Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

De Fuuss ...

 
De Fuuss ...
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (19.01.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.01.2013
  • Gekuckt:
    4763
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    400 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x602
  • Späicherplaz:
    189 KB
  • Originaldatum:
    2013:01:18
  • Fotoapparat:
    NIKON D3
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=70004]
Kommentar vum Fotograf:
... op der Sich no Fudder um zougefruerene Weier.
Jean-Jos 19.01.2013 - 14:53
An en huet dech dobäi am Aen, wéi et schéngt...
Ganz flott, wéi's d'eis de Fuuss hei präsentéiers (eventuell uewen a lénks e bësse manner?)
jps 19.01.2013 - 15:14
Merci Jean-Paul,
en ass e puer Mol laanschtgelaf an huet ëmmer eriwer gekuckt. Awer kaum wéinst e puer ënnekillten Fotografen, en hat warscheinlech eppes méi interessantes erbléckt closed_eye
Ech wollt d'Bild op zwou Seiten donkel ofschléissen an et an der Laf- an Bléckrichtung oploossen, hun se awer emol e bessen méi enk cadréiert an nei eropgelueden.
BigVood 19.01.2013 - 15:03
Gléckwonsch!
War de Moien och op der Sich nom Fuuss am Schnéi. Hunn en awer nëmmen op 300m iwwert d'Wiss lafe gesinn unhappy
jps 19.01.2013 - 15:19
Merci Laurent,
Fir mam 400 mm war en och schon weit ewech an ech hun zimléck vill misse croppen unhappy
Gëschter war Klappjuëgt op d'Wëllschwein zu Remerschen, an duerfir ass de Fuuss eis warscheinlech op déi eenzeg Platz besiche komm wou nët huet dirfen geschoss gin closed_eye
BigVood 19.01.2013 - 15:37
Ech hat gëschter een doudegt Wëllschwäin fond. Wor de Moien du usetzen: de Fuuss war och do, ass awer leider an déi falsch Richtung fortgaang: do wou ech souz, si masseg Agäng an der Géigend. Leider hat ech kee Gléck. unhappy
jps 19.01.2013 - 16:18
D'Jeeër schéngen nët alles erëmfond ze hun wat se geschoss hun. Loosse mer just hoffen dass déi aner Déieren d'Kadaveren "entsuergt" hun ier et erëm méi warm gët.

!Dës Foto ass net méi am System!
icylady 19.01.2013 - 16:06
eng schéin Opnahm, gefällt mir gudd smile
ass een schéint Déier, sou een Fuusss
jps 19.01.2013 - 16:19
Merci Icylady smile
Ferdl 23.01.2013 - 21:01
Ganz denger Meenung! smile
jps 24.01.2013 - 12:58
Merci Ferdl smile
mischii 19.01.2013 - 20:10
schéin en sou virun d'Lëns ze kréien,
hei laafen se nuets direkt laanscht meng Diir
jps 20.01.2013 - 11:03
Merci Michèle,
de Mueren ass een bei eis duerch d'Wiss getrëtonguepelt. ech hat awer leider d'Knips nët prett unhappy
Jeanny 20.01.2013 - 06:28
den Honger dreift de Wollef aus dem Bëschsmile hei de Fuuss op Eissmile
eng ganz schéin Foto vum Fuuss am Schnei
jps 20.01.2013 - 11:09
Merci Jeanny,
se kommen elo och bis bei d'Heiser fir eppes ze fannen fir ze friessen.
Jeanny 20.01.2013 - 14:37
lescht Joer sinn se och bei eise Noper komm, jo den Honger ass eppes béises
jps 20.01.2013 - 16:13
Duuscht ass nach vill méi schlëmm bigsmile
Ferdl 23.01.2013 - 21:00
Bei eis dreiwt sech och e Réinert ëm d'Häiser, mee en ass "fotoschei" unhappy
jps 24.01.2013 - 12:58
Se gin ëmmer méi zoutraulech, mee leider huet een dann meeschtens de Fotoapparat nët prett.
Schluck 21.01.2013 - 15:10
Arghh .. ee scheint Motiv . den Renert am Schnéi ... schued dass de do hues sou vill missen croppen ... wann do d'Quali géif stëmmen wier dat do een immens scheint Bild
jps 21.01.2013 - 16:41
Merci Schluck, leider fehlen mer e puer Centime(ter) fir en 600 mm unhappy

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Machu Picchu

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: rosch-m
Am Ganzen: 3693
4 Benotzer an 197 Gäscht online