Waat steiert dech dann bei deser? Ech fannen den tonemapping ganz gudd. Kontrast och, kompo och...hun ech eppes verpasst? (di gudd kommen awer no, hehe)
ma ech fannen dat fill schiertiwerlagerungen dran sin, deen groen schleim !
oder ech gesin erem alles falsch !
mais sou kennt et hei eriwer !
du wees dat ech gàren luewen, an och eben meng mehnung soen, och wann se net emmer dei as, dei een gär geng heieren !
ausserdem as t'motiv net onbedingt daat interessants waat et get !
sorry, sou gesin ech et eben !
bass de awer nach frou mat mier ?
Ech haat elo 40 Zeilen geschriwen mé dann woar ech nett mei en ligne an alles fort.
Widderhuelen :
Interessant dei Diskussioun.
1- Den Motiv: Flott Luucht , herrlesch schietter-luucht spill
2- HDR:
a- Et ginn zesch A&W fir HDR ze verschaffen ... gerad esou ewei én POrtrait oder eng Landschafft
b- HDR:
1- Groe Floom: Daat ass dei Diffus Luucht dei baal emmer schweier ass eraus ze huelen ... mé hai verschaaft daat der Foto eng bestemmten douceur ouni iwerschärfung
2- D'Schieter: Sinn absolut esou gewiewscht: Tonnen Fensteren matt enger Sonn dei voll drann geklaakt huet... also esou ewei én se hai gesait.
3- Motiv: Et ass d'Ambiance ewei schjons gesoot.. hai kennt d'Owesstemmung gudd eraus.
Kritik: D'Perspektiv ass nett mir recht.... E bessi um Lenken ierweschten Eck zeien vir daat d'Linnen nés e bessi mei riischt sinn.
Daat kennt vir wann én mamm Brétwenkel nach nett esou rischtesch gewinnt ass ... dén ass schweier ze gebrauchen well eben de Cadrage esou muss dirigeiert ginn fir daat d'Flucht punkten stemmen an daat d'Linnen stemmen ... daat ass nach lang nett esou einfach ...
merci fir deng konstruktiv kritik
Jo daat matt der perspektiv, haat och esou e gevill, mä all vertikal as riescht...muss do nach e bessi zeien goen...haat net verstaan virwaat daat esou wier. sorry dass du den 40 zeilen hues missen frësch schreiwen....ech sin gespaant op deng fotoen...(wou's du ganz uewen do wars)
Vito, irgendwéi rappt dat Bild, obschon et technesch ok a gutt verschafft as, mech nët em. Lènks as et mer irgendwéi ze eidel, mein eichte Blëck sicht, fend awer neicht wat mech unzit. Gif éen se beim éichten Poteau vum Gelänner schnéiden, gif ech selwer! se vill méi flott fannen, .. och wann dann Dimensiounen futsch sin
Jo daat fannen ech fotografesch richtesch waat den Ed séd... mé et wärd nett einfach ze maachen sinn.
Alzäiten ech werfen der ganz vill ewesch well esch hai na do am donkelen net wéés waat ech maachen
Irgendwéi gefällt mir deng Foto richteg gudd. Ech verstin just net emmer waat déi Diskussiounen sollen...?
Dir macht jo, menger Meenung no, super Foten... Fir waat soll een dann sou laang doriwer diskutéieren? Wann eppes net OK ass, dann kann een se jo erem läschen. An och, wann alles OK ass , kann een seng Foto nach emmer läschen wann een se just wollt weisen an denen aaneren seng Freed und der Foto deelen wollt lossen.
Daat hei ass eng "normal" Foto fun enger Industriehaal... wou kommen déi Diskussiounen hier???
jc,
et huet jo keen hei eng grouss opgefouert !
a wann erem een schold soll sin, dann ech !
mais ech hun just gesoot dat ech se fier eng foto fum Vito net sou gut fannen wei seng meescht aner fotoen !
ech mengen kritik as jo awer erwenscht bei den meeschten hei !
geinnt t'foto as u sech och net fill ze soen, teschnesch gesin !
den hdr, mein gott ... et gin (mega tonnen kilo gehiirlos) vill mei schlechter !
mais fum motiv hier, fannen ech se eichter langweileg !
ech mengen mir sin jo weit derfun eweg elo hei eng opzefeieren !
schlecht fotoen werten mer fum vito keng mei gesin ... eben just manner gudder !
daat kennt derfun wann een sou gut sachen mecht vito, et muss een emmer noleen !
Neischt fir ongudd. Daat war meng eischt Reaktioun wou ech probéiert hun bis un d'Enn vun den Kommentarer ze scrollen an ech einfach net färdeg gin sin. Liesen wollt ech awer och net erem alles waat do stoung. Ech hat just matkritt dass d'Foto, déi ech am Fong guer net schlecht fannen durch déi flott Luucht, zimmlech auserneen geholl gin ass. Iwert d'Bea leisst sech secher streiden, an ech mengen daat ass och hei geschitt. Et war awer och dem Vito seng eischt Erfahrung an sou engem speziellen Milieu, wou den HDR een aaneren Tonemapping bedarf wéi firun der Dier. So, so, so... an elo hun ech d'Seit nach méi laang gemeet....