Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Hornissen

All Fotoen an dëser Serie:
20277 Thumbnail
20278 Thumbnail
20279 Thumbnail
20282 Thumbnail
20283 Thumbnail
Hornissen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    17.08.2011
  • Gekuckt:
    22871
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    26
  • Originaldatum:
    17.08.2011
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D Mark IV
  • Objektiv:
    Canon EF 100 f/2.8 Macro
Kategorie: Natur »» Makro
2. Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=58184]
Kommentar vum Fotograf:
Hei eng Serie dei ech an der Mëttesstonn bei engem Hornissennascht ob der Kockelscheier geknippst hun
Nicon07 17.08.2011 - 15:51
Déi gesi geféierléch aus. Mir hun een Nascht vun esou Béischten am Kompost, dat ass net witzeg, wann een de Kichenoffall dohinner dréit... unhappy

Déng Fotoe sin dofir awer richteg gudd!
Schluck 17.08.2011 - 16:11
Merci gesoot, sou no beim Haus weilt ech déi och nët onbedengt hun ... ech hun obgepasst hinnen nët ze no ze kommen ... déi Biller do sinn alleguer extrem gecroppt
Scorpius 17.08.2011 - 15:55
Sin dei net mega gressiv ? gouws de net ugegraff ? closed_eye
Schluck 17.08.2011 - 16:10
Hmmm ... wees nët, ech woar ob allen Fall megavirsechteg an hun mech méi wéi eng keier tëschent den Biller au dem Stëtongues gemach
Maimonides 17.08.2011 - 20:07
Déi sinn manner aggressiv wéi Harespelen, Scorpius.
Scorpius 17.08.2011 - 22:25
Dan hun ech epes beigeleiert, hu gemengt se wieren mei agressiv. Mee denken das och eng psychologesch sach, wan sou e fett beicht firun denger nues flitt, dan fillt een sech definitiv mei agresseiert wei bei enger geweinlecher harespel closed_eye
Maimonides 18.08.2011 - 19:33
Dat mat där " psychologescher Saach ", Scorpius, stëmmt sécher. A wann esou eng laanscht d'Ouer flitt, dann héiert een e Geräisch wat een net direkt kennt.
Schluck 18.08.2011 - 08:44
Géif ech och soen ... an ët woaren der lo och nët sou vill wéi bei engem Haarespëllsnascht
Maimonides 18.08.2011 - 19:42
Ech souz eng Kéier op enger zouener Veranda, owes spéit, an do waren där e puer honnert virun der vu bannen beliichter Fënster. An ech hat keng Knips derbäi....
;-(
Schluck 18.08.2011 - 20:42
Arrgh, schued ... ech sutz eng Keier zu Bascharage an engem Resto do woar och alles voll dobannen. Si hun awer kengem eppes gemach, mais ët woar mer awer net geheier. Dat woar och déi eischt keier dass ech der iwwerhaapt gesinn hun
Maimonides 18.08.2011 - 21:30
Ech kennen 2 lëtzebuerger Nimm vun hinnen: "Runnen" an "Huschen". Et missten där Nimm awer nach méi ginn. Wär mol villäicht interessant d Oueren ze spëtzen.
Arbi 17.08.2011 - 16:40
Gudd dei dooten. Ech kommen grad aus der Toskana, do war och een Nascht beim Haus.
Wei ech mech ugeschlach hun fir se ze fotografeiren, hun d'Hornissen décideiert dass et besser wär wann ech daat net ging maan. Ech hunn hinnen dunn brav gefollegt smile

Kruut awer puer Haarespelen, dei ech nach speider hei posten.
Schluck 18.08.2011 - 08:41
Hehe, jo dat summen an déi bedrohlech Foarwen an d'Greisst vun denen skann een iwwerzegen fir ob Distanz ze bleiwen... Dat Nascht héi Léit direkt um Spazéierwee an ginn déi ganzen Zäiten Léit laanscht. Et sutz och ëmmer een "Wächter" beim Angang den nët erausgeflunn ass.
Abacab 17.08.2011 - 17:03
All Respekt fier däi Mut! Deen huet sech awer gelount, well et sinn super Biller ginn. N°3 gefält mer besonneg gutt!
Schluck 18.08.2011 - 08:41
Ech woar virsichteg .. hun mech nët ze no erungetraut.
Pit 17.08.2011 - 18:13
Tip top, all ze laang wärten déi awer net nokuken...smile
Schluck 18.08.2011 - 08:42
Woar nët ze no drun an sinn tëschenduerch ëmmer rem ob Distanz gang
Jeanny 17.08.2011 - 19:57
dat ass menges Schluck, haten se dech, bei sech agelueden, ech giff e net trauensmile awer eng ganz flott Serie.
Schluck 18.08.2011 - 08:43
Woar mer och mullmeg bei der Sach ... konnt awer net widderstoen. Merci Jeanny
Maimonides 17.08.2011 - 20:05
Exzellent Serie, Schluck,
an déi 4. gefält mir am beschten.
Schluck 18.08.2011 - 08:44
Merci Maimonides, heiert een gaer.
ludiol 17.08.2011 - 20:29
Flott Serie, di 4. an di 5. gefaale mer am Beschten
Schluck 18.08.2011 - 08:45
Merci ludiol, fir mech 3, 4, 5 ... wollt d'Serie awer progressiv obbauen dofir hun ech déi zwou eicht och beigesaat
jorsch 18.08.2011 - 20:37
Immens flott Biller vun dëse raren Déieren.
Schluck 18.08.2011 - 20:40
Ech mengen der gesait en och réischt kiirzlech hei, als Kand kann ech mech nët ërenneren der gesinn ze hunn. Dëst Joër hun ech der zu Remerschen an ob der Kockelscheuer gesinn
jorsch 18.08.2011 - 20:44
Ech hunn se och als Kand erlierft. Mir hu se "Runnen" genannt an haten en hellege Respekt virun hinnen!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 497 Gäscht online