Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Dyrhólaey

 
All Fotoen an dëser Serie:
11022 Thumbnail
11023 Thumbnail
11024 Thumbnail
11025 Thumbnail
11026 Thumbnail
Dyrhólaey
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.10.2010
  • Gekuckt:
    22885
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    32
  • Originaldatum:
    August 2010
  • Fotoapparat:
    olympus E-520
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=50193]
Kommentar vum Fotograf:
e wonnerbart Gebidd a Südisland bei Vik, vun Abrël bis Juni, därf do keen hin well do vill Vullen bréien, mir haten dëst Jor Pech, och di schéin Papageientaucher ware scho fort.
Landschaftlech war et mat de Fielsen an dem pechschwarze Strand awer nach en Highlight. De Wee dohinner ass a puncto "Stroooss" ganz schlëmm
klicken w.e.g
gtaddei1 30.10.2010 - 23:38
Ganzesch flott Serie .. ech kreien emmer mei Looscht bei Geysiren ze fueren.
mischii 31.10.2010 - 01:20
merci Gennaro,
also Geysiren gëtt et nët méi vill an Island, , den original Geysir ass sou zimlech doud, derniewt späitz den Stokkur all 5 Minuten, dat ass et awer dann!!méi gesäit een nët , an den Tourieffekt ass hei schäisslech, Bussen an nach eemol Bussen vu Leit, déi sech op 1!Geysir konzentréiren
Do huet de Yellowstone vill méi ze bidden, do späitzt et an all Eck.
gtaddei1 31.10.2010 - 01:36
sad
mischii 31.10.2010 - 01:57
also loos Dech awer lo nët entgeeschtren, och wann et keng Geysiren méi gin, ass Island top fir alles waat een sou néirens gesäit, schléisse mer mol d'Banken aus a konzentréire mer eis op d^Landschaft, et ass einfach science fiction,
ënnert Dir brodelt et, op verschiddene Plaaatzen späitzt de Buedem permanent, et blubbert, et komme waarm a stenkech Bullisbloosen,
et ass eng kompleltt aaner Welt, an dofir sou faszinant
gtaddei1 31.10.2010 - 12:01
Ech sinn iwerzécht... ech waerd doudsecher dohinner goen
mischii 31.10.2010 - 14:39
smile
marker 30.10.2010 - 23:43
eng flott Serie déi's de eis hei weis, an op all Foto mindestens eng Persoun
Gefällt mer gudd, och waat d'Liicht betrëfft..!!
mischii 31.10.2010 - 01:06
merci marker, wat Persoun ugeet meeschtens een aus menger Famill, dee wait fir war, a jo d'Luucht war schéin deen Daag
JohnJ 31.10.2010 - 00:33
Ganz flott
mischii 31.10.2010 - 01:04
villmols merci
Poly 31.10.2010 - 00:47
wéi ech gesinn, ass do ochconfused nach d'Welt an der Rei,
gutt gesinn, déi Persoun déi do eleng trëtonguepelt ënnersträicht dat Gefill, vun der Rou an Onberéiertheethet vun der Natur
mischii 31.10.2010 - 01:03
merci Poly, lo muss ech e bessi laachen, well deen do trëtonguepelt ass mäi Mann, deen sech schon rëm iergert, dass ech wéint menge Fotoen nët nokommen, hmm do war herno d'Rou fort mat mengem Getrenntels a Knipsen, 2 Leit am Auto, déi mech ganz béis gekuckt hun!
Poly 31.10.2010 - 01:13
ma da musst him emol soen e soll méi oft aus dem Auto klammen an sech d'Landschaft ukucken, well dat esou richteg op d'Fotoen passt smile
-mä gleef mer ech hunn oft de selwechte "Problem", awer da waart e ganze Bus smile)
mischii 31.10.2010 - 01:34
smile
ups, freet sech wat lo mi schlemm war, ech hun nach missen d'Zemmer mat den onzefriddene Gesellen deelen

ps ech schécken dann och nach eng foto fir dech wou en sou mam Auto braust e mech erausgeschéckt huet fir ze knipsen
arwa 31.10.2010 - 08:38
wonnerbar Serie vun enger impressionanter Landschaft !
gefällt mir ganz gudd
mischii 31.10.2010 - 17:21
och hei villmols merci
Pixelman 31.10.2010 - 09:12
Et ass emmer flott eng Persoun als Referenzpunkt zweschen dénen Monsterfielsen ze gesinn.
mischii 31.10.2010 - 17:20
freet mech Ren, double thx
ChLo 31.10.2010 - 09:35
Flott Serie vun enger impressionanter Landschaft.
mischii 31.10.2010 - 17:19
merci Christian
deSir 31.10.2010 - 10:01
Michèle ed kann en am Liewen leider oder och nedd alles hun,awer dofir ass des Serie einfach grandios,se gefällt mer immens
e scheine Sonndeg an eng schei frei Woch
deSir John
mischii 31.10.2010 - 17:19
merci John, ech wärt et genéissen
suraki 31.10.2010 - 17:29
wat soll ech dann elo nach schreiwen ausser dat ech ganz bestëmmt emol dohinner ginn, an do bass du ganz bestëmmt e bëssen Schold drunner ! *g*
mischii 31.10.2010 - 17:35
smile
merci Ed
mee pass op et mecht süchteg!
suraki 31.10.2010 - 17:41
eis Krankekeese bezuelen dat dach och ?bigsmile
mischii 31.10.2010 - 17:49
ech hoffen dann alt dass een nët dat Medikament mat Cannabis brauch a just en neie Flugticket gesond mecht. Ech muss mol kucken wien mer en neie Ticket verschreiwt a wivill do rembourséiert gëtt
suraki 31.10.2010 - 17:52
nëmmen bei de Privatversecherten mat PlatinKaart geet datbigsmile
shingo 31.10.2010 - 18:49
Wonnerbar Serie (wéi gewinnt)
Du mëch jo wirklech "Reklam" fir Island
Deem nächst wert een ganzen Bus "Lëtzebuerger" ënnerwee sinn! closed_eye
mischii 01.11.2010 - 09:37
smile merci Shingo, an ech gi secher och nach eng Kéier zréck!
Scyv76 31.10.2010 - 23:38
Top daat dooten !!
Woor virun 5 Joer just eng Kéier kuerz 2 Deeg an Island...mengen muss do mool méi en laangen Openthalt aplangen smile
mischii 01.11.2010 - 09:38
merci Yves, jo mi e laangen Openthalt rentéiert sech
He-Lx 01.11.2010 - 13:58
Einfach wonnerbar Landschaftsopnahmen. Déi Lavafelder mat dem bësse Grengs and d'Waasser sin iwerwältegend.
LG Henri

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 407 Gäscht online