Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Courbes et droites

 
Courbes et droites
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.04.2006
  • Gekuckt:
    34561
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    1/400
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    38 mm
  • ISO:
    250
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x466
  • Späicherplaz:
    540 KB
  • Originaldatum:
    2006:04:17 10:28:56
  • Fotoapparat:
    NIKON D70
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Allgemeng »» Formen an Strukturen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=5274]
Kommentar vum Fotograf:
Tëschend Heeschpelt an Ningsen. Mir huet dat Spill vun de Kurven um Wee an am Gromperestéck am Kontrast mat de riichte Baamstämm gefall. Ech hun och nach eng vu méi no, mais ech wollt awer mol di heite weise, wou d'Landschaft och méi mat drop as.
BenSpeltz 18.04.2006 - 21:41
Ss wirklech schein mat denen fillen verschiddenen Linen an verschidden Richtungen... Horizont gaeren kromm...?
Nicon07 19.04.2006 - 09:33
Déi Fro vum Horizont as bal net ze beäntwerten, well do get et néierens eng Horizontal, déi een als Unhaltspunkt kéint huëlen. Vu datt ech am Viseur vu méngem Apparat d'Gridlines aktivéiert hun, hun ech alt probéiert den Horizont esou gudd wi méigléch deenen unzepassen. Ech géing soën, an dësem Fall as dat éischter subjektiv an net esou relevant. Bei engem plan d'eau oder dem Mier as dat schons eng aaner Saach. Ech sin op alle frou fir däi Commentaire an ech soen dir och merci dofir.
joellchen 18.04.2006 - 21:52
gefällt mer smile net nemen weint den formen an sou,mee och d faarwen fannen ech schein smile as iergentwie hamronesch smile
dendan 18.04.2006 - 23:30
Exellent Bildkompositioun... do passt alles, d'Formen an d'Farwen.. einfach schéin! 8.5... also 9/10
Nicon07 19.04.2006 - 17:30
Do fiirt ee mam Auto laanscht, gesäit durch Zoufall dat Gromperestéck, dat frësch agemaach as, an da mécht et klick am Fotografietirang vum Gehir, a scho brauch een nëmme mi nach dat geeschteg färdegt Bild ze matérialiséieren. Merci fir däi vote.
Paukl 19.04.2006 - 06:33
Gefällt mer deck gudd. Weivill Fotoen sin et dann?
Nicon07 19.04.2006 - 09:18
et as eng eenzech Foto am RAW-Format, do huet een dach genug Pixel-Spillraum fir ze cropen bis een ee Panorama huët, wat och nach am JPEG net "grimmelt". Ech hat nàmléch kee Stativ mat, an e Panorama aus e puer Fotoen ouni Stativ ze probéieren, na ja...
amBesch 19.04.2006 - 16:48
Jo, schléisse mech denen aneren un: eng ganz flott Photo. Schéin harmonesch am Bildopbau an an de Faarwen. Tiptop!
Jury 08.05.2006 - 21:38
Gléckwonsch, déng Foto ass vun eiser Jury als Topfoto gewielt gin.
rom 06.09.2006 - 21:46
Respekt, déi do as schéin: Faarwen, Kompositioun, Linnen, as einfach gudd.
Annick 12.04.2007 - 10:31
't ass alles zu der foto gesot, gefàllt ma imens gutt
Nicon07 12.04.2007 - 12:05
Merci fir deng Appréciatioun, Annick.
Mochel 31.10.2008 - 17:59
Och wann Foto scjons mei aal as. Hei mei Comment: cool gefällt mer och goud. Do wor den Bauer ewer kreativ

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 447 Gäscht online