Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Happy Feet

All Fotoen an dëser Serie:
29955 Thumbnail
29957 Thumbnail
30360 Thumbnail
Happy Feet
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.08.2012
  • Gekuckt:
    13527
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Originaldatum:
    07/2012
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Kleng Kanner  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65983]
Kommentar vum Fotograf:
Meng éischt "offiziell" versich mat engem Neigebuerenen... Hoffen se gefaalen. Kritik ass selbstverständlech wëllkomm, oder villméi: erwënscht.
Gaga 23.08.2012 - 11:57
1 an 3 sin ganz gut gelongen, bei der 2 steiert mech dat den Kapp esou geschnidden as, resp nach vill ze scharf.
chrisykris 23.08.2012 - 12:29
Ech hat se elo scho bal erem gelöscht, well se gëschter owend spéit ugeholl gouf an am Fong nie op der éischter Säit ugewise gouf... An ech wollt jo u sech e puer Kritiken héieren.
Dofir dir, Gaga, villmols Merci. Ech hu mech iwwert déi zweet och e bëssen opgereegt, an hunn se awer iergendwéi interessant font, well d'Féiss duerch d'Hellegkeet esou erausstiechen. Ech kucken mol, ob ech do nach e bëssen beim Kapp kann mat engem Blur-Effekt eppes verbesseren.
Merci beaucoup!
Gaga 23.08.2012 - 13:48
wei wir et bei der 2 einfach en horizontalen Crop, dann alles waat net schwarz as einfach schwarz iwerpinselen ?

Wert vill mei einfach sin ... ?

Also horizontal, an dann nemmen 2 Hànn an t'Feiss de Recht schwarz ! ?
chrisykris 23.08.2012 - 14:19
Mee dann gesäit een nemméi dass de Klengen "um Aarm" vun der Mama ass smile
Merci fir den Tip, probéieren dat emol den Owend.
Gaga 23.08.2012 - 14:51
kann schon gut sin, natierlech wier et einfach am beschten t'Gesiicht wier nach mat drop, fehlt jo net vill ... mais ...tjo !
chrisykris 31.08.2012 - 14:41
Sou, et ass nemméi Nummer 2, mee 3, an hunn mer däi Rood zu Härz geholl smile besser?
Gaga 31.08.2012 - 15:46
also ech fannen dei top !
Kann mech net mei 100% un t'original erenneren, mais denken se as vill besser esou !
an du ? daat as jo daat wichtegst ? closed_eye
chrisykris 03.09.2012 - 18:30
Ech sinn ganz zefridden domat. Merci fir den Root closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 440 Gäscht online