Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Hate vacuum

Hate vacuum
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.09.2011
  • Gekuckt:
    29770
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    471 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=59072]
Kommentar vum Fotograf:
Nom riese Success vun menger 1ster Foto (ganz 2 Kommentarer, merci Pit an Zersch ;) ) Devil inside


Hei die 2t aus där Série.
Traut Iech roueg är Mehnung ze ginn, dofir gin mir se jo zur Kritik frai....Merci
Nicon07 22.09.2011 - 12:06
Die gute Wahl ... Hoover!bigsmile
http://www.youtube.com/watch?v=XS6qmYliapo
Dat Schrecklecht hei ass, datt di Dame do keng Chnace huet, do raus ze kommen, d'Klensch un der Diir ass ofmontéiert.
D'Iddi ass megakrass (géife méng zwee Jongen (11 an 9 Joer) dat elo nennen...) Super!
m-otiv 22.09.2011 - 14:58
Merci villmools
Locke 22.09.2011 - 12:29
jo also dei hei as jo nunmol null, genee wei deng éischt closed_eye
gudd geschafft smile
m-otiv 22.09.2011 - 15:01
hehe....Tjo eng Amateur Photo vun engem Amateur Photograaf
Locke 22.09.2011 - 15:08
bigsmile
xda 22.09.2011 - 13:20
Ech denke mer do emmer keng Kommentaren si gudd Kommentaren smile zumindest huet do keen eppes ze kritiseieren ...
Awer hues du gudd gemaach daat dooten smile
Aplatz ze setzen an ze raschten keint et mol mam Staubsauger e besse botzen ... Ass nämlech vill Dreck um Bueden smile
m-otiv 22.09.2011 - 15:03
merci och hei....
Tjo wann Ech keng Kommentarer kréien wäll meng Fotoen gudd solle sinn, wiesou posten?

Et kennt nach eng Foto no, wou den Hoover am Asaatz ass
xda 22.09.2011 - 17:26
Ass och erem wouer ...
Aanerer setzen se vleicht drop vir gesoot ze kreien waat ee besser ka maachen ... Mat de Kritiken ass daat och sou eng Saach ...
Deng Foto ass secher top an ech gesin och elo keng Fehler dran an och technesch passt alles ...
Mir perseinlech gefällt daat "onnatiirlecht" waat och vill am HDR rauskennt net sou immens ... mä daat ass "Ansichtssache" wei een hei an .de seet .)
Zersch 22.09.2011 - 13:26
Kléngt elo vläicht komesch mais mech zitt deen Staubsauger do méi un wéi hei d'Model bigsmile daat as awer nët an engem negativen Sënn gemengt ! D'Foto un sech gefällt mer awer gudd , wann och déi 1. aus der Serie mer en Tick besser gefall huet. Deen Raum als Location fannen ech awer de Glanz (dei futti's Gipsmauer , d'Diir ouni Klensch , deen aale Een-Sëtzer an de Buedem) d'Beliichtung souwisou. An datt's de dei Diir resp. Schaaf ? ennen riechts am Eck als Stéck drageloos hues , gët eng speziell Atmosphär , och wann Meedchen hei kéint entwuschen... smile
SummaSummarum : I like !
xaph32 22.09.2011 - 14:27
also prinzipiell fannen ech d'iddi vum shooting gutt, bei dëser sin ech mer matt der téinung nët eens, mir fehlt den een oder aaneren farwakzent an ech fannen dass d'schwarz eventuel zevill ofsëft. ech sin mer awer bewosst dass dat hei nët unbedingt einfach war, me et fehlt mer den leschten kick fir dass et eng WOW-foto ass
m-otiv 22.09.2011 - 15:13
Schwaarz sëft nemmen beim Schiet of, effektiv (clipping indicator seet emol esou)... Eng grëng Teinung ass vun der Comic-Welt inspiréiert, wollt e bessi méi Horror Stëmmung erzielen...(fir mein Choix ze justifizieren)
Ech hoffen dass meng nächst Foto vun Muer dann dein Gout entsprecht closed_eye
Zora 22.09.2011 - 15:26
Den gréissten Horror fir een Framensch, angespuart mat engem Staubsauger, ween dreint do net durch, ob den Punkt emgesaat.
JohnJ 22.09.2011 - 15:49
Salut Vito,

also dei eischt gefällt mer besser :o)
Teinnung hei fann ech ech passend zum Thema..
deen eenzegen Punkt deen mech hei steiert ass Gesiicht vum Model, et gesait e bessi aus wei wann do zevill lightpainting gemeet gin wier (wees net op es iwwerhaapt gemeet gin ass)
awer op den Baaken der Nues an der Stier ass se mir ze hell par raport zum räscht..
wei emmer Idee ann Emmsetzung sin tiptop fir een Hobbyfotograaf :o))
lg
john
m-otiv 22.09.2011 - 16:04
Hallo John, hues Rèscht, d'Gesiitt ass Waiss geschminkt ginn, an wann een et net wéss, gesait et Hell aus
Pit 22.09.2011 - 20:55
Sou dreemt meng Fra, wann hat un Botzen denkt...lol smile (Wann dat mech heieren géing....)
Ech fannen, dat een déi 2 nët direkt verglaichen kann, obwuel se sech vielleicht an der BEA ähnlech sinn. Et ass eng aner Idee dohannert. Déi heiten könnt méi humorvoll eriwer.
DenShadoW 22.09.2011 - 23:42
also mech stéiert éierlech gesoot naischt un der foto ...exzellent fier mech perséinlech... déi wéivillt foto war ët bis datt hatt einegermoossen richteg gejaut huet ? cool
Abacab 23.09.2011 - 08:53
Hunn di 3te aus der Serie schonns gesinn, di gefält mer bis elo am beschten! Freet iech drop closed_eye
Keup 20.10.2011 - 10:50
Staark déi dooten.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 376 Gäscht online