merci Charel
ech haat di zweet als Haaptbild gesaat well ech do méi perséinlech Emotiounen haat, et war sou e schéine Waasserfall hannert mir, an d'Vue war grandios;
mee dat ka jo hei kee wessen, ech setzen 1 dann mol viir
gudd dass een hei och aaner Meenungen kritt
Ganz schéin Serie mischii,
Nr 1 gefält besonnesch duerch duerch di schéin Déift a flotte Faarwen.
Nr 3 gefält besonnesch duerch di immens Spigelung vun der Sonn am Waasser
a Nr 5 durch de Kontrast vum bloe Wassser mat deem kräfteg grénge Gras.
merci Zora,
an do haat ech nach gezweifelt op ech se soll derbeisetzen, duerch de contre-jour ware Blendeflecken am Bierg, ech hun dru geschafft ech gesin se awer nach
mee de klenge Stärchen am Waasser hat mir et ugedoen an et war e schéine Moment do op deene Steng ze setzen am spéiden Nomëtteg
..eng flott Serie wou's de eis hei weis mischii, an di 5. do ass fir mech déi gréissten Déift dran wou de Charakter vun dëser groussaarteger Landschaft am beschten vermëttelt..!!