Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
All Fotoen an dëser Serie:
34664 Thumbnail
34665 Thumbnail
34666 Thumbnail
Fénken
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.02.2013
  • Gekuckt:
    11056
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Originaldatum:
    22.02.2013
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
    AF-S 200-400mm f/4G ED VR II
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=70778]
Kommentar vum Fotograf:
Hei hun ech dann elo mol eng Kéier den 200-400mm ouni TC gebraucht, op enegm Stativ a mam VR off.

Di 2 Dëstelfénken (Foto 1 an 2) si gecroped.
N° 1 ass mat der D700 gemaach an nodréigléch op DX-Format am Computer gecroped. Distanz zum Villchen: ± 3 Meter
N° 2 ass mat der D5100 (DX 16 mpx) gemaach an mat ± 1.3 Facteur gecroped. Distanz zum Villchen ±4,5 Meter
N° 3 Ass out off the Box mat der D5100 gemaach, net gecroped an och net nogeschärft oder soss wéi verännert. Just op 100 Px an der Breed verklengert an als .jpeg ofgespäichert.
Abacab 22.02.2013 - 17:53
Am Verglach mat dengen Biller mat TC ass en schonn en groussen Ennerscheed.
Di zwou Blenden déiste duerch den TC verléiers maachen schonns vill aus.
Fannen se allen 3 besser an dengem Objektiv entsprechend würdeg.
Bei Top Liichverhältnisser ass den Ennerscheed mat Secherheet net esou gravant, mee wéini hu mer déi schon hei bigsmile
Nicon07 22.02.2013 - 19:03
Dëse Wanter ob alle Fall nët... unhappy


Zum Objektiv muss ech dir recht gin. Ouni TC ass et séng Sue wärt. bigsmile
gi87 23.02.2013 - 17:55
Hm, also bei da Eichter heuste en onrouegen Bokeh wou een mengt eng Vibratioun hätt do dei Onrou Provozeiert, Detailmeisseg kinnt do och mei Dran sen, zummols bei 2 an 3 do fehlt et un Definitioun am Gefieder... Nees... Ech well net den Daiwel und Wand mollen mee souleuss froen Esh mesh op do net e Problem ewei Front Fokus oder selwer eppes mat da Schärft drun ass, well dei Eicht get ma schon gefill daste e Backfokus heus, normalerweis leit Schärft 1/3 vir an 2/3 hannen op dem Punkt wouste Scharf gestallt heus...an Op da Eichter ass de Boudem Scharf virdrun an sou just leit de Vulli nach an da Deiwtenschärft dran an awa verleiertste un Schärft an dengem Schärfteplang watse mei zum Enn geht... Vir soueng Optik misst vill mei dran sen wat schärft ungeht, Esh hat dat mam 500er vun Canon.... bissn vum Canon Service zereckkoum an dunn woret - gud...
Nicon07 23.02.2013 - 21:03
Oh Gianni! Wat's du schreifs, deed mir wéih, net well et méch géing blesseéieren (oder well ech keng Kritik verdroe géing), mais well et der Wouerecht entsprécht an ech ferm domadder rechne muss, den Objektiv schon no 14 Deeg mussen an d'Geschäft hannescht ze droe, fir datt et an de SAV vun Nikon geschéckt gëtt. Och wann ech bei der éischter Foto hei deen onscharfen Deel vum Buedem vir wech gecroped hun, ass et dach awer sou, datt de Bokeh net propper ass. Dobei hun ech de VR ausgemaach gehat. Et kann also just sin, datt et d'Vibratioun vum Spigel, deen zréckklappt, ass, déi een am Bokeh gesäit. Oder soll et awer sin, well ech den AF-C unhat an et iwwert dem Ausléisen zu enger Bewegung vum Focus komm ass? Oder ass et den ISO 1250 dee responsabel ass?

Hei mol d'EXIF vun der éischter Foto:
1/400 sec
f/4
ISO 1250
VR off
±0 IL
Zone AF multizone 51 points suivi 3D
AF-C
réglage précis AF activé

Lo kann ët natiirléch och sin, datt de Wénkel vum Stativ (Kamera op 1,5 Meter iwert dem Buedem) op de Fénk um Buedem durch déi net onbedingt propper Kichefënster der Schärft net grad förderléch ass. Soit! Ech warden op Sonn a besser Luucht, fir datt ech endléch och mol eng Kéier mat enger aanerer Blend wéi 4 a méi niddregen ISO-Werter knipse kann.

Ech soen dir op alle Fall ee décke Merci, datt mäin Objektiv a méng Fotoen dir net egal sin, an datts du déch kritesch mat ménge Fotoen ausernee setz. Villäicht komme mir jo zesummen geschwënn hannert de Problem an da fanne mir och d'Léisung.

MbG Nico
gi87 24.02.2013 - 01:04
Nowend Nico, freet mesh dasste main Kommentar net negativ a Provozeierend ophells, kloer ass dat immens Frustrant wannste en Deiert aobjektiv keefs an Resultater sen vir dat Geld net besser als mat engem normalen Standart Objektiv...
Dei Objektiver, Superteleobjektiver ewei dein 200-400 f4 dei sen Gedeut vir op hierer openner Blend bedriwen zegin, dofir kaachten dei och e Vermeigen, dat ass dat selwecht wann esh en 2.8 kaafen an missten ofblenden op f5.6 dassen dann mol Akzeptabel Scharf wier.. soit..
Du schwetz hei dei Iso 1250 un, no mengem Kentnisstand wor an deier Generatioun vun Sensoren ereicht e Banding vun Pixel op 3200 oder 6400 Iso visibel vir Rauschen ze minimeiren, wat awa dozou gefeiert heut dass Reng Detailer platt gewalzt gin sen.. also gief Ech Schold vun deenen Iso 1250 hei ausschleissen !
Bon en 1/400tel bei souenger Optik mam VR op Off ass schon e bessen Riskant, Esh wees net opste mat engem Fernausleiser ausgelies heus oder net, mee schon alleng op den Ausleiser drop ze klicken kann deur goen dass eng Kleng Vibratioun ensteht och un engem Stativ... Eng kleng Vibratioun un engem Weitwenkel verkrafste besser ewei op engem langen Tele, well e Milimeter vertikalen Verwkler op souvill Meter kennen dono schon 3 oder 5 Millimeter ausmachen an Reng Detailer ewei e Plumage sen direkt dann Verschwommen an zersteiert...
Deng Blend F4 ass bei dem Objektiv vun Bildzentrum bis Bildrand komplett Scharf, deng Deiwteschärf henkt vun da Distanz zum Sujet of, wat dain Sujet mei no ass, wat deng Deiwteschärf just esou Grous ass ewei eng Messerspetz.. mee bon hei asse Visible an trotzdem Fehlt ei vill un Perfekter Schärft...bon hei gief Ech ewei schon geschriewen mol vun engem Backfokus ausgoen wou de Fokus net korrekt um Sujet Leit...Bon mam 3D Tracking leefste Gefor dasste de Sujet am Fokus behäls awa ewei Prezies dat beim D700 ass wees Ech net, vlait e groussen Sujet ewei e Sportler ass do keen Problem awa e klengen Vull dat ass schon schweier vir Perfekt Schärft op D'Ae ze leen, hei gief Ech da uroden mat engem AF Punkt am Oneshot ze schaffen, also ouni Tracking...
Bon wanste mat Glas deurch Glas Fotografeierts besteht just Gefor dasste un Kontrast verleiers... Bon dei Beschten Ofbildungsleechtung erhälste wann dein Sujet perpenduculaire zum Sensor Fotografeiert get, Du sees deng Kamer wor am Wenkel, wat zu engem Tilt&Shift Effekt feiert well dei Schärfte Plang gekippt am Raum leit, dodeurch ass och hei eng Grouss Partie vum Beuden an da Deiwteschärft dran...
Ech gief Virschloen test deng Optik mol enkei andemste da peur Batterien op engem Dech opstells an enger Rei nierwendennen an an da Deiwt versaat, an dann Kamera op Stativ an dann Fotografeierste dei mol off, an dann gesaiste op de Sujet am Fokus leit an ordentlech Scharf ass, dann kanste schon mol de Back an Frontfokus ausschleissen... dann dei Sach mat da Verschlosszeit am Beschten e MINIMUM vun Brennweitlengt als Verschlosszait notzen, am beschten senn awa 1/1250tel, och super vir Sujeen an bewegung festzehaalen.. bei Sujeen op keurzer Diatanz kannste Blend mei zou machen vir mei Deiwteschärf ze erhaalen, de VR op On lossen, de Vr man Ech just aus bei Sujeen am Tracking op schnellen Verschlosszaiten well de VR soss bei da Scharfstellung Bildaprangen leist an produzeiert dann Onschärft, awa dat just bei net Statechen Sujeen am mam 3D-Af..
Du sees de Spiegel kinnt och de Schellegen sen, Ech wees de Canon 1Dmk4 hat dee Problem dass den e festen Spiegelschloo hat den net super gedämpft wor an dodeurch vill Onschärft produzeiert hat, dem sen Ech mat mei groussen Verachlosszaiten entgeintgetreuden, an dat hat geklappt..
Bon Ech gief et och nachemol bei gudem Wieder testen, awa och bei schlechtem Wieder musset klappen, well en 200-400 ass io awa schon Profogeschir an ass dofir Konzepteiert gin... Kuck dem Abacab seng Biller mam 600er, dat fonktioneiert och bei dem Wieder, an deng Schärft misst ouni Konverter un de 600er vum Abacab drunkommen...

Hoffen Dass e bessen Afahrung an Emgang dozou feieren dass sech Resultater verbesser werten, soss helleft just nach Kamera an Objektiv zum Nikonservice ze scheken an eng Feinjustage unzefrien, dass Optik optimal op de Boiter kalibreiert get, dono missdet goen... E Bekannten hat wini nach e Problem mat sengem D800 an sengem 600er, nix mei richteg scharf vun haut ob meur, dono heut nees alles geklappt wouen et zereck krutt...An bei sou sachen Leit de Problem un Toleranz Problemer an da Endkontroll an da Fabreck...

P.S. wann Schreiffehler dran sen dann kendet well Ech um IPad schreiwen an Ech mech seier do vertippen dauernd bigsmile

MbG

Gianni
Nicon07 24.02.2013 - 11:12
Merci fir däi ausféierléche Kommentar, Gianni. Do sin zwar ganz vill Saachen dran, déi ech am Prinzip scho weess, mais dat ass guer kee Problem, fir méch nach eemol drun ze erënneren. An an engems sin déi manner erfuere Useren hei, déi och séch hirt d'Wëssen iwwert d'Technik vun der Fotografie an iwwert di elementar Regele vun der Optik schlaumaache kënnen, och servéiert. Ech weess wouvunn ech schwätzen, berufsbedingt hun ech jo all Daag mat sou Fäll ze di, wou Leit eppes, wat se eigentléch wësse sollten, oder missten, net méi opruffbereed hun, an ech dann méng "Guillotine" mat der rouder Tënt drann, aktivéiere muss... bigsmile

Wann s du schreifs, datt ee Kolleg huet misse suwuel séng D800 wéi och d'D600 an de SAV schécke fir ze ajustéieren, da stellen ech mir awer Froen, iwwert déi Marque mam gielen Halsband... unhappy . Mais dat kéint méch awer och irgendwéi be(on)rouechen. No bal 80 000 Ausléisungen an net grad 5 Joer hun ech d'Gefill, wéi wa méng D700 "un der Pensioun géing schaffen", well ech bei egal wéi engem Wieder (suguer bei voller Sonn a mat starke Kontraster) dem 51-Sensor AF-Modus ganz dacks net traue kann, well hien net méi scharf stellt, resp. well e suguer bei engem Objektiv, wéi dem 50mm f/1.4, pompelt fir da guer net auszeléisen. Sou datt ech schon um Punkt war, fir d'D700 anzeschécke fir een Check. (Mais da kënnt deen übléche Saatz: "Oh, eng Reparatur gëtt deier, an alleng schon den Devis kascht 150 Teuro. Do géif mir awer iwwerleeën, ob ech net een neie Boîtier géing mir uschaafen... " An dofir hun ech präventiv mir eng D600 bestallt, déi ech lo an deenen nächsten Deeg wärt geliwwert kréien. Ob de Risiko hin, datt ech do Problemer mat Dreck um Sensor kréien... (mais dat ass och bei der D700 schon ee Problem gewiescht, do huet just nii ee gemault)...

Also: Testphase geet weider...

A wéi's du ganz richteg schreifs: Et muss ee mol léiere, mat sou enger Optik ëmzegoen, et ass net sou einfach, wéi mat engem 24-70mm oder engem 50mm. ±4 Kilo musse mol gepackt gin. A ee Verwackeler vun engem Milimeter un der Kamera si gären e puer Zentimeter um Sujet, deen an der Distanz fotograféiert gët.


Schreiffeeler gehéieren zu iPad an iPhone derzou. Genau wéi zu den normale Computertastaturen. Also: Don't worry. Wéi heescht et sou schéin: Wien ee Schreiffeeler fënnt, dierf e behaalen! smile

Ee schéine Sonndeg am Neischnéi!

Nico
gi87 24.02.2013 - 14:02
Nico, bei Nikon sollen dei Sachen manner virkommen ewei bei Canon, an kennen da och vill mei dei dat bei Canon hatten als bei Nikon.. Bon wann deng D700 schon 5 Joer heut, da kannet sen dass de Spiegel net mei 100% am 45 Gradwenkel ass an soumader de Mirroir-Secondaire dommader och net mei den Projektioun vum Sujet zum AF modul mecht an dann ensteht eng Fehlfokusseierung, opweulet am Viseur Gud a Scharf ausgesait smile Reparatioun ass soueng sach wannet ausser da Garantie ass, bon 150€ vir just en Devis as schon gesalzt..Den D600 ass wiekleg PreislechLeechtung dat becht wat een momentan bei Nikon kanns kreien, bon de Problem mam Stepps dat ass enerscheedlech, kennen een den heutse an deen hat geur keen Stepps dran, an den wor awa skeptech deurch dat wat hien gelies hat beim Kaaf... Bon den D800 vir och eng Optioun gewicht, well do giefste den Telekonverter quasi net mei gebrauchen smile
Wann gud Wieder ass kann een sech dat alles enkeia jo um Terrain enkeia ukuken smile Jo 4 kg ass net esou liicht ze händlen :D, mam 600er (3,9 kg ) an dem 1Dx (1.2 kg ) do wees een wouhier de Muskelkater obemol hier kennet :D

Merci gleichfalls, an hoffen ma dasset geschwenn frdeg ass dat Wieder smile

A

Gianni

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 488 Gäscht online