Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Mardi Gras

 
Mardi Gras
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.05.2011
  • Gekuckt:
    19221
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1106x737
  • Späicherplaz:
    392 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 7D
  • Programm:
  • Objektiv:
    70-200
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=55122]
Kommentar vum Fotograf:
Mardi Gras zu New Orleans
Nagarjuna 02.05.2011 - 08:20
Ganz flott! D'Schäerft genau do wou se soll sinn. Vill Emotioun am Bild an eng super Déiftenonschäerft. Deen eenzegen Kritikpunkt den ech perséinlech hätt wier dass een net genuch vum Gesamtkontext (Emfeld) matkritt well d'Foto zimlech enk Cadréiert ass. Ob dat d'Foto elo méi interessant gierf maachen kann ech awer net beuerteelen well ech net do war. Gefält mir awer op jidder Fall.
Maimonides 02.05.2011 - 19:54
Dat ass sécher eng valabel a flott Optioun, Nagarjuna,
(méi vum Ëmfeld ze weisen):
> street.
Di aner Optioun wier dann awer och
se n a c h méi enk ze schneiden:
horizontal ënnert dem Eelebou,
laanscht den Tattoo erof,
a just virun deem wäisse Bengel erëm rop:
> portrait.

Gefält mir awer elo schonn super.
Nagarjuna 02.05.2011 - 22:17
...als Quadrat also? Gutt Idee! Deen Cadrage ass och ganz interessant. Dann passt d'Gesiicht an der Mëtt och perfekt. Un Street, mat e bëssi méi Ëmfeld hunn ech direkt geduecht wou ech déi uniforméiert Persoun ganz lenks gesinn hunn. Ech denken do war eng ganz flott lass an et war definitiv derwäert do mam Fotoapparat ze sinn.
rockstarnailbomb 02.05.2011 - 22:25
meng 2 cent

den uarm plus tattoo woll tech drop kreien...
geif ech se nach emol croppen... hätt ech hechstens just den lenken personnage am hannergrond drop, an et geif een nix vum scheinen bokeh (onschärft) matkreien smile an geif och alles op der foto anenkgen

esou dass ech fannen dass et gudd equiliber tëscht schärft an onschärft besteet..


mei ronderem mat drop...geif nees den bleck op villes ronderem zeien... ech fannen einfach dass d'mimik hei direkt an d'aa sprengt..an esou soll et och sin...

awer merci fir är comments smile
Nagarjuna 02.05.2011 - 22:36
Den Maimonides huet jo betount "laanscht den Tattoo erof". Ech hunn domat perséinlech "inclusive" Tattoo verstanen. Mat dem wäissen Bengel häss du jo nach déi ganz Persoun riets mat drop, déi jo am Bokeh ass. Ech fannen dat eng gutt Idee. Awer, mat méi Ëmfelt kanns du jo och deen Personnage isoléieren an de Rescht am Bokeh hunn. Alles eng Saach vun Kombinatioun vun Brennwäit an Blend. Awer et huet jo keen vun eis 2 gesot dass se sou schlecht wier. Am Contraire... ech denken den Maimonides huet se grad sou appreciéiert wéi ech och. Mir hunn 2 Alternativen proposéiert. closed_eye
Maimonides 03.05.2011 - 20:21
Den Tattoo muss selbstverständlech op der Foto sinn !
Mäin leschte Saz a mengem Kommentar war: "Gefält mir awer elo schonn super". Ech hunn se wierklech grad esou appréciéiert wéi's du, Nagarjuna. A wann se net esou interessant wier, hätte mir 2 di do alternativ (verschidden) Approchen mol net ugeschwat.
Keup 02.05.2011 - 11:12
Wow. Béis festgehaal.
ZerberuZ 02.05.2011 - 21:07
top dei doen .. gefaellt richteg gudd
Schluck 02.05.2011 - 22:45
Jo, dei huet eppes... den Weissen strech steiert ee bëssen, ech geif den Maimonides sein Crop emol probeieren
Maimonides 03.05.2011 - 20:32
Dee wäissen Stréch, Schluck,...dat ass och esou eng Geschicht.
Dee Mann mam donkele Brëll, combinéiert mat deem wäisse,...soe mir elo mol,...Bengel, kéint 1 Blannen sinn. An dann krit déi Foto do nach eng ganz aner Ausso. Dee Cadrage wier villäicht och nach méiglech.
Schluck 03.05.2011 - 20:39
Oupps ... stëmmt, effektiv aennert dat dei ganz Geschicht.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
2 Benotzer an 441 Gäscht online