Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
All Fotoen an dëser Serie:
7696 Thumbnail
7697 Thumbnail
7698 Thumbnail
7699 Thumbnail
7700 Thumbnail
L'épave
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.06.2010
  • Gekuckt:
    27038
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    19
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    NIKON D80
  • Objektiv:
    Sigma 10-20mm f/4-5,6
Kategorie: Digital Art »» Bewegung  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=46608]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Foto vum Cimetière marin zu Camaret an der Bretagne an hir Variatiounen
m-otiv 24.06.2010 - 12:24
aha...daat richt no nik color fx 3.0 daat doten...
définitiv SW matt e bessi méi kontrast
Shantideva 24.06.2010 - 12:32
Idem: ...an villäicht nach den donkelen Deel vum Himmel uewen riets e bëssi ophellen, dann ass se perfekt.
Nicon07 24.06.2010 - 12:38
Lo hun ech grad mat Kanalmixer a simuléiertem Roudfilter dat Blot am Himmel gäre schwarz gemaach.... unhappy

Mais ech hu jo nach eng Plaz an der Serie fräi... smile
Shantideva 24.06.2010 - 12:44
Ech hunn mir dat geduecht. Du kanns jo dann villäicht zwou Versiounen maachen an bei enger Versioun den Blokanal e bëssi boosten. An duerno se iwwerteneen lee an just den donkelen Deel Himmel durch eng Mask ophellen. Awer dat ass just eng affaire de goût. Mir perséinlech ass et ze schwarz gin (bal wéi Nuecht) do am Eck.
Nicon07 24.06.2010 - 12:48
Däi Wonsch ass mäin Optrag! smile
Shantideva 24.06.2010 - 12:51
Wow! bigsmile
Nicon07 24.06.2010 - 12:55
An?? Gefällt se dir sou besser?
Shantideva 24.06.2010 - 13:10
Den Himmel fannen ech elo perfekt awer duerch den staarken Kontrast hues du vill flott Detailer um Boot an an der Landschaft verluer. Ech wier fir een Kompromëss vun béiden.
Nicon07 24.06.2010 - 12:36
Dat richt guer net no Nik color fx 3.0. Dat ass ganz banal de PS5 mat ménge Fangeren um Trackpad mat Ausnahm vum Polaroid, dat ass ee Script fir de PS Polaroid Generator V2.2 by rawimage.

Ass de Kontrast beim BW einfach sou allgemeng ze flou, oder ass et déng perséinléch Appréciatioun, déi mécht, datt nach een nach een Tick Kontrast kéint bäigin? Ech froen dat, well ech nämléch um MacBookPro virun deem verglastenen schéinen relfektéirenden brillianten Ecran sëtzen an dee scho gären ee falscht Bild gët. Du kanns och kucken, ënnert wéi engem Farfprofil de Fichier bei dir an den Exif steet, well ech hun elo réischt gemierkt, datt de Camera RAW vum CS5 (ech hun e geschter Owend installéiert) par défaut an de farfprofil Adobe RGB 1998 verwandelt huet. Dat mécht nämléch och, datt d'Farwen an d'Kontraster op ären Ecran'en aanescht si wi bei mir.
m-otiv 24.06.2010 - 12:44
hun 2 schiermer...mä hun och de probleem dass op mein mac vill méi kontrastéiert ass wéi op een aaneren den kalibréiert ass...ech mengen apple mëscht dat absichtlech fir dass filmer an fotoen méi knallen...ech testen emmer op 2 schiermer.

Dein daischtersten schwaarz, ass nach net schwaarz , mä ganz donkelgro
Nicon07 24.06.2010 - 12:47
Ech lueden elo nach eng 5. Versioun rop, wou ech fir de Shanti den Himmel méi hellgemaach hun an duerno ee Stéck weggeschnidden hun (fir d'Artefakte verschwannen ze din...bigsmile) an dann nach fir déch wou ech mat de gradatiounskurven de Schwarz an de Wäisspunkt gesat hun. Lo kënnt se gläich!
Shantideva 24.06.2010 - 12:49
Jo, genau dat ass mir och bei deenen neien iMac'en opgefall. Schued awer... Awer do gëtt et "anscheinend" och neierdéngs verschidden Profiléiergeräter fir déi verschidden Bildschiermer (mat LED, ouni LED) wéinst dem Kontrast.
Geko 24.06.2010 - 12:30
Et geet näischt iwwer sou richtig kräftig SW-Fotoen! Déi Polaroid-Imitatioun ass zwar och gudd gemeet.
Poly 24.06.2010 - 12:32
fannen dei sw och besser, wäert mer déi Plaz mierken, wann ech an der Bretagne sinn
gtaddei1 24.06.2010 - 13:19
Ech pèerseinlech hunn de Polaroid am leiwsten... de SW ass ze fill perfekt an den Doudes Atmosphär gét verluer ... D'Solarisatioun ass Psychedelesch , flott mé villeicht net appropriert ... Also Definitiv Polaroid Versioun... Dei aaner sinn gudd mé dei schmaachen mir ze fill no Doku
danny1986 24.06.2010 - 15:52
dei as mega
Jaycee 27.06.2010 - 10:46
... ech haale mech aus der Diskussioun eraus a gi mäi vote un déi virtuell Polaroid... closed_eye
Nicon07 27.06.2010 - 10:53
Dat ass eng weis Décisioun! closed_eye
Jaycee 28.06.2010 - 22:31
smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 285 Gäscht online