Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Sumpfmeise

 
Sumpfmeise
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (24.12.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.12.2012
  • Gekuckt:
    15659
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    1/1000 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    600 mm
  • ISO:
    3200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x761
  • Späicherplaz:
    400 KB
  • Originaldatum:
    16.12.12
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    Canon EF 300mm f/2.8L IS II USM/Canon Extender EF 2x III
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69188]
Kommentar vum Fotograf:
Ech war haut och emol
als Vulleknippser ënnerwee :)
Des Foto ass de 24.12.2012 liicht verbessert gin!
Abacab 16.12.2012 - 20:20
Oooh Martine, ass d'Inkubatiounszäit elo erriwer?
Kee Wonner, wann een sech esou no bei engem Virusträger ophält bigsmile
Deng Sumpfmeise ass der super gelongen!
Kadrage, Bildopbau, Schärft asw.. Top!
MR 16.12.2012 - 20:37
Merci Marcsmile
Jo , den Virus ass extrem ustiechend.
Ech war gewarnt gin , mee konnt et net loossenclosed_eye
Nee lo am Eescht , wollt mol probéieren op
ech och eng anstänneg Vullefoto hinkréienbigsmile
hardae 16.12.2012 - 20:54
A Martine, ech gesinn du bass elo och ugestach, an dat fotograféiert mat top Material.
Deng Gro Mees hues du flott erwëscht. smile
MR 16.12.2012 - 20:59
Merci Harrysmile
freet mech wann se dir gefält,
krut dat Top Material just geléintunhappy
fir op den Goût ze kommenclosed_eye
gi87 16.12.2012 - 20:54
Wat ass dei flott ! Schein festgehaalen smile
MR 16.12.2012 - 21:02
Zweefachen MERCI Giannibigsmilebigsmile
Hun geduecht et wier eng flott
Ofwiesselung zu mengen Drëpsenbillersmile
gi87 16.12.2012 - 21:13
Esh fannen et eng Gud Idee, zumolls well Dir zwee och dei Richteg Lensen dofir hud, do mescht dat emsou mei Spass.
Esh selwer hat am Ufank vill Fotografie gemach am Nightlife, dun Architekture, Macroen an schlussendlech sen Esh dun bei da Vullenfotografie gelandet bigsmile Muss een halt ofwiesslung e bessen hun, soss kannet obemol langweileg gin, an esou heut een Possibiliteien nei Bereicher ze entdecken, vill iwert de Fotografeierten Sujeet dobei ze leieren, wat emmen kann Positiv sen smile
Freen mesh schon op weider Biller, hehe wann esh geschwenn meng Staatsaffäre mat Canon France hannert ma hun dann kann esh och nees weider Vullen knippsen goen bigsmile
MR 16.12.2012 - 21:25
Jo gläich hun ech Congé cool,
dann konzentréieren ech mech
op Vulleknippsereibigsmile
gi87 17.12.2012 - 00:43
bigsmile naja Esh hun nach e peur Deeg, an mat ebessen chance hun esh och meng Ausrüstung vir nexten Freideg zereck bigsmile Mol gespannt wat en nach alles esou virun Lens wert kreien closed_eye
Conley 16.12.2012 - 22:48
Ganz schéin di doten, an du bass dann och vum Virus Infizéiert ginn....wärt mir dann och en kéier geschéien. Nach besser wier se wann's de Sumpfmeise horizontal Spigelt géings. An wann nach Platz an Bléckrichtung do ass hir en bëssen méi Aussiicht géings gënnen......Ass nëmmen gutt gemengten.....well fir deng éischt hei ass di schonn wierklech gutt..MR. smile
MR 17.12.2012 - 04:36
Merci Conleysmiledat freet mech
Mam Cadrage gin ech dir recht.
An d'Bléckrichtung hat ech och nach
Platz ,awer mat lauter Äscht, déi mech
gestéiert hun.
Charly_Ente 16.12.2012 - 23:35
YEAH an nach en Vullenknipser... freet mech bigsmile
an eng gelongen Foto ass et och nach gin! closed_eye
(ech) hätt der Meischen mei Plaatz gin fier zekuken smile
MR 17.12.2012 - 04:41
Merci Charlybigsmile
wollt mol eppes Neies probéieren
Den nächsten Villchen kritt och
méi Platz fir ze kuckenclosed_eye
Charly_Ente 17.12.2012 - 18:59
yuhuuu bigsmile dann sin ech gespannt wat et get closed_eye
Jacques 17.12.2012 - 05:49
Daat freet mech elo awer dass du daat och probeierstsmile, do kann een Erfahrungen sammelen an et get een erausgefuedert.
Ech fannen se ganz schéin an d'Schärft ass och gudd!
(Et geseit besser aus wann den Villchen no riets kuckt, an versichen wann et meiglech ass, him e bessen méi Freiraum ze gin do wou heen hinkuckt)
MR 17.12.2012 - 05:59
Merci Jacquessmile
Mat den Drëpsenbiller gin mir esou
lues Ideen aus ,fir Makroen muss
een sech nach bessen gedëllegen
duerfir mengen ech Vulleknippsen
kéint och Spaass machensmile
Den nächsten Villchen kuckt dann no
riets an kritt méi Platz fir ze kuckenclosed_eye
mee bei dëser Foto war alles voller
Äscht déi gestéiert hätten.
Jacques 17.12.2012 - 06:06
Do wees jo dass ech och léiwer Makroen machenclosed_eye
Et ass net einfach, an et ass mär och schon virkomm dass den Villchen top augesin huet mee dann woaren erem déi blöd Aescht déi gesteiert hun.
Ech wenschen der vill Spass an Ervollesch an du wärs gesin et fänkt un wirklech Spaass ze machensmile
MR 17.12.2012 - 06:14
Merci Jacquessmile
Beschäftegen mech lo mol nach méi
intensiv mam PS,
dann kann een och schon villes
verbesserensmile
gemu 17.12.2012 - 13:09
Flott Opnaam, schéin Schärft um Aan an douce Bokeh. Wann een esou virusuffälleg Matérial huet ass et keen Wonner wann een en iergend erwëscht smile
MR 17.12.2012 - 13:16
Merci Georgessmile
Du sees et ,an d'Knipsen mëscht
mir emmer méi Spaassbigsmile
BlackLizzard 17.12.2012 - 18:35
Eng schéin Opnahm.

Dat ass wuel de Cousin vun dem hei .
!Dës Foto ass net méi am System!
MR 17.12.2012 - 19:42
Merci BlackLizzardsmile
Jo do kanns de recht hun,
déi gesin sech zum Verwiesselen
ähnlechclosed_eye
Schluck 23.12.2012 - 03:28
5D Mark II ?? 1 D X!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 391 Gäscht online