UM BGL BNP Paribas Luxembourg Open vum 16-24.10.2010.
War erem en grandiosen tourneier. Hun emol versicht den D300 op limiten ze testen...All komentar ass wellkom.
Mei op www.fotki.com/laurentmajerus
Merci fir dein Kommentar. Jo daat streiten ech guer net oof, mat den gesichte. Mee et ass guer net einfach do scharf gesiichter ze kreien beim service. Ech wert mech awer drun gin, fir daat nach ze verbesseren. All idee wei een daat nach besser keint machen, ass welkom.
mir as zb. opgefall, dat op all Foto iergend eng Plaatz um Kierper vun de Spillerinnen schaarf as, just nët d'Gesiicht.
Also muss du de Fokus aanescht setzen !
vleicht nach d'Isoën ropschrauwen, wann d'Nikon verdreit
ech wées (vun engem Sportfotograf), dat ët op där Plaatz d'Liichtverhältnesser ënner aller Clarinette sin,
vun dohir sin deng Fotoën mol guer net sou schlëch (geif de Lëtzebuerger soën ...)
Super Momentoppnahmen! Do gesait een mol waat fier Sprongkraaft déi drop hun.
An d' Meedercher nach ennert dem Rack knipsen! Eieiei!
Déi véiert photo hätt ech ewech geloss. Déi ass vum Liicht net esou gudd an passt vum Buedem, vum Spring an der Kleedung net zu denen aneren Biller. Mee bon, daat ass meng perséinlech Meenung.
Sen emmer frou iwert Kritik, an och perséinlech Meenungen. Esou kent een virun an leiert een bei.
Jo daat mat dem Rack...hmm. Hun der awer emol e puer fir mech gehaalen. Kann jo net duerfir dass den Rack an luucht geet.
Hun nach zevill un, drener, soss geifen nach mei leit "Tennis" kuken goen. hihi