Wie kuckt dann do lénks mat der Gasmask ëm den Eck? Ass dat ee "Liquidator"?
Wa mir schon dobäi sin: Denke mir hei ee Moment stëll un di Leit, déi viru 25 Joer zu Tschernobyl an haut zu Fukushima (a mar zu ???) hiert Liewe riskert hun/ riskéieren fir dat Schlëmmst ze verhënneren.
de "Liquidator" den heieranner kuckt ass nach gutt drun, him leeft dat radioaktivt Wasser jo nach nach net zu de Stiwwelen eran.
Mä wann, dann kritt e wahrscheinlech vu senge Virgesetzte gesot dat et seng Schold selwer war, en huet jo dann net opgepasst .... a "fräiwëlleg" hätt en sech jo och net misse mellen. Wahrscheinlech haten se him dee nëmmen sensatiounshongereg war, e Gefale wollte maachen.
Also, ... alles seng eege Schold wann em hei d'Wasser iwwert de Stiwwelen an ënnert dem Kenn steet.
Spezialisten sinn ëmmer Gutt!
Dat ass alles nëmmen hallef esou wëll huet gëschter esou en ale Japs op der Telé gesot. Mir si jo 45 Km dovun ewäsch ! Also Keng Panik. Da ginn e puer Tyvek'en a e puer Stësmasken verdeelt an da packe mär déi nächst 5000 Joer schon.
merci DarkRoom, et ass scho méi en alt Bild.
A mat dem ganzen Trallala em éis'Brüteren, ass
dëst Bild mer erëm an Erënnerung komm vir e
bëssen drun ze kniwwelen.
merci och Dir )