Fir de sonnenopgang ze erweschen, war ech em halwer sechs opgestan, an ee relativ héigen hiwwel ropgklomm. Mee dvue huet mech méi wie genuch entschiedegt;)
An witzeg ass dass den "Bryce Canyon National Park" zwar sou heescht mee eigentlech keen Canyon ass (éichter en Amphitheater), an den "Zion National Park" am Center en Canyon ass, mee daat net am Numm stoën huet.
Hey do wor ech jo och schon Sinn moies awer net aus dem Bett komm vir Fotoen ze man... Aner Lett di mat mer woren awer :P Hun awer och nach Fotoen um Bryce Canyon vun mettes an wi en Donnerweeder wor, mol sichen Di do gefält mer awer ganz gudd