Merci Schluck,
Ech probéieren eng gewësse Schärft am Bild ze behaalen, doduerch datt ech vun denen 2s Beliichtung ongeféier 2/3 ouni Bewegung an den aneren 1/3 eng vertikal Bewegung mat der Kamera machen.
D'Resultat hängt emmer vill vun der Plaz an der Luucht of, déi grad do ass; hei haat ech Chance, datt déi nach giel Blieder vun de Biirken vun der Sonn beliicht waren.
Vun esou Essai'en gin der awer och meeschtens vill an d'Poubelle...Virdeel vun der Digitalfotografie.
Ah ok ... fir d'eischt roueg haalen an dann ee weineg Bewegung.. ok .. och fir esou een Zoomeffekt ze machen .. hunn dat eng kéier probéiert an dat woar guer näischt ginn. Merci ob allen Fall fir d'Explikatioun
Jo, genee: et ass iwwregens mat 99% Sécherheet deselwechte Besch !
Ausser datt de jorsch eng aner Technik uwend fir seng Konschtwierker ze machen, waren seng Biirken och nach méi schéi Wäiss - déi waren bei mir leider ganz am Schied !