Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Konsum
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.08.2012
  • Gekuckt:
    18506
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1494x1000
  • Späicherplaz:
    279 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Mënschen an Emotiounen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65985]
Kommentar vum Fotograf:
Net all Mensch kann an den Buttek laafen, sech all dei Saachen kaafen, vir 2 deeg virum Verfallsdatum nees dHällchend dovunner ewechzegeheien.

jo ech well schockeieren an och provozeieren, sou wees ech dass mein Bild hei net einfach nemmen eng Foto ass...
Maimonides 22.08.2012 - 23:50
Du schockéiers kee Meter, MullerEric,
du bass voll am Cliché.
Weis eis d'Elteren
vun deene Kanner.
MullerEric 23.08.2012 - 17:31
vun deenen leit dei mir bis elo hei geäntwert hun, hun ech daat gefill dass du wierklech am mannsten verstaanen hues em waat et hei geet... sorry ech well dir net ze no trieden oder dech beleidegen... mee du kanns dir jo mol daat alles hei an aller rou duechliesen an dann probeieren dir en puer gedanken driwwer ze maachen... vilaicht kenns de jo dann vun selwen drop.....

merci trozdem vir deng "kritik"
Maimonides 24.08.2012 - 00:01
Dënn an hongrig Kanner
sinn ëmmer gutt
fir op Tréinendrüsen ze drécken,
zumools an engem Konsumtempel.

Dat ass ee Skandal, MullerEric,
mais d'Kanner kënnen nët derfir.
Déi di si op d'Welt gesaat hunn,
wann se dann nach do sinn

profitéieren.

Hues du deene Kanner Eppes gin,
hues du si gefrot fir se därfen ze knipsen?
Du wars dir dach bestëmmt sëcher
dass dës Foto 1 Scoop ass,

oder nët ?

Sëff mol wierklich éierlich!
MullerEric 24.08.2012 - 09:21
Deet mir leet ech mengen mir schwätzen hei en bessen laangschdeneen.... Alles waat ech wollt mat der foto aussoen ass mengen ech mol hei lo genuch diskuteiert gin... Ech sin ganz eierlech an ech soen dir merci dass de deng mehnung dozou madgedeelt hues...
orlok 23.08.2012 - 07:47
Déi Foto do soll eng Aussoo hunn.
Déi Aussoo hunn ech och richteg verstan;
si as jo däitléch.

Mee:
Sou wéi op där Foto gesäit d'Realitéit nët aus.
D'Realitéit ass eng aaner. Weis eis déi Leit an hirem "normalen", alldeegléchen Ëmfeld, nët op dëss gekünstelt Art a Weis.
Ëmsou méi däitléch kënnt dann Däi Message zur Geltung.
MullerEric 23.08.2012 - 17:26
mir wessen alleguer dass et leit gett, deenen et mei schlecht geet wei eis, dovunner gin et biller, dovunner gin et reportagen an an an....
mee dass et deenen leit schlecht geet daat ass op deser foto hei eichter zweeträngeg. virun allem soll des foto hei ausdrecken dass mir eis mol sollen gedanken driwwer maan wann mir vill ze vill ankaafen gin an dono d'hällchend dovunner eweschgeheien well mir mengen dass dei saachen net mei gudd sin, nemmen well daat sou op der verpackung steet... oder eben drop bestinn dass dButteker emmer bis uewen hinner gefellt sin mat freschen saachen, an do duerch daach vir daach sou vill ewechgeheit gett... kanns dir jo och mol meng äntwert vum JC1967 duechliesen...
Mee merci vir deng kritik... closed_eye
orlok 23.08.2012 - 18:45
Jo, an der Saach huës De recht: Mir sinn zum ganz groussen Deel eng reng Konsumgesellschaft. Mir hunn hei e Liëwen, vun deem aanerer jhust dreeme kënnen oder et mol nët fäerdegbréngen, fir dovunner ze dreemen, well hinnen d'Virstellungskraaft dozou feelt.
Heiandsdo kucke mer alt, fir dee Konsum anzeschränken, oder sou ze maachen, wéi wa mer e géifen aschränken, zum Deel och, fir eist schlecht Gewëssen e bëssen ze berouhegen.
Mee Konsuméiren ass fir di meescht hei a Westeuropa jo dat Normalst vun der Welt an zugläich einfach a selbstverständléch. Scho Kanner ginn dorunner gewinnt.

An et ass a villem eng Spiral ouni Enn: Wiën huët, deen hätt nach gäer dobäi. A wiën nach méi huët a souguër vill ze vill, dee wëll trotzdeem nach méi.
An d'Zauberwuërt hei heescht jo Wuëstem; alles muss wuëssen, och wa mer alleguër wëssen, dat d'Beem nët an den Himmel wuëssen.

Zugläich si mer och eng Ooffallgesellschaft. Alles, wat ze aal ass, flitt op den Dreckstipp.
Wat awer nach mi schlëmm ass: Vill Saachen ginn express mat Schwaachstellen produzéiert, sou dat se no enger gewësser Zäit futtifuëren, egal wéi sorgfälteg een se behandelt. Dat ass fir d'Leit ze zwéngen, séch dauernd eppes Neies ze kafen. Ofgesinn dovun, dat och Saache produzéiert ginn, déi wierkléch kee Mënsch brauch.

Vill kéint een driwwer soën; et ginn déck Bicher doriwwer ...

D'Aussoo vun Dénger Foto hunn ech verstan a sinn mat där Grondaussoo, déi dohannert stécht och d'accord.
MullerEric 24.08.2012 - 09:03
Genau, ech mengen mir hun ons verstaan... closed_eye

Villaicht och en gudd thema vir en contest hei op op photogen: thema "ooffallgesellschaft"

JC1967 23.08.2012 - 08:07
Wien wells de domader schokeieren???? Hun mer net all Fernseh an gin all Dag mat desen Biller konfronteiert? An dei Iwerweisungen dei en vir Drettlänner mecht.....naja, hun meng Zweifelen dass dei all op denen Platzen do ukommen. Dei Bild als Foto gefÄllt mer awer irgendwei, keint e weineg mei Farw verdroen an virun allem eng deck Schepp voll Schärft. Deng Idee fir jidderengem sein eegent Gewessen e weineg un d'schaffen ze kreien ass och ganz ok.
MullerEric 23.08.2012 - 17:16
stemmt mir hun alleguer fernseh an zumols em chreshtdaag gedd een mat kreichenden kanner an mammen aus der dretter welt, ennerstetzt duerch enger dramatescher "TITANIK"-Melodie zoubombardeiert.... an do freet een sech taatsächlech ween sech täschen domadder fellt... Mee domadder huet des foto jo awer iwwerhaapt naischt ze din. daat hei ass menger mehnung no modern digital konscht. ech well heimadder mattdeelen dass wann mir zb wei an desem fall den metzler dropp bestoen dass daach vir daach fresch wuer schein presenteieert do leit an soubaal eppes net mei graat sou fresch ass, awer duerchaus nach iessbar et an dpoubelle flitt... wosst du dass net mol dPersonal beim becker vum cactus dRecht huet vir daat waat owes nach an der Theik iwwreg bleift mat heem ze huelen, daat gett och natierlech net mei den nexten daach verkaaf, daat gett alles eweschgeheit! Cactus emmer mei fresch! ech fannen daat sollt en normalen menschenverrstannd schonn schockeieren....

zu der qualiteit hun ech en allgemengen kommentar hannerloos, och dir merci vir deng kritik closed_eye
Gaga 23.08.2012 - 11:56
ganz gut idee, t'emsetzung as elo net absolut top fannen ech !
mais den message kennt 100% eriwer, an daat as jo dat wichtegst !
MullerEric 23.08.2012 - 17:03
"emsetzung net top" ech huelen mol un du schwätz do iwwert dqualiteit vun der foto, onscharf asw. dozou hun ech en allgemengen kommentar hannerloos....

gudd dass den message vir dech eriwwer kennt, an jo, vir mech war daat bei deser foto och daat wichtegst...

villmols merci.
Gaga 23.08.2012 - 17:47
net nemmen, mais den collage as elo net esou dat een zweifelt ob dei do sutzen oder net. Perspektiv, Luucht, et passt net beieneen. n atierlech as daat schweier bei esou 2 Fotoen.
MullerEric 23.08.2012 - 18:06
okay, alles verstaan... smile

hätt een secherlech kennen mei draus maan...
Gaga 23.08.2012 - 23:21
daat wichtechst bei souengem composing as Lucht an Fuerftoun.
zb e S/W weisst der direkt den enenrscheet !
oder en Farfstach, also mat enger Farf iwerlageren op 20-30%
och t'Opleisung vun den Ausgangsbiller muss dei selwecht sin !
MullerEric 24.08.2012 - 09:00
Jop stemmt, ech wees och genau waats de mengs... Ech huen schonn en puer composings gemaach, ech wärt demnäkst och emmer mei sou saachen eroplueden... Bei deser foto hei wuar mir einfach d'norricht mei wichteg dei ech matdeelen wollt, ewei dqualiteit vun der foto...
MullerEric 23.08.2012 - 16:59
hmmm haat mir daat ganzt eierlech gesoot en bessen aanescht geduet, punkto reaktiounen... ech well als eicht mol op d'qualiteit vun der foto angoen, well dei vun puer verschidden leit ungeschwaat gin ass...

also ech haat mir graat meng V1 kaaf, an war frou dass nach en bessen akku dran war vir direkt kennen en bessen ze knipsen... wei ech dun bei desen metzler hei gaangen sin, dkamera ronderem den hals hänken, hun ech sou onopfälleg wei meiglech einfach mol sou op den ausleiser gedreckt, ouni duerch den sucher oder disply ze kucken... d'original foto kenn dir iech hei unkucken:

http://ericmuller.magix.net/album/alle-alben/!/oa/6611431-82834521/

daat ganzt einfach copy/pasten smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 477 Gäscht online