Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Op Wonsch..

Op Wonsch..
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.12.2012
  • Gekuckt:
    21327
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    1/180 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    18 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
    0.3 EV
  • Gréisst:
    1199x400
  • Späicherplaz:
    453 KB
  • Originaldatum:
    Dezember 2012
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Panorama  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69526]
Kommentar vum Fotograf:
..vun e puer Leit wou mir geroden hun d'Bild vum Foossenhaff am Panoramaformat ze probéieren hun ech daat elo gemach a wolt ët dann och hei weisen. D'Bildwirkung as hei natierlech ganz aneschters.

Merci fir d'Propose.
Jeanny 31.12.2012 - 07:37
esou schéngt e vill mäi no ze sinn, de Wäit, dat verlueren am Foto feelt.
hunn se mol derniewent gesat da kann e besser vergläichensmile
Um Foossenhaff
marker 31.12.2012 - 20:00
..jo, d'Bild as ee ganz anert an de Raum geet verluer, mais allebéid hun se ëtonguepes...
Merci un dech Jeanny fir de Verglach.
mischii 31.12.2012 - 08:55
mir gefällt et besser esou, a klicken muss een onbedengt
marker 31.12.2012 - 20:02
..ët freet mech dat d'Bild dir gefällt, esou kënnt da jiddereen zu sengem.
Merci un dech Michèle
Scyv76 31.12.2012 - 09:16
Also mir gefällt déi aaner versioun besser wéi des...et get méi Déift an d'Foto well d'Béem hannen méi wéit ewech wiirken.
marker 31.12.2012 - 20:06
Voilà, jidderengem säi point de vue, du hues Recht, am 2 zu 3 Format as méi Raum a méi Déift. Merci fir däi Feedback Scyv76
p-foto 31.12.2012 - 09:50
En gudden Kilometer vun menger aaler Heemecht wech !
Flott Foto!
marker 31.12.2012 - 20:10
Merci p-foto, as och e flotten Eck do 'uawen', war lang dingschtlech am Éisleck.
Schluck 31.12.2012 - 10:15
Cool dass de dës Versioun och drop gesaat hues, ech fannen déi zwou sinn baal nët méi ze vergléichen wëll effektiv d'Wierkung eng ganz anner ass.

Um Foossenhaff


Héi geet den Bléck iwwert den Wee ob den Haaf an dann erop an den Himmel an verléiert sech do am gët dem Bild dat verlourent wat d'Jeanny och beschreift. Déi Beem hannen ob der lénker Säit faalen guer nët op.

Op Wonsch..


Héi geet den Bléck och iwwert den Wee ob den Haaf an dann awer nët am Himmel verluer mais wéider an duerch d'Bild am Bou ob déi Beem hannen lenks.


Wat engem lo besser gefällt ass Affaire de Gout, ech perséinlech fannen déi am Pano een Tick besser wëll den Bléck vum Betruechter am Bild gehaalen gët. Ech fannen dat héi ee super Béispill fir ze weisen wéi een duerch déi zwee verschidden Kadragen eng ganz anner Wierkung kritt.
marker 31.12.2012 - 20:14
Besser kann een ët net beschreiwen, dofir loossen ech daat och elo hei, a spriéchen Dir dofir awer e grousse MERCI aus Schluck, an en plus och wéinst denger Uregung se am Panoramaformat ze probéieren.
Abacab 31.12.2012 - 10:50
Fannen di zwou Versiounen flott.
Wann ech eng vun deenen zwee géif an Stuff hänken, géif ech mech fir déi am Panoramaformat entscheeden.
marker 31.12.2012 - 20:16
Merci fir deng Appreciatioun Abacab, ët as ëmmer flott verschidden Meenungen ze héieren.
jorsch 31.12.2012 - 15:07
Och schéin, awer mir huet de bloen Himmel op der éischter gutt gefall: D'Landschaft wierkt dann nach méi grouss an oppen.
marker 31.12.2012 - 20:33
Ét war e Versuch wärt, a béid Varianten soen ëtonguepes aus. Ech hun se och allebéid geprint, an um Pabeier gesäit dat Ganzt alt neess aneschters aus wéi um Ecran!!!
E Merci un dech jorsch fir deng Meenung heizou.
rabbit 31.12.2012 - 17:51
schéin Pano, an gut geschnidden, ass dat an der Géigend vam Lausdorn?
marker 31.12.2012 - 20:23
Merci rabbit. Yep, praktesch vis-à-vis vam Lausdorn, um Feldwee ''Foossenhaff'' fir op d'Haaptstrooss Richtung Lieler.
gemu 01.01.2013 - 10:26
Fannen se allen zwou flott, ech hun eng Preferenz fir déi éischt op 2/3 Format, wëll do ass méi Déift an dee schéinen bloen Himmel geet verluer, dat hëlt dem Bild e bessi vun enger gewëssen Verdreemtheet.
marker 01.01.2013 - 10:50
Ahh, deen éischten Comment fir 2013. Da wënschen ech dir emol fir d'alleréischt all Guddes am neie Joer, a mach weider esou mat flotte Biller.
Ech gesinn dat d'Bild wéi ët meng Virstellung war, a wéi ech ët am 'originalen' opgehol hun besser ukënnt bei de Leit.
Merci gemu fir deng Appreciation.
gemu 01.01.2013 - 12:41
Merci gläichfalls, wënschen dir och een schéint neit Joer mat villen flotten Motiver :-=
gi87 01.01.2013 - 13:15
Herrlech dei Doten, gefällt ma besser am Pano, ewei dei anner !
marker 02.01.2013 - 20:50
Merci villmols gi87, daat freet mech wann och dës Versoin gefällt.
ToPo 03.01.2013 - 22:48
Herrlech Foto, alles passt Cadrage, Sujet, Format an enger wonnerbar Liichtstëmmung! smile
marker 04.01.2013 - 19:55
Merci beaucoup ToPo, daat freet mech natierlech ze liesen.
ToPo 07.01.2013 - 23:08
Gaer geschitt! Ass wirklech eng immens Foto!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 306 Gäscht online