D'Krokus ass ganz schwéier ze fotograféieren....ech wees nach nët op déi hei mer soll richteg gefaalen...sin eigentlech dergéint fir Blummen vun uewen eroof ze fotograféieren.
Wei wier et mam Quadrat als cadrage, andeems de rechts d'Blieder ofschneits ? Fir mech wierkt daat besser.
joah, sou een "Koup" Blummen (se wuessen meeschtens all iwertneen) propper ze fotograféiren as eng Erausfuerderung! hun mech laang ameseiert an dei haiten huet mer schliesslech am beschten gefall - winst der Kombinatioun fum Wenkel an der Luucht.... (uewenrof as geféierlech mee nemmen sou kruut ech nach Orange mat drop!)
fir dQuadrat hett ech bessi mei wait kadreiren missen, sou gesait et iwerfellt aus (hun getest)
Du hues së "Krokus" genannt, BlackPanther.
Häss du deng Foto "spot on" genannt, (zb)
wär së ganz aanischt gekuckt gin.
Fir mech ass dëst eng super Foto.
Eng "mise en scène" déi een nët oft gesäit:
groussen Theater (an nët " grousse Kino " ).
An dat ass e riese Kompliment.
(den klik war op dem Kwitch sain "et muss een drop kliken" hin....fir mech och selbstverständlech, nemmen sou get se sou scharf wei se soll... - son mer et as un dNewcomer geriicht?) ;D