Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Ee Gringen

All Fotoen an dëser Serie:
32366 Thumbnail
32367 Thumbnail
Ee Gringen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.11.2012
  • Gekuckt:
    9801
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    NikON D700
  • Objektiv:
    AF-S 70-200mm f/2,8
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:
Telekonverter

Fir anzesetzen: [pg_img=68335]
Kommentar vum Fotograf:
Vu datt ech méch mat 70-200mm plus 2X Konverter ploen fir d'Villercher am Noper sénger Heck, déi op mol net 5 Meter vu ménger Bürosfënster ewech steet ze fotograféieren, déi dann nach "mikroskopesch" kleng ofgebild gin, hëllefen ech mir hei mat engem Trick: Ech vergréisseren d'Foto am onOne Perfect Resize op dat Duebelt an da cropen ech een Ausschnëtt, wou ee sou just nach net d'Gegrimmels vun de Pixele gesäit.
Jeanny 14.11.2012 - 06:05
dat geseet jo ganz gutt ass Nico,
lo brauchs de keent sou deiert Objektiv ze kafen.
muss dat och emol probéierensmile Merci fir den Tipp.
gi87 14.11.2012 - 07:21
Dat ass eng ganz gud Leisung, do problem ass dann bei sou sachen just Opleisung, well wann Esh eppes Fotografeieren wou Detailer schwach sen dann brengt engem dei solutioun naicht beim Vergreisseren, an et ass do nees wou Super-Teleobjektiven hierer Existenz gerecht gin, an beim Verglach därf een nie vergiessen dass ma hei e Zoomobjektiv mat enger Festbrennweit verglaichen.. Hat selwer och emmer gedeucht dolanscht ze kommen an ma emmer gesot, sou en Objektiv vir deen Preis kennt net an Tut, mee wann esh eng Optimal Bilqualiteit mat enger Konstanter Leechtung well hun, da kennt een net wiekleg dolanscht. Mee dat ass just meng Meenung smile
Jeanny 14.11.2012 - 08:43
jo, deng Meenung ass och richteg, awer de Präiser sinn einfach den Hummer,
gesi jo och well hei, wat fir eng Spillsaachen benotzt ginn, do ass e mat sengem 70-200 x 2, e Chrëschtkëndchen der géingt, an dach, ech denken dass ech mir ni sou eent kafe wäert. bleiwe menge Macro-Fotoen treismile
gi87 14.11.2012 - 12:49
Jo Praiser sin schon Astronomesh, mee muss een och bedenken dass dat heichwerteg Matrialien sen dei do Verschaft gin, an Joerlangen Ingeneering bedriwen get dass dei Objektien och dei Leechtung brengen.. Bon gin Alternativen e wei Sigma, oder halt Spigelteleobjektiven etc.. Mee bon leit halt dodrunner wat een Well, Qualiteit oder Speuren, an do man dei meecht de Fehler dasse sech 3-4 Lensen kaafen an nees verkafen bisse op en Deckt Objektiv sprangen... Hun selwer de Fehler gemach..
Nicon07 14.11.2012 - 16:37
Ganz richteg, Gianni. Et ass och bei mir manner eng Fro vu keng Sue wëllen ausgin. OK, wann ee séch fir dat selwécht geld schon ee klengen Occasiounsauto ka kaafen, dann iwwerleet een sech et e puer Mol. A wann ee weess, datt een a séngem Liewn och net all Daag 100 Vullefotoe mécht fir an engem ornithologesche Guide ze publizéieren, mais just alt Schaltjoer eemol sou eng Lëns an den Asaatz hëllt, dann dréit een de Rubel och méi dacks ëm. Dat ass eben ëmmer sou eng Saach. Well am Fong ass et einfach. Wann ee séch et erlaabe wëllt a kann, da setzt een séch all Mount 300-500€ op ee Spuerbuch an no annerhalwem bis 2 Joer huet een d'Suen zesummen. smile
gi87 14.11.2012 - 23:05
Dat ass wouer, esh selwer sen io och elo keen Ornithologe oder gewannen mein Geld mat Heig Qualitativen Fotoen, dat ass just vir de Spass, lo kan mir jidereen soen, jo deng Ausrüstung ass den Haut de gamme, brauchs Du dat dann wiekleg, dann soen Esh ganz einfach mol jo, esh verbrengen mei Zait um Büro ewei esh Zait hun vir Famill, oder Vir mein Hobby, an vun deier Wertvoller Zait well esh dann och net Eenzegarteg Momenter Versäumen, an dofir ass meng Ausrüstung och e Krack mei deier, anescht erem gesin, asse och genau op dat aussgeleucht wou de besoin leit, de boitier, halt vir de Outdoor, Schnellegkeet,Gud Iso, an Prezisen Af, an Optiken halt sen op meng Motiver aussgeleucht.. Kloer senet vill Suen, iwert dei och lang Iwerleucht get op en dei net Soll awa um Buch behaalen, oder an eppes aneschtes Investeieren, mee esh selwer hun halt just 1 Hobby, wou anner Leit halt am Porsche feuren (esh net ) oder e Moto nach hun, an esou Profiteieren esh dann halt vun mengem Material . Soen emmer Jiderengem senges smile Kloer bei deenen Praiser gedet keng anner Leisung ewei speuren smile wann esh gesin viviel Geld Esh schon an Optiken gestach hat bis esh schlusssendlech um decken Tele ukomm sen, dann hätt schon demols am fong net mei vill gefehlt smile Dan leiwer e bessen warden an dann dat heulen wat een vun viraus aus wiekleg brauch. Kloer wann een elo just emol all 4ten Mount 2 Biller domader mesht, dann ass sech Froh wiekleg ze stellen ob en net Falsch investeiert heut..smile
Nicon07 15.11.2012 - 08:52
Oder awer: ... wann een investéiert huet, dann ass ee méi motivéiert, fir net just all 4. Mount 2 Biller domader ze maachen, mais vläicht all 2. Mount 4 Biller ... oder nach méi. closed_eye

Eppes ass op alle Fall mol richteg: Lo ass et eng méi interessant Zäit fir op Vigelfotojuregd ze goe, wéi am Héichsummer, mais lo brauch ee liichtstark a gudd Optiken. Bei eitel Sonnenschein können sie's alle... Ech sin nämléch amgaange méch ze froen, ob ech lo net soll vu méngem fräie Moie profitéieren an op de Stau ze fueren, mais et ass ISO1600 Wieder... unhappy
gi87 15.11.2012 - 14:49
smile Dat ass och wouer, am Summer knippsen esh net gären well kontraster ze hart sen, dan leiwer moies oder geint da owes wann een e scheinen Goldegen Schimmer an de Biller well hun smile Dat mat den Iso'en ass zimlech Relativ, Fotografeierste eng Situatioun wouste dei Sujet immens Grous drop heus um Bild, dann steieren dei heig Isoen net, meeste awa eng Foto op Iso 1600, an dei sujet ass Immens Kleng Ofgebildet an du welles dann drann Cropen geon, dann heut een de Problem dass dat Rauschen immens Opfeld an halt Bildqualiteit beanflosst..
Hei e BSP: !Dës Foto ass net méi am System!
Wir deen net esou grous Ofgebildet gin, dann hätt esh kinten Foto Vergiessen.. Anwa konnt esh hei mat Iso 5000 knipsen. (hat am fong net opgepasst bigsmile )
Nicon07 14.11.2012 - 16:46
Dee Program ass ee bestanddeel vun enger Suite vu Filtere fir all méigléch Effekter déi do heescht onOne perfect Suite. Bei google agin a scho kënns du op hir Säit. Ech weess net, ob dee Programm och an aanere Sprooche wéi Englesch ze kréien ass, mais dat spillt am Fong keng Roll, well en funktionnéiert mat préfabrizéierte Filteren vun deenen een eng Viirschau huet. An de Resize huet ee menu, wou all gängech Gréissten och virgi sin. Mais, wéi den Gianni gscho richteg gewarnt huet: d'Ausgangsfoto muss impecc sin a wa méigléch net mat enger Knipse mat Daumennol groussem Sensor mat 12 openeegedruddelte megapixelen, wou d'Foto durch eng Lëns voller Onschärften an Aberratiounen gemaach ass. Soss gläicht d'resultat deem vun engem elektronesche Zoom op deen genannte Knipsen. Ech denke, mat dénger 5D MkII, déi jo d'office schon 21 mpx huet a wous du ouni Problemer A2 kanns printen, misst ee Resize zwar méigléch sin. Wann et bei ménger D700 mat 12mpx geet. smile
Jeanny 14.11.2012 - 17:13
Villmools Merci Nico, da maachen ech mech mol bei Google schlau ,
gi87 14.11.2012 - 07:22
Fannen Resultat hei super. Foto un sech gefällt ma och gud !

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 375 Gäscht online