Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

strandet boulder

 
strandet boulder
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.11.2011
  • Gekuckt:
    22863
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    5 sec
  • Blend:
    f 11
  • Brennwäit:
    30 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
    Manual
  • Gréisst:
    800x413
  • Späicherplaz:
    346 KB
  • Originaldatum:
    Oktober 2011
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Stativ + ND3

Fir anzesetzen: [pg_img=60021]
Kommentar vum Fotograf:
.. am Valle Maggia ''Ticino''
Shantideva 03.11.2011 - 17:59
Wonnerbar! Déi huet alles wat eng gutt Laanzäitbeliichtung mat Waasser brauch. Deen Steen, als fixen Eyecatcher den sech aus der Beweegung vum Waasser eraushierwt ass fir mech den Tëtonguepelchen um i an d'Strukturen vun de Stäng sinn immens flott. Hei stemmt fir mech alles.
marker 04.11.2011 - 09:12
..ech hun eng Firléiwt fir Détailer, mais hei wolt ech onbedingt dësen Fiels an sengen Proportiounen weisen an dofir dësen Ausschnëtt
d'Bild ass och zu enger Auerzait entstanen wou ech normalerweis keng Landschaftsbiller machen weinst deem langweilen Liicht, mais hei zu der spéider Johreszait war daat alles anerschters.. bon, an den Heliopan huet nat. fir de Rescht gesuergt

Wonnerbar ass e grousse Luew, an de Fav. eng Éier
dofir 2x e grousse MERCI Shantideva
jorsch 03.11.2011 - 18:00
Mir gefält di heite Waasser-Steng-Foto erëm ganz gutt.
Du hues lo eng flott Serie mat dem selwechte Sujet gesammelt. An trotzdem sinn se all anescht, an der Stëmmung, an de Faarwen, am Opbau.
marker 04.11.2011 - 09:25
..inspiréiert vum Andreas Weidner ''exzellenten daitschen Fotograf'' vun deem ech Biller aus der spezieller awer s...geféierlecher Schlucht bei Ponte Brolla gesinn haat hun ech am Fréijoer meng Vakanz hei gemach, an war elo am Hierscht nach eng Kéier dohinner fir Fotoen ze machen, a wéi's de jo schons zitéiert hues, just ee Sujet, Steng a Waasser

..faarweg weisen ech na flaicht eng oder die aner Serie an da war ët daat, soss gët et am Endeffekt awer ze monoton

Merci villmools fir dain Comment jorsch
Miau 03.11.2011 - 20:02
dat do ass menges
marker 04.11.2011 - 09:36
..daat freet mech richteg wann ët dir gefällt Miau, a daat am faarwegen, obwuel's du eng Virléiwt fir SW hues..!!
Ech perséinlech och, mais daat hei wirkt besser an der Faarw.. closed_eye
Schluck 03.11.2011 - 20:04
Gefällt mir och ganz gudd, d'Foarwen, d'Strukturen an och d'Wasser hues de ganz flott "angefruer"
marker 04.11.2011 - 09:43

..ech wolt zwar just de Contraire weisen, an zwar laang beliichten fir d'Dynamik vun der Bewegung vum Waasser ze verstärken, ..ech weess awer wéi's du ët gemengt hues,

dofir och ee grousse Merci Schluck..!!
spackelter 03.11.2011 - 22:55
Ganz staark!
marker 04.11.2011 - 09:45
och hei e grousse Merci spackelter, daat freet mech..!!
mischii 04.11.2011 - 09:55
ech hun hei näischt auszesetzen
dass deen stranded boulder sou an der Mëtt läit ass hei sueguer richteg gudd
ech si begeeschtert vun dëser Serie
marker 04.11.2011 - 11:34
..jo, de Fiels an der Mëtt.. smile, ..méi no riets, da wir deen ugeschniddene Steen ze vill dominant gewiescht, ..méi no lënks, do war mer ze vill Chaos am Bild, ..méi no drun, do war d'Waasser 2 Meter déif, an ech wolt unbedingt dësen 'déiwen' point de vue...; ...an awer, mat de Féiss plus d'Stativ am méi nidregen Waasser, mais waat mecht een net alles fir e Bild.. closed_eye

Villmools Merci mischii
theom 17.01.2013 - 14:40
Hallo marker,lo just dat Bild entdeckt ! E starkt Bild !!
Kann ech mir als Poster gudd virstellen.
marker 02.03.2013 - 20:34
Och hei Merci gesot, freet mech Rob.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 416 Gäscht online