Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Den Aalen...

 
Den Aalen...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.08.2010
  • Gekuckt:
    13365
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    5
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x572
  • Späicherplaz:
    255 KB
  • Originaldatum:
    ca. 1985
  • Fotoapparat:
    Pentax LX
  • Programm:
  • Objektiv:
    SMC-M 2.8/28mm
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun  
Extras:
Kodak Technical Pan @ 50 ASA
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=48538]
Kommentar vum Fotograf:
... am Atelier. Mech huet hien vaguement un de Lino Ventura errënnert, dofiir hun ech Lino genannt, fiir de aaner war hien just den Aalen...

Aanalogen Doppelgänger = Duebelbeliichtung, keng PS Manipulatioun...
marker 31.08.2010 - 14:46
...ouni Schutzbrëll..? dat doten as e Fall fir d'inspection du travail.... closed_eye

..ech hu mech seinerzeit geploot wéi een Iesel, a krut net eng eenzeg anstänneg Duebelbeliichtung zustanen.. ..hun mat sou engem plastiks Cokin-Filter hantéiert..

..an hei, keen Usatz wou d'Bild getrennt ass, etc. etc... ganz sauber geschafft, ..herrlech Tounwerter, an en plus d'Gesamtbild souwiesou.. Respekt..!!
Jaycee 31.08.2010 - 21:38
ech hun elo graad gesin dass de nach eng Nikon F2 hues... un der Kamera kann ët dann nët geléen hun dass deng Duebelbeliichtungen nët esou geklappt hun...
marker 07.09.2010 - 15:22
..eng Ketten ass bekanntlech ëmmer nemmen esou staark wéi hiirt schwächste Glidd, an an dësem Fall war daat secherlech net F2 closed_eye

d'Ofhängechkeet vun der Blend a Relatioun mat der Brennwait huet nat. och eng grouss Roll gespillt fir keen Iwergang ze gesinn, an ech hun seinerzeit alles op Kodachrome 64 photographéiert, an ier déi dann entweckelt vun Lausanne zreck koumen haat ech meeschtengs meng Notizen vun den Astellungen vetësselt oder verluer, an esou war dann keng direkt Widerhuelung mat evtl. Korrektur méigeleg...
mais bon......
Jaycee 08.09.2010 - 22:51
... wéis de sées... mais bon... c'est passé. Wann ech mech richteg errënneren huet Cokin demols bei Brennwäit 50mm (bezunn op Klengbild) Blend 5,6 bis 8 recommandéiert...
Jaycee 31.08.2010 - 21:28
... ech hun demols och mat dem plastiks Cokin Dingsbums hantéiert a schnell festgestallt dass e puer elementar Bedingungen mussen erfëllt sin fiir eng uerdentlech Duebelbeliichtung ronn ze kréien:
- stabilt Stativ,
- beim wiësselen vun der Cokinsmask vun enger Säit op déi aaner d'Kamera absolut nët verrëckelen,
- daat selwescht gëlt och beim Verschlussspaanen a genee do läit nach éen aanere Knackpunkt: Et ass nach laang nët bei all Kamera méiglech de Verschluss ze spaanen, ouni dass de Film och ke Brochdeel vun engem Millimeter bougéiert. Bei mengen Pentax K2, ME an MX huet daat (baal) nie geklappt, bei der LX ëmmer, mais déi huet och grad esou vill kascht wéi d'K2, d'ME an d'MX zesummen. D'LX war demols den Topmodell vu Pentax a vergläichbar mat der Canon F1, respektiv Nikon F3.
Hei nach eng Duebelbeliichtung aus der Zäit...
Analog Doppelgänger

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Erdmännchen II

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: jaro
Am Ganzen: 3682
keen Benotzer an 204 Gäscht online