Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

ech hun e Model fonnt..

 
All Fotoen an dëser Serie:
29623 Thumbnail
29624 Thumbnail
ech hun e Model fonnt..
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.08.2012
  • Gekuckt:
    19841
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    24
  • Originaldatum:
    11 Aug.
  • Fotoapparat:
    Canon 5D MarkII
  • Objektiv:
    Canon 100mm f/2,8L Macro IS USM
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
2. Kategorie: Déieren »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65747]
Kommentar vum Fotograf:
..fir mäin neit Spillgezei auszeprobéiren, är Kritiken huelen ech gär un
klick och weg
Gaga 13.08.2012 - 12:30
tjo, sou no kommen ech net mat de Macroreng ... excellent deen MAcro.
mischii 13.08.2012 - 12:35
merci Marco, no deenen éischten Versich, sinn ech och ganz zefridden
gogo 13.08.2012 - 12:56
Gëff et zou, du traus dech net su no run ze goen tongue
mischii 13.08.2012 - 13:03
tss, tsss, déi war just en halwen cm grouss
sou e klengt Déierchen huet nach nie sou en déckt Mischi gefriessbigsmile
virun deene méi groussen, halen ech allerdéngs léiwer Abstand
Zora 13.08.2012 - 15:55
hahahahahasmile
Gaga 13.08.2012 - 15:04
hmmm, naja, am fong net mais duerch den Sucher kritt dei Sach en aanert Bild bigsmile
mischii 13.08.2012 - 20:13
D'Haaptsaach ass jo , dass ech weess wéi grouss se war, a wann d'Wierkung gudd ass sin ech zefridden.
Dann üben ech lo u Mécke weider, där hun ech och genuch hei bigsmile....mee domat kann ech jo kengem eng Hengerhaut verpassen
Zora 13.08.2012 - 15:55
mischii, du och???? brrr, mer gin Schudderen aus, also ass Foto gutbigsmile
mischii 13.08.2012 - 20:10
Si ass dach sou léif Zora, déi ierwescht 2 Punkten ander Mëtt sin d'Aan, drënner de Mond , dernieft 2 Bäckelcher, an e klenge Widderbuuscht huet se och nach....oder spannen ech och elo smile ?
kuck, mol hei Zora,
http://www.opderlay.lu/rwann.html
bei där Geschicht kriss de sou richteg Matleed mat de Spannen, an si wuessen der un d'Härz, do färt duerno och kee Kand méi eng Spann, eng richteg flott Geschicht fir déi Kleng an och di Grouss kënnen do schmunzelen
Zora 13.08.2012 - 20:14
mein bouf ass vun enger Spann (wei eng et wuar wesser mer net) an den Fouss gebass gin, an wans de deem sein Fouss puer Stonnen derno gesin häss, wärs de och net mei esou iwerzeecht vun sou klengen Spannenclosed_eye, bestemmt interessant daat Buchbigsmile
mischii 13.08.2012 - 20:28
dat ass schlëmm genuch, mee wann d'Muppen an d'Kaatze bäissen, geet een och meeschtens an d"Klinik, an dat si jo fir jidereen léif Hausdéiren,
ech haale mir just d'Spannen als Hausdéiren,soulaang se net iwwert mech krauchen, déi befreien mech e bessi vun de Mécken a Mustiken bigsmile
Zora 13.08.2012 - 20:30
dofir hun ech Katzensmile
butzi 13.08.2012 - 16:38
E schéint Model,as ganz photogen smile
mischii 13.08.2012 - 20:13
merci Butzi, jo si huet ganz roueg a schéin poséiert
TC 13.08.2012 - 17:43
Déi faarweg Variante ass besser. Flotten Makro!
mischii 13.08.2012 - 20:14
fir mech am Fong och,
smile merci TC
Jacques 13.08.2012 - 19:00
E gelongene Makro!
Sin jo méi fier s/w mee foarwech geséit se fier mech besser aussmile
mischii 13.08.2012 - 20:17
ech mengen bei s/w feelt et e bessi u Kontrast, mee wann ech deen eropsetzn , gëtt dat Wäisst einfach zevill schlecht,
éierlech gesoot ech sin och fir faarweg, wollt mol just aaner Meenungen héiren
merci Jacques
Jeanny 14.08.2012 - 05:43
ech sinn och fir däi Faarweg Michèle,
ass dir ganz gutt gegléckt, Guckelcher sinn schéin schaarf.
mischii 14.08.2012 - 22:34
merci Jeanny, no den éischten Tests sinn ech ganz begeeschtert vun deem Objektiv
Schluck 14.08.2012 - 09:35
Ganz flott ginn mischii, fir mech och déi Foarweg ... dann sinn ech lo mol gespaant wat dann lo nach alles vun Macroën kënnt
mischii 14.08.2012 - 22:33
merci Schluck,
jo mol kucken wéi eng Déiercher net flüchten wann ech kommen bigsmile
desi 23.09.2012 - 19:00
wow do geseit en seng ahen jo
wwwwwwwooooowwwww
mer gefalen se smilesmilesmilesmilesmilesmilesmilesmilesmilesmile
mischii 23.09.2012 - 19:37
freet mech wann se gefällt, merci desi

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 546 Gäscht online