Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

London in November

London in November
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.11.2012
  • Gekuckt:
    54537
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    49
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f/2
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    280
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    1150x768
  • Späicherplaz:
    458 KB
  • Originaldatum:
    2012:11:13 21:59:46
  • Fotoapparat:
    NIKON D800E
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Nikon 35mm 1,4G
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=68347]
Kommentar vum Fotograf:
Hei nees eng vun méngem Minitripp op London.
VeloBen 13.11.2012 - 22:09
Sehr schön ! Esou richteg oldschool !
Keup 13.11.2012 - 22:26
oldschool war mein Ziel closed_eye
VeloBen 15.11.2012 - 22:53
An wees de waat mer nach gefällt ?

Et kann een net erausfannen opp déi Foto an den 50er, 60er Joeren oder eben 2012 geknippst gouf. Keng erkennbar Referenz un d'Joer 2012. Den typeschen London Taxi dréit vill zu der nostalgischer Stemmung bei.

Also fier een Schnappschoss : GENIAL !
Keup 17.11.2012 - 11:45
Majo ech wollt Veraarbechtung vun der Photo esou halen daess et iergendwéi analog soll wierken.

Merci VeloBen
VeloBen 26.11.2012 - 19:17
Ech gin Enn Dezember och opp London. Deng Fotoen maachen Appetit! Hues de puer gutt Tipps ?
dentom 13.11.2012 - 22:21
Gefällt mer excellent
Keup 13.11.2012 - 22:26
TY closed_eye
Jean-Jos 13.11.2012 - 23:24
Great pic, Yves, immens flott verschafft.
Keup 15.11.2012 - 00:52
Freet mech wann der mein Retro-Style gefällt. closed_eye
Jean-Jos 19.11.2012 - 09:04
Félicitatioun zur Wochefoto, dat war fir mech kloer smile
Keup 19.11.2012 - 20:45
fir mech net awer sinn déck frou driwwer closed_eye
Northeric 14.11.2012 - 04:34
Gefaellt mer immens gudd, conveys a genuine British sentiment.
Keup 15.11.2012 - 00:52
Merci Northeric closed_eye
Jeanny 14.11.2012 - 06:20
eng wonnerbar Foto, an herrlech verschafft
Keup 15.11.2012 - 00:51
TY Jeanny
ZerberuZ 14.11.2012 - 08:55
herrlesch dei doen !
Keup 15.11.2012 - 00:53
Merci closed_eye
lupus1701 14.11.2012 - 09:18
et deet mer Leed dann elo hei eng richteg Kritik mussen un ze bréengen, ma den Himmel ass ze vill iwwerstrahlt an ouni Zeechnung. D'Aaen ginn vun deem wäisse Punkt ugezun a lenke komplett vum Conetnu oof.
Sorry.
ZerberuZ 14.11.2012 - 18:34
Ass schon net falsch deng kritik, mais menger meenung no get bild doduerch schein gedeelt an et huet een direkt 2 sujeten dei sech eigentlech beweegen dran, lenks den mann an riets den taxi. an daat mecht bild fier mech richteg interessant.
VeloBen 14.11.2012 - 20:10
dito!
Metalbambi 14.11.2012 - 22:08
...an d'gëtt däer ganzer Foto den stäerken Kontrast, ouni deen géif ech se net sou interessant fannen!
Keup 15.11.2012 - 00:48
lupus1701 et muss der net leed doen. Also ech wollt bei dëser Foto onbedéngt den Moment vun deem Typ deen aus dem Taxi eraus geklomm ass mam Taxi drop afänken. Et war zimlech staark Géigenzuch well d'Sonn houng schonn déif. Do gouf et fir mech dann nëmmen eng Léisung an dat war Spot-Beliichtungsmiessung op den Herr mam Mantel an hoffen dass den Recht net ze schlëmm Iwwerbeliicht ass. En Apparat mat souvill Dynamik fir den Himmel ze retten gëtt et mengen ech nach net. Ech hunn d'Foto duerno gekuckt an ech ginn nees genau sou geblennt wei an Wierklechkeet an dat fannen ech eben interessant well dat war jo mäin Ziel eng Erënnerung sou fest ze halen wei ech et deen Moment erlieft hunn.

Merci awer fir den Komment
Keup 15.11.2012 - 00:49
TY ZeberuZ, VeloBen an Metalbambi fir är Ennerstetzung closed_eye
ZerberuZ 15.11.2012 - 12:21
smile
jorsch 15.11.2012 - 20:15
Very british - very nice!

Den iwwerstralten Himmel stéiert mech hei elo net esou, et huet een doduerch nach méi den Androck vun enger schneller Momentopnahm, enger Impressioun an der Hektik.
Keup 17.11.2012 - 11:43
Merci jorsch.
Freet mech dass de dat genau sou erkenns wei ech et wollt eriwwer bréngen.
gemu 18.11.2012 - 11:01
Zäitloss schéin, typesch London den cab an den coat
Keup 18.11.2012 - 20:48
Ty gemu
gloda 18.11.2012 - 17:36
Eng cool Street Foto, matzen dran, gëtt mer e bëssen e London Feeling an et gesäit een d'Bewegung vun der Stad ouni dass eng Persoun eleng sech als Sujet opdrängt.
Keup 18.11.2012 - 20:48
Merci gloda. Freet mech dass se der gefält.
gemu 19.11.2012 - 06:30
Gratulatiounen fir d'Wochefoto, ass super
Keup 19.11.2012 - 15:11
ty gemu
mOnsterbUg 19.11.2012 - 09:14
ganz genau esou ass London!
Keup 19.11.2012 - 15:11
Merci mOnsterbUg closed_eye))
Houll-art 19.11.2012 - 12:10
Gratulatioun Keup, Eng foto déi mir an der Galerie net opgefall ass.
Flotte Street!!
Keup 19.11.2012 - 15:10
Ty Digital-Art closed_eye
Sutebe 19.11.2012 - 14:37
Schleissen mech un.. an de galerie haat ech se och verpasst.. mee am voting haat ech se erbleckst an och meng stemm gin... smile

gefeahlt me super an wier 100 prozentesch wann se riets en steck manner um auto wier...
Keup 19.11.2012 - 15:10
Merci Sutebe closed_eye

Ech hun laang gezweifelt op ech riets soll eppes ewech schneiden mee hun mech net getraut closed_eye
Keup 19.11.2012 - 15:13
Ech soen all deenen Merci déi fir mech gevote hun.

Freen mech deck iwert d'Wochenfoto. closed_eye

(Ech hat schon gefart ech géing et ni mei packen)
endorphine 19.11.2012 - 20:17
wooow!
Keup 19.11.2012 - 20:47
closed_eye TY
Schluck 19.11.2012 - 20:58
Congrats och nach vun mier fir d'Wochenfoto, déi hat ech och guer net matkritt
Keup 19.11.2012 - 21:01
Haaptsaach du hues se elo nach gesinn. TY closed_eye
Schluck 19.11.2012 - 21:04
bigsmile Woar lo nët méi ze verpassen closed_eye
Keup 20.11.2012 - 22:05
Egal schéin dass de luussen komm bass closed_eye
ZerberuZ 19.11.2012 - 21:21
och vun mir gratulatiounen bigsmile ass verdingt !
Keup 20.11.2012 - 22:06
hunn hard gekämpft closed_eye
Gaga 26.11.2012 - 11:08
super street, eng Foto dei einfach emrappt, net well se en WoW Effekt huet, mais well een se eng Stonn kann kucken an nach emmer Sachen fennt an anescht gesait ... extrem Ausdrockstark ...
Keup 26.11.2012 - 14:54
Hey merci Gaga,
freet mech wann ech et faerdeg bruet hun dein Bléck en bessen ze fesselen.

closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 348 Gäscht online