Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

. :

 
All Fotoen an dëser Serie:
22499 Thumbnail
22500 Thumbnail
 . :
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.10.2011
  • Gekuckt:
    11219
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    d300s
  • Objektiv:
    nikkor 85mm 1.8D
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:
LR3

Desaturatioun
Rout an Orange Saturatioun ugepasst fir dat een Friichten an Blieder besser gesäit
Post Crop Vignette

Fir anzesetzen: [pg_img=59732]
Kommentar vum Fotograf:
Mir ass keen Titel agefall...

Wou ech haut zwëschen zwee Gebaier vun der Uni gaangen sinn si mir déi kleng Friichten obgefallen an ech hunn mir geduecht dat déi een schéin Muster ginn...

Beaarbechtung
Desaturatioun
Rout an Orange Saturatioun ugepasst fir dat een Friichten an Blieder besser gesäit
Post Crop Vignette


Kwitchibo 22.10.2011 - 12:50
den Kontrast roud/Gro gefällt ma gudd fannen awer das dat Aluminium net vill zu Photo beidreit.

mbG

MARC
nebu 22.10.2011 - 20:04
Mexki Kwitchibo. Hunn vielleicht ee bëssen vill vum verchromten Eisen drop.. Hunn awer bewosst versicht dat ganzt mat ze integréieren fir dat déi ganz Photo nach méi kaal wierkt (passend zu dëser Jores-Zäit)..


mischii 22.10.2011 - 22:33
Du beschreiws hei Deng Idi vun de Friichten,
sorry, me mech kann dat lo net sou richteg begeeschteren, häss Du net beschriwwe waats de wolls maachen geséich ech hei just e schlecht cadréierte Grill a géing mech froe wat de Fotograf do wollt
ass awer lo just meng perséinlech Kritik
nebu 22.10.2011 - 23:42
Merci fir déi éierlech Meenung. Ech hunn an sich dat rengt Muster alleng ze einfach fonnt an ech hunn geduecht ech kennt mat der Schäerft an dem Cadréieren et ee bëssen méi Grafesch / Futuristesch (dofir och 16:9) man an dobäi nach bëssen méi Keelt duerstellen...
Ech hätt dann wahrscheinlech dach manner Eisen missten drop hunn unhappy Ech hunn Souguer express den Iwerschten Eck dran gelooss mä dat ass dann wuel ze vill .. nu jee.


Situatioun war Eng Sëtzgeleeënheet mat dem Bueden deen eng schéin Muster mat den Friichten ginn hutt. Luucht war net sou interessant soudatt ech mech ob Muster konzentréiert hunn woubäi bei mir Gedanken mat der desaturatioun kommen ass (well rëm) ... Ech wär frou wann's du mir een Tip kenns ginn wéi een dat Verbesseren kann.... ech léieren gären béi bei dësem Hobby..

mischii 29.10.2011 - 12:57
hei hues Du Dir d'Äntwert lo selwer gin
Jo dat Metall ass einfach ze vill a lenkt total vum haaptsächlechen Sujet oof, virun allem bei der éischter Foto, wou ee guer net erkennt wat den Hannergrond ass
hei wier eventuell eng Noopnahm just vun de Steng mat de Bieren ubruecht gewierscht a mat enger oppener Blend eng minimal Schärft gesaat
nebu 29.10.2011 - 13:29
Wann Wieder dat nächst Woch zoulisst dann wärt ech dat mat der Noopnahm mol probéieren.. Ech hunn dat an sech nach net probéiert well ech gefaart hunn et wär ze langweileg awer mat der DOF kann een dat bestëmmt och méi interessant gestalten.. Mexki

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 235 Gäscht online