Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Astro-Fotos

All Fotoen an dëser Serie:
25239 Thumbnail
25240 Thumbnail
25241 Thumbnail
Astro-Fotos
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.02.2012
  • Gekuckt:
    13221
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 20D
  • Objektiv:
    1250mm x 250mm
Kategorie: Natur »» Allgemeng  
Extras:
Ganz vill Gedold :)

Fir anzesetzen: [pg_img=62106]
Kommentar vum Fotograf:
Hei e puer aal Astronomie Fotoen dei ech 2005-2006 probeiert haat.


Zweet Foto: M-31, den Andromeda-Niwel
Drett an Haaptfoto: M-42, den Orion-Niwel
Eischt Foto: M-13, een Kugelsternhaufen am Stärenbild "Herkules"¨
Scorpius 15.02.2012 - 14:03
Supper, hues de se lo ropgelueden smile
Hei gengen mech d'donnéen interesseieren (Material, an wifil biller mat weienger belichtungszeit joereszeit,wou dat war an mat weiengem program zesummengefügt, manuel/automatesch nofeierung) fals de dei sachen nach wees natielech smile

Bei der 2ter Foto di streifen do sin wascheinlech vun der DSLR selwer kan dat sin ? dan hues de wascheinlech keen oder net genuch dark frames gemeet closed_eye

Gesin wieklech gud aus
Arbi 15.02.2012 - 14:23
Jo bei dem Andromeda-niwel as et den Noise vum Canon 20D, deen dei Streifen gemaach huet. Ech wees net mei op ech deemols en Dark Frame gemaach haat, et as ze laang hier (2005 oder sou). Doweinst wees ech och weider keng Donnéen mei. Teleskop war een 1250mm Newton mat 250mm Öffnung, Camera war Canon 20D.
Dei eenzel Fotoen waren zwar mat élektronescher Nachführung, mais well dei chinesesch Monturen awer eng Präzisioun hun, dei enner aller S*** as, sin do mei wei 10 Sekonnen net dran fir wannste Fotoen mechs.
Ech mengen et waren max. eng 10 Fotoen am Stack, net mei.
Scorpius 15.02.2012 - 21:45
Hues du bzw benotz du dan nach emer dein Teleskop ? closed_eye
Arbi 24.02.2012 - 16:59
Jo ech hun den Teleskop nach. Awer seit ech net mei am Norden wunnen an elo an engem Duerf setzen wou d'Liicht-verschmotzung zimlech heich as, mecht et guer keen Spaas mei.
Ech plenneren awer demnächst an hoffen dass et dann rem besser gett smile
Scorpius 24.02.2012 - 19:11
Ech fueren op platzen wou keng oder net fill lischtverschmotzung as, et muss een jo souwisou dobaussen sin fir den Temperaturausgleich closed_eye
gtaddei1 15.02.2012 - 18:34
Superbe... Apprecieiren
Arbi 16.02.2012 - 15:26
Merci smile
Charly_Ente 15.02.2012 - 20:01
wow genial dei doen! closed_eye weilt och mol gäer sou eppes probeieren an man sad
Arbi 16.02.2012 - 15:27
Merci. Wär dach eng Idée mol eng Keier Astro-Fotographie zu puer Leit ze maan...
Charly_Ente 16.02.2012 - 15:31
wär keng schlecht Idee
Jean-Jos 15.02.2012 - 23:13
Fotoen mat Wow-Effekt, déi 2. gefällt mir exzellent.
Arbi 16.02.2012 - 15:25
Merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 291 Gäscht online