Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Photokina 12

Photokina 12
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.09.2012
  • Gekuckt:
    7938
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x765
  • Späicherplaz:
    435 KB
  • Originaldatum:
    23.09.12
  • Fotoapparat:
    Canon 5D MarkII
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=66937]
Kommentar vum Fotograf:
Um Stand vun Olympus op der Photokina
Zora 25.09.2012 - 15:41
Ganz flotten Porträt
mischii 25.09.2012 - 18:02
merci Zora
Jeanny 25.09.2012 - 16:02
e schéine Portrait Michèle
mischii 25.09.2012 - 18:02
merci Jeanny
MarcGerard 25.09.2012 - 17:02

schéin, wéis de ganz eegestänneg déi luucht gesat hues!
mischii 25.09.2012 - 18:01
merci Marc, ma ech hat zoufälleg en Tutorial fonnt wou dat gudd gaang ass smile
MarcGerard 26.09.2012 - 07:12

a tiens...
ma gudd!
bis op deen haarde schied um bak vun de schëlleren. an ech fannen déi schieter vun de wimpere kéinten entweder méi weech sin, oder e besse méi no uewen. wat has de dann do fir luuchten?
mischii 26.09.2012 - 11:26
ech hun iwwer e masque d'Gesiicht verschafft, also méi mell gemaach,d'Aan hun ech natiirlech verschount an eenzel opgehellt, ech gesin lo och dass ech de Schied vun de Wimperen hätt kënnen e bessi méi douce maachen an och um Baak nach méi pinselen
Bei de Luuchten vum Stand wees ech net wéi eng et waren, et war um Stand vun Olympus, an do stungen och zimlech vill Leit rondëm, meng Bewegungsfräiheet war ageschränkt an d'Meedchen huet sech net ëmmer am optimale Liicht bewegt
bon, ech sin nach Ufänger bei de Portraiten an och am Maske schaffen am PS, déi nexte Kéier passen ech do mol besser op.
MarcGerard 26.09.2012 - 13:01
dat mam verschaffen as och guernet esou schlecht. mee déi problemer déi ech ugeschwat hun brauchs du net op dech huelen, wells de jo weder verantwortlech fir d'luucht, nach fir d'instruktioune woars.

dat mengen ech och mat méngem éischte kommentar (dee woar neemlech ganz béisarteg sarkastesch gemengt!):
wanns du dat do als e portrait presentéiers gin ech dovunner aus dass du och d'luucht gesat hues (photographie), an net déi vum stand fir dech an usproch hëlls. déi eenzeg situatioun wous du fir e portrait net kanns déng eege luucht decidéieren as ennert der fräier sonn, an do bas du jo och verantwortlech fir d'positionéiere vum modell. mee och dat kanns du net, soulang wéi hat do steet, an sech einfach nemme schéin dohinner stellt. hat ka jo schlecht wësse wéi de schied am beschten ze falen huet a.s.w.
méng kritik gëllt eigendlech net der foto un sech, well dat hues du, genau sou wéi déng photoshopaarbecht, ganz gudd gemeeschtert! se gëllt dem fakt -an du bas do net elleng- dass leit eng foto vun enger léiwer moss op engem stand man, an et dann als e portrait verkafen. et as d'denkweis dohannert déi mech perséinlech kratzt!

dat as wéi wann ee profifotograf a séngem portfolio huet, déi en a wierklechkeet op engem portraitseminaire geschoss huet: net dem fotograf séng initiativ!
mischii 26.09.2012 - 22:56
ok, ech verstinn dat do, mir si jo hei awer op engem site fir amateur photographie, ech wollt dat do och net als Portrait verkaafen, hun dat Wuert" Portrait" mol net ernimmt et war einfach mol eng Geleenheet fir Biller ze hun an d'Bearbechtung ze üben, do wär dach eng konstruktiv Kritk besser gewiescht wéi eng béisarteg sarkastesch Bemierkung, well domat kënnt kee weider an da mecht dëse site och kee Sënn
ps. ok, déi richteg Kritik ass jo trotzdeem nach komm, an dofir soen ech och merci
MarcGerard 27.09.2012 - 08:51

ech wollt jo och virdru gesin wéis du et gesäis, an du kënns mer verstänneg genuch eriwwer fir mat kritik emzegoen. bei anere leit soen ech puermol einfach guernäischt, well do weess ech dass ech mat enger mauer schwetzen. an dann as dat och OK fir mech smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 426 Gäscht online