Jo, di 3 sin glécklich an zefridden, et ass eng Freed hinnen nozekucken an nit su einfach ( fir mech) eng anständig scharf a flott Foto hinzekréien. Do muss ech nach üben
Jo, do hues du Recht. De Focus läit op deem Brongen an di aner zwee sin nit wirklich scharf. Ech hun domat irgendwéi meng Problemer, wees nit richtig wéi ech dat kann hikréien... Méi eng kleng Blend? mä da get den Hannergrond och mi scharf, wat ech nit well... Oder mi no bäi an duefir méi an de Wäitwenkelberäich...oder...oder... Ech probéieren einfach mol virun. Merci fir däin Kommentar
nee, net ganz, eng mei kleng Blend (also mei grouss Zuell as richteg. Da get och den Hannergronnd manner onscharf, mais leiwer daat wei esou. En Onscharfen Sujet as nie gut (ausser wann mer elo vun Konscht an adg schwätzen)
Evtl kanns de nach Bletzen fier keng Bewegungsonschärft ze kreien, resp. se ze minimiseieren!
Fier dei zwee awer ze hun, mei schärft an manner schärft am Hannergronnt, muss de mei Brennweit hun, also mei weit eweg an mam Tele fotographeieren. Bei engem WW as ganz schnell alles scharf.