Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Blutrote Heidelibelle

Blutrote Heidelibelle
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (12.11.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.11.2012
  • Gekuckt:
    31533
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    1/1250 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1400x825
  • Späicherplaz:
    584 KB
  • Originaldatum:
    10.08.2012
  • Fotoapparat:
    NIKON D90
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Nikon 70-300 1:4.5-5.6 VR
Kategorie: Natur »» Makro
2. Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=68314]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Libelle dei ech am Summer mat mengem 70-300 geknipst hunn.
http://de.wikipedia.org/wiki/Blutrote_Heidelibelle
Mol drop klicken .
Schluck 12.11.2012 - 21:47
Déi hei keint ech mer am Carré firstellen ... an och uewen ee bëssen eweg ... sinn awer lo och ee bëssen iwwerascht esou Biller vun dir ze gesinn
micky-maus 12.11.2012 - 22:35
Merci Schluck, hunn mol nach bessi am Cadrage gedreint, besser oder nach aanecht? Hunn nach Spudd ann allen Richtungen.
Schluck 12.11.2012 - 23:01
Nee, mengen den Carré klappt awer net .. déi eischt wat ob allen Fall zevill eidel .. mais bon ass affaire de gout
Schluck 12.11.2012 - 23:12
Ech hunn mol nach un sou eppes geduercht:


Blutrote Heidelibelle

Ee bëssen gedreint an an d'Diagonal fir méi Spannung dran ze kreien .. ee Bild seet mei wéi Wierder
micky-maus 12.11.2012 - 23:23
Hehe, super esou. setzen se emol esou gedreit erop. Am Cadrage bei Deieren fehlt mier nach bessi unn übung. Merci fier d'Hellef, Schluck
micky-maus 12.11.2012 - 22:43
Asou Schluck? surprised Sinn awer net meng 1.Libellen daat dooten.
kuck hei:
GROSSE KöNIGSLIBELLE
Schluck 12.11.2012 - 23:00
Stëmmt, déi hat ech vergies
mischii 12.11.2012 - 22:08
De Schluck huet Recht, dat eidelt Stéck rechts ass ze grouss
ass bestëmmt ganz schéin am Carree
micky-maus 12.11.2012 - 22:41
Merci mischii, hunn mol een Carree dodraus gemeet. hoffen se gefällt.
mischii 12.11.2012 - 22:49
doudsecher,
ass vill besser sou
Conley 12.11.2012 - 22:30
Den Hannergrond fanne ech ganz gutt di pur duz Lens flaren ginn dem dann och nach en klengen Kick.
Libell selwer ass schéin schaarf. Kadrage...... hmmm...kann dem Schluck net widderspriechen en bëssen méi eng awer an Bléckrichtung soll nach genuch bleiwen. An nächste kéier probéier och mol en Héichformat aus micky-maus.
micky-maus 12.11.2012 - 22:39
Merci Conley fier Deng gudd Rotschlei.... Hunn mol nach bessi geännert. Besser elo?
Conley 12.11.2012 - 22:50
Deng echt huet mär och schonn ganz gutt gefall. Di zweet guer net . An di do fannen ech.... nëmmen meng Meenung en ganz gudden Kadrage... an et ass awer nach en duzen Lens flare drann micky-maus. smile
gi87 12.11.2012 - 23:06
Dei heiten heuste och super festgehaalen !
micky-maus 12.11.2012 - 23:26
Merci Gianni closed_eye smile
BlackLizzard 13.11.2012 - 06:07
Ganz schéinen Makro.
micky-maus 13.11.2012 - 10:50
Maa merci gesoot...
Jacques 13.11.2012 - 08:56
Esou eng hun ech bis elo nach nie gesin dobaussen.
Ganz schein fotografeiert!
micky-maus 13.11.2012 - 10:51
Merci gesoot, ech och net. Hunn mussen guugelen fier erauszefannen....
butzi 14.11.2012 - 13:13
Wow super schèin Libelle...natierlech och schèin Foto closed_eye
Wou hues De dann dei Libelle gesin? Nach nie esou Eng gesin unhappy
micky-maus 14.11.2012 - 17:00
Salut butzi, ann merci butzi

Hunn dei dooten op dem Gielen-Botter ennen beim Weiher geschoss. Ass direkt hei emm den Eck, ann een Paradies fier esou Naturfotoen. closed_eye
butzi 14.11.2012 - 22:49
Jo sin oft um gielen Botter ,awer krutt nach leider nie esou eng roud virun Lens unhappy Also nexten Summer erem op Juecht goen closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 388 Gäscht online