Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Early morning

 
All Fotoen an dëser Serie:
31949 Thumbnail
31950 Thumbnail
Early morning
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    31.10.2012
  • Gekuckt:
    27419
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    37
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=67899]
Kommentar vum Fotograf:
Moies frei zu Scheffleng.
Jean-Jos 31.10.2012 - 11:32
Wanns de gesoot häss, et wär op der Musel, hätt ech et och gegleewt closed_eye
Déi faarwég fir mech, si bréngt eng immens flott Stëmmung eriwwer. Schéi mat der Spiggelung. Ech froe mech jhust, op's de de Cadrage nët anescht häss kënne ugoen: de Schlauch hannert dësem Spezialschëff bréngt eigentlech nët ganz vill, par contre wär viir e bësse méi Wach vläicht gutt. Ech weess natirlech nët wat do virdru war....
Jacques 31.10.2012 - 11:40
smile Villmools merci Jean-Jos.
D'Foto hun ech missten duerch den Maschendroht machen mat Blend 2,8 fir den Droht net drop ze kreien. An ech woar bergrenzt mat den Meiglechkeeten an mam Wenkel zum Objet.
Schluck 31.10.2012 - 12:09
Ganz flott Jacques, ech sinn nach d'làscht Woch do laanscht gefuer an mech gewonnert dass nach keen eng Foto vun dem Boot do gepost huet. Mir gefällt se ob allen Fall ganz gudd, déi Foarweg virun allem
Jacques 01.11.2012 - 09:22
Villmools Merci Schluck.
Ech wollt schon oft eng Foto dovun machen, mee dan woar d'Lucht net gudd oder d'Scheff woar net an der optimaler Positioun. Mee geschter woar et - perfektsmile
mischii 31.10.2012 - 12:23
mir geet et wéi dem Jean-Jos,smile
eng flott Stëmmung an och d'Spiggelung gefällt
Fir mech och d'Faarfversioun, well dat gielt sou richteg rockt virun dem däischteren Hannergrond
Jacques 01.11.2012 - 09:22
Merci, daat freet mechsmile
Zora 31.10.2012 - 15:12
wow, dei sin allen zwou super!!
Jacques 01.11.2012 - 09:22
Villmools merci Zorasmile
NikonD80 31.10.2012 - 15:17
fir mech di faarweg, wierklech staark !!
Jacques 01.11.2012 - 09:23
Freet mech ze liesensmile
Villmools Merci!!
JC1967 31.10.2012 - 15:38
Dei farweg gefällt mir hei viel besser als dei s/w. Top an de Farwen
Jacques 01.11.2012 - 09:24
Merci, freet mech wann se der gefallensmile
kicker 31.10.2012 - 16:00
Très belle ambiance matinale, avec ces reflets dans l'eau.closed_eye
Jacques 01.11.2012 - 09:24
Un grand merci aussi à toi kickersmile
TC 31.10.2012 - 16:05
Deng faarweg Variant gefält mer besser. De Flou vum Bild an den Niwwel passen gutt zusummen.
Jacques 01.11.2012 - 09:24
Merci TCsmile
MR 31.10.2012 - 18:46
faarweg TOPbigsmile
Jacques 01.11.2012 - 09:25
En decken Merci Martinesmile
hardae 31.10.2012 - 18:47
Jacques, eng ganz schéin Opnam. Déi faarweg gefält mir am beschten.
An dat ganz zu Schëffleng smile
Jacques 01.11.2012 - 09:26
Merci hardae, daat freet mechsmile
Jo, et brauch een net weit ze fuerenclosed_eye
gemu 31.10.2012 - 19:50
Ganz flott Jacques, fir mech déi faarweg, hätt geschwuer et wir op der Musel
Jacques 01.11.2012 - 09:26
Merci gemu, sin frou wann se der gefälltsmile
Nee, et ass nemmen zu Schefflengclosed_eye
gemu 01.11.2012 - 22:22
Bei deem Bild géing ech dann soen " Fëschleng"
Jacques 02.11.2012 - 10:51
Jo, daat kann een och soensmile
Conley 31.10.2012 - 20:14
Gefält mär super Jacques, fir mech déi faarweg.....
Jacques 01.11.2012 - 09:27
Villmools Merci Conleysmile
VeloBen 31.10.2012 - 23:17
Zu Schëffleng fueren Schëffer ? Klär mech mol opp ! bigsmile
Jacques 01.11.2012 - 09:28
Ah josmile
Zu Scheffleng hannert der Arbed ass en Weier deen huet an der Zeit als Killwasser gedengt.
Et brauch een net weit ze fuerenclosed_eye
VeloBen 01.11.2012 - 15:23
Awer schon een klengen Séi géiff ech soen.
Jacques 02.11.2012 - 10:48
Jo, ech un mech schlecht ausgedrecktclosed_eye
Et ass eischter en klengen Séi.
VeloBen 05.11.2012 - 17:03
Ok ! Gut ze wëssen !
gi87 01.11.2012 - 21:26
Dei farweg gefällt ma hei am allerbeschten Jacques smile
Jacques 02.11.2012 - 10:48
Freet mech, villmools Mercismile
marker 01.11.2012 - 21:29
Hei gouw schons alles gesoot. Fir mech eng flott Ambiance am Bild, déi awer besonnesch an der faarweger Versioun zur Geltung kënnt.
Gefällt mir ganz gutt Jacques.
Jacques 02.11.2012 - 10:49
Freet mech wann se der gefälltsmile
Merci!!
jorsch 02.11.2012 - 20:57
Mir gefält se och.

Géif nach just gäre wësse, firwat zu Schëffleng e Schëff um Séi erëm fiert? Kurios!
Jacques 03.11.2012 - 16:07
Merci Jorschsmile
Ech kann der et net genau soen, wärt mech awer schlau machenclosed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 297 Gäscht online