Kommentar vum Fotograf:
D'Bild ass aus engem eenzege Cliché entstanen:
De Dännebësch am Hannergrond ass mat Bewegungsonschäerft verwëscht ginn an domat nëmme méi ugedeit.
Déi goldeg Blieder vum Bichebam awer si schaarf bliwwen a sollen esou op dem berouegte Fong besser zur Geltung kommen.