Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Winding-Roads

All Fotoen an dëser Serie:
29846 Thumbnail
29848 Thumbnail
29850 Thumbnail
29871 Thumbnail
29882 Thumbnail
Winding-Roads
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.08.2012
  • Gekuckt:
    21390
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Originaldatum:
    19.08.2012
  • Fotoapparat:
    Nikon D90
  • Objektiv:
    Nikon 18-105
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:
Polfilter 67mm

Fir anzesetzen: [pg_img=65919]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Oldtimer-Rondfahrt dei op der Abtei Neimunster gestart gouf.

1. Lotus super7
2. Irgendeen neien Lotus, deen ech net kann bestemmen ????

3. Jaguar C-Type
4. BöMPF 3.0CS Automatic
5. Marcos v8 + B.M.W. Z4
arwa 20.08.2012 - 12:49
lauter flott Këschten

mat sou engem BMW sin ëch narwëll mei dachs matgefuer

de Lotus as en Lotus - Elise

micky-maus 20.08.2012 - 13:42
Merci Armand,

Deen Bemwe doo huet och een gewessenen Charme, waat mei ausgenuddelt waat mei interessant.
kuck mol deen heiten hei:BöMPF
Net futti ze kreien!!
orlok 20.08.2012 - 12:50
Ech si bescheiden an décidéire méch fir de rabbleche No 5.
Ass och mat Daach, passt also besser bei eist Wierder.
(Momentan zwar och éischter nët .... bigsmile )
micky-maus 20.08.2012 - 13:38
Jo orlok,
ass och deen deen drankuckt wei een aale Mupp, wei wann een weilt soen: Huel mech matt !!!! smile
BlueRic 20.08.2012 - 13:18
Net schlecht. War dat e privat Treffen?
micky-maus 20.08.2012 - 13:36
gloda 20.08.2012 - 15:13
Eng flott Serie. Ech géif déi drëtt Foto ewech loossen well s de den Auto schonn an der éischter an d'Perspektiv an der véierter Foto hues.
micky-maus 20.08.2012 - 16:39
Salut gloda, merci fier den Hinweis, hunn genuch Fotoen dohannen gemeet, ann hunn se elo mol durch eng anner ersaat, dei meng Serie mei komplett mecht.... hoffen ett gefällt.

MbG.: m-m
Jaycee 24.08.2012 - 21:11
Salut m-m... ech muss awer elo och nach mäi Pefferkär derbäi gin... Den XK120C (C fiir Competition) ass é Fake, Replika oder wéi ëmmers de daat nenne wëlls. D'Line stëmmen nët ganz mam Original iwereneen, kuck emol hei...
http://www.supercars.net/Pics?v=y&s=c&id=8...
besonnesch den hënneschten Radausschnëtt, a dann nach mat Lënkssteierung... enfin, trotzdem schéin ze kucken...
Ech wetten menger Madame hiren Auto géint eng aal Trotinette, dass de rouden Super Seven inspiréierten Roadster alles ass awer keng original Lotus...
micky-maus 25.08.2012 - 01:27
Uiiii bei deser Serie hunn ech awer deck gepennt !!!!sad

Matt dem Jaguar hues de Recht, een Original huet och net dei Lüftungsdinger virrum Auspuff. tongue

Daat aanert muss een Caterham 7 CSR sinn, hunn mech doo uschmieren geloos, deen huet een Lotus Emblem dropgepäscht.... :sceptical: Ausserdem ass den Lotus 7 vunn 1957-1972 gebaut ginn, hunn mech mol schlau gemeet, deen heiten ass 100% mei nei.

Merci nachenkeier fier dei gudd Opklärung..... cool
Jaycee 25.08.2012 - 11:38
De Lotus Seven huet jo eng Onmass vu Kopien an Interpretatiounen no sech bruecht, eng dovun ass 1998 vu mengem aale Schoulkollesch J.C.H. no joerelaanger Entwëcklung 1998 viirgestallt gin...
http://katalog.automobilrevue.ch/index.php?IdTreeG...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 411 Gäscht online