INteressant wéi de Bildopbau d'Fraen isoléiert. Well ee soss näischt wéi de Buedem gesäit sinn se bal wéi ofgetrennt vun allem wat rondrëm kéint sinn. D'Foto weisst engem jo net wat rondrëm ass, an dat bréngt d'Wierkung. Wann s de méi e wäiten Ausschnëtt weisen ouni aner Elementer mat op d'Bild ze kréien géif den Effekt nach méi staark ginn.
Schéint Bild. Ech den gloda vollkommen Rescht. Et spigelt a mengen Aen eng gewëssen traureg Realitéit erëm. D'Fraen sinn net eleng an trotzdem isoléiert.
kann mech einfach net un esou Biller winnen, willt keen esou een Liewen féieren, mee dei kennen naischt aanescht, flott festgehaalen, nach eng Froo, hat do nach keen gemeckert, d'ass de Fraléit fotograféierst huest???
Ganz schéin an ausdrocksstark. Vignette wierkt ganz gutt. Jo wann nach méi platz ronderëm ass dann wär den Prabbeli villäicht och ganz drop wat dat ganz och nach méi isoléieren géif.
jo mä leider ass net méi dropkomm, dat ass ëmmer den hoken bei der saach, wann een bei de streeten, séier op den ausléiser drécke muss, ier een "erwëscht" gëtt
merci och fir de favorit