di éischt gefält mir och ganz gutt. Si ass ongewéinlech, gëtt awer gutt d'Stëmmung vum kale Wanterdag erëm, wou de Wand engem d'Schnéikristallen an d'Gesiicht ( an an d'Objektiv ) bléist.
Keup 05.04.2013 - 11:03
Déi 1st fannen ech top.
Metalbambi 05.04.2013 - 11:48
Wisou wonnert et mech net dat och dier déi besser gefält?
Keup 06.04.2013 - 12:57
Wahrscheinlech well se besser ass an du et selwer wees closed_eye
Nee déi 2t ass och mega mee déi ass mer bessen ze metteg geschnidden mee soss flott.

Déi 1st fesselt awer méi. Villeicht well ech zevill Fotoen mat Schneih an gudd Wieder gesin hun. Ech mengen dei motivéiert Fotographen waarden op den Schneihstuurm wann Knipser hier Camera schon botzen.

Metalbambi 06.04.2013 - 23:16
Mier gefält se och besser, mee dat schéngt jo awer net sou eng allgemeng Meenung ze sinn. Mee virun allem hues du en bëssen den selwechten Goût wéi ech. smile
Keup 07.04.2013 - 16:22
Jo ech mengen eisen Goût ass wierklech ähnlech. closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 361 Gäscht online