Ech fanenn hei as e bessen vill Himmel an e bessen vill buedem, ech geiff se eichter ganz länglech kadreeieren wei een panorama, sou dat dei eicht Boje ganz no am ausschnett as als eyecatcher.
Jo, desen Gedanken war mer och scho komm. Et ass e bessen vill "näicht" op der Foto. Ech muss dat mol ausprobéieren, kucken wéi se dann wirkt. Merci fir den Virschlach
Ech fannen, hei ass et der besser gelongen déi Wäit vun där Plage do festzehalen wéi den Wand! Géif dowéinst och just Himmel wech schneiden dat et en klasseschen 1/3 - 2/3 Opbau ass.
Vir den Wand besser ze weisen häss de menger Meenung no méi déif missten sinn, quasi um Buedem leien, sou dat een déi 'Sandstrahlen' am 3D gesäit. (Versteet een deen läschten Deel??? )
Dat steet schon sou an der Bibel:
"Auf dem Boden sollst du kriechen und Staub fressen dein Leben lang!"
Dat gëllt also och fir dëss Foto. Séch einfach op de Buëdem knallen, flaach wéi en Teppéch, an an de Sand bäissen: da kënnt d'Struktur, d'Muster wonnerschéin eraus.
Allerdings: Wa mer awer dobäi nët viirsichteg genuch waren, da gi mer de Fotoapparat duerno an d'Reparatur, well deen ass da futti.
(Zu der Iddi mam Panorama: Mir perséinléch gefällt d'Panoramaformat nët extra. Eng Foto laang wéi en Handduch ..... näää.... muss nët sinn, wierkt onnatiërléch!)
Du hues recht mat der "Wäit vun der Plage" , et ass éichter dat Onendlicht an di Wäit di hei gewisen ass. Och dat wollt ech weisen (dofir en Wäitwenkelbjektiv), ma awer virun allem de Wand den stark geblosen huet an de Sand (et war bal e klengen Sandsturm) iwer d'Plage gejoot huet. Mat den Aan huet een dat gudd gesin awer leider nit wirklich op der Foto. Ech hat scho mi en niddrigen Standpunkt, hätt ech mech nach méi déif geluecht, hätt ech effektiv gefaart fir den Fotoapparat. Ech stellen fest et ass nit sou einfach Wand ze fotograféiren,dobäi waren di Sandstrahlen richtig beandrockend
Vilmols Merci jHi-3mM fir däin Kommentar. Et freet mech, wann meng Foto der sou gefällt wi se ass. Dat mam Panorama muss ech mol ausprobéieren an da kucken ech wat mer besser gefällt
Merci Fennec Jo ech gesin op der Foto och nit vill Wand. Wann ech eng Persoun mat op d'Bild geholl hätt, wou d'Hoer geflattert hätten, wär meng Iddi vläicht méi däitlich gin...Ech mengen mäin Titel ass och nit gudd gewielt, mä egal