Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Méin Land

Méin Land
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.08.2012
  • Gekuckt:
    17996
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    1/500 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    36 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -1 EV
  • Gréisst:
    1597x981
  • Späicherplaz:
    535 KB
  • Originaldatum:
    2012:08:02 20:48:18
  • Fotoapparat:
    NIKON D5100
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=65487]
Kommentar vum Fotograf:
Namibia
gogo 03.08.2012 - 09:06
Du hues di relativ monoton Landschaft awer nach relativ interessant festgehaalen, gudd di Saach mat 1/3 Himmel an 2/3 Land, den Einheimeschen brengt bëssi déift an Geschicht an d'Foto, schued awer dass de mann net an d'kamera kuckt, respektiv aus dem Bild rauskuckt, och schued dass seng Haenn oofgeschnidden sin, ech denken dass de mann eppes erklaert huet, vläit eng geschicht iwwer säi Land wou e stolz drobber ass, séng Haenn waren en Deel vun der Kierpersproch, déi fehle mer hei, nach mi schlemm dass se oofgeschnibbelt sin. Di staark Bea ass um Land nach ok, mais am Himmel vill ze vill krass, too much einfach. Fir mäi Goût zumindest, hu scho vill besseres vun dier gesin smile
Gaga 03.08.2012 - 10:19
dito, dito, dito, dito ... etc
Poly 03.08.2012 - 15:52
kuck weg de comment un de gogo smile
Poly 03.08.2012 - 15:50
merci fir dee erklärenden comment
ech hu mer bei der foto eppes besseres geduecht wéi nëmmen fotografie bea,
de mann ass tatsächlech guide, ech hunn nach ni an engem land erlieft dat léit esou patriotesch sinn wéi hei, duerch all déi phasen vu kriich, besetzung apartheid asw
fir mech ass sinn dat déi symboler déi ech hei am bild wollt erëmbréngen,den himmel blo =fräiheet, an awer däischter wolleken, fir déi ëmmer méi düster zukunft vum land,60%chömage !den héchsten taux vun aids asw
déi ofgeschnidden fangeren ok, kréien ëmmer dropgekuckt wat se maachen
de bléck net an d'aan, en zeechen vu munch onwouerechten dat et hinnen gutt geet, dat se dech net direkt ukucken
ënnert dem aspekt gesinn ech dat bild, emol eng kéier ouni techneschen aspekt mä symboleschen smile
Gaga 03.08.2012 - 16:11
ok, dann loss mech just epes dozou soen :
Dein Kommentar "Namibia" ... ??? Dann kennt esou eng deifgrenneg philosophech erklärung ?!?!? Duebbelen ???

Dats de daat ganzt do am Kapp haas bei der Opnahm, bezweifelen ech lo mol einfach ganz stark. Eichter bei der BEA. Dofier sin Kadrag an t'Fangeren do mol aus dem Spill, esou schneits de keen Kierper... entweder nemmen de Kapp oder den Ganzen Uerwerkierper.

Waats de wollts mam BEA ausdrecken kennt elo schon mei logesch eriwer. Evtl fier mei Drama an t'Spill ze kreien keinns de en s/w probeieren.

Et wier gut wanns de emmer zu all Bild am Kommentar schreifs waats de der derbai denks, et as dann och mei einfach seng Kommentarer dorober unzepassen wei weit den Photograph gaangen as. Esou gesait et eichter aus wei wanns de eis e scheinnt exotescht Land weills weisen an et wier der net gelongen!
Poly 03.08.2012 - 18:12
jo ok, mä ech mengen wann een esou foto geséit an e bëssen den auteur dovun kennt, kann e selwer schonn aus dem titel erausliesen, dat domat eppes aneschters gemengt ass wéi eng landschaftsfoto oder portrait
ech ginn der recht dat een dat soll kuerz am commentaire bemierken mä bon, jiddereen interpretéiert dat anescht, dat soll jo och esou sinn,
moler ginn jo net eng beschreiwung bei hier ausstellungsbiller hänken wat domat gemengt ass, entweder akzeptéiert een se oder net
wat dat sw ubelaangt, hat ech mer och schonn gedanken driwwer gemaach, wir se probéeren smile
kuck dem JohnJ séin kommentaire, hae wuar och schonn e puer mol do, heen huet se direkt richteg erfaasst smile
gogo 03.08.2012 - 18:35
ouni déng Erklärung wier ech nie drobber komm.
De JohnJ hat d'meiglechkeet däin erklärenden Beitrach zeliesen, ouni deen haett en daat wuel och net novollzéihe koennen denken ech.

hun eng keier gelies "eng gudd Foto ass eng Foto di een net erkläre muss"

si mer sécher dass de der nach puer aus Namibia hues, fréen mech dei ze gesin, ech kann se jo lo mat desem Wëssen vu viraus vläit annescht beuerdéelen dann smile
Poly 04.08.2012 - 09:49
merci gogo, kommen der sécherlech nach no smile
JohnJ 03.08.2012 - 17:40
meint och... also mein Land...
ech kann dein Gedankengang genau novollzeien bei der BEA
Poly 03.08.2012 - 18:13
merci JohnJ smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 452 Gäscht online