Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Wasp Head 1

 
Wasp Head 1
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.03.2010
  • Gekuckt:
    46337
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    35
  • Beliichtungszäit:
    8/1 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    400 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1280x852
  • Späicherplaz:
    601 KB
  • Originaldatum:
    2010:03:28 17:48:33
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Sigma 70-200 f2.8 & 2x Teleconverter & Nikkor 24-70 f2.8 an Retro
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
2. Kategorie: Déieren »» Makro
Extras:
Stativ, Gedold ...

Fir anzesetzen: [pg_img=44047]
Kommentar vum Fotograf:
test
gloda 28.03.2010 - 18:16
Wéi hues de esou vill Déifteschärft doraus eraus krittt? Wann ech d'Duebel-Objektiv Technik benotzen kréien ech vill méi en klenge brauchbare Beräich.
Arbi 05.09.2011 - 21:47
Ech hun nach net mat Retroadapter geschafft, mais esou eng Deifteschärft mat der Vergreisserung schätzen ech mol dass Focus-Stacking benotzt gouff.
An ech froen mech och nach emmer wei dei Haarespel 8 Sekonnen laang absolut rouheg war smile
LordGuardian 06.09.2011 - 09:53
majo eng Method dei kleng Deiren roueg ze haalen ouni hinnen dauerhaft wei ze din ass sou eng Art Kältespray ...sie faalen dann an eng Art Wanterstarre mee sin meeschtens no enger Minut rem fit smile

Ech hat fir des Photo ganz normalen duerbel Retro benotzt ...dat heescht en Teleobjektiv, an dësem Fall @ 400mm mat engem DX 17-55 Weitwenkel (wat dann sou em 26mm enstprëcht) an Retrostellung virdrun.

Ech war demols och zimlich erstaunt dat d Qualitéit mat dem Meter Glas detescht nach brauchbar war smile ...wat genau ausser Ofblenden ech gemach hun fir d Deiftenschaerft hinzekreien wees ech nit genau ...op jidfer Fall ass et keen Stacking-Bild
LordGuardian 06.09.2011 - 09:55
dat ass eng gudd Fro ...eigentlich hat ech demols naischt extras gemach ausser bis op f11 ofzeblenden ...ech misst dat dann nachemol mat engem ähnlichen Opbau probeiren :S...

wahrshceinlich uet et gehollef dat dest Exemplar zimlich kleng war an eben besser an den Schärfebereich gepasst huet
Blob 28.03.2010 - 18:39
absolut Top!
ech warden all moment drop datt se aus dem Schiirm gesprongen könnt ....
LordGuardian 06.09.2011 - 09:56
haha besser nit ...op jidfer Fall nit wanns de en groussen Schirm hues smile
Déi denger gesinn am allgemengen ëmmer zimlich geféierlich aus wann een se vun méi no kuckt
donpoli 28.03.2010 - 19:41
De Wahn di doten!!! All Respekt smile
LordGuardian 06.09.2011 - 09:57
merci smile ...sorry ech hat guer nit matkrut dat souvill Leit hei Kommentarer geschriw haten ...iergednwei waren dei nit bei mer ukomm
Poly 28.03.2010 - 19:45
monster meisech gutt gelongen
LordGuardian 06.09.2011 - 09:57
merci smile ...sorry ech hat guer nit matkrut dat souvill Leit hei Kommentarer geschriw haten ...iergednwei waren dei nit bei mer ukomm
JADE 28.03.2010 - 19:51
déi ass fir an d'Bio's Buch ...
LordGuardian 06.09.2011 - 09:58
haha merci smile
jo ass just bessen schued dat d Hoer sou zesummengepecht waren
Laurent76 29.03.2010 - 08:25
Wow, ass saugudd gin dei doten.
Hun mir och een Retroadapter bestallt, ech hoffen en kennt geschwenn un....
LordGuardian 06.09.2011 - 09:58
jo ass eng flott Sach an virun allem eng bëlleg Leisung fir trotzdem speziell Makroen kënnen ze maachen smile
Miau 29.03.2010 - 13:39
igit wie schéin...
LordGuardian 06.09.2011 - 09:59
haha 'igitt wei schein' ...jo sou kann een dat och nennen smile
Geko 29.03.2010 - 16:44
Staark, déi doten !
Kanns du e puer Wuert zum Opbau soen, ech ka mir dat mat denen 2 Objektiver nët sou richtig viirstellen ?
Laurent76 29.03.2010 - 19:44
Hun dem m-otiv daat mat dem Retroadapter erklärt....
Geko 30.03.2010 - 21:20
Merci Laurent,

Vun Retroadapter hat ech och schon héieren, hat awer nach nie sou eppes am Grapp. Et ass awer op alle Fall beandrockend, wat domat méiglech ass.

Opgrond vun der Beschreiwung hat ech mir effektiv 2 nët grad kleng Objektiver plus 2 TC'en an enger Rei viirgestallt an hu mech gefrot, wéi déi Konstruktion géif zesummen halen an op se net viir mist gestäipt gin smile
LordGuardian 06.09.2011 - 10:08
jo also et ass zimlich laangen Rouer dat ganzt ...iergendwou hat ech emol eng Foto vum Setup gemach, mee ech mengen nit dat et derwaert ass dei hei upzeloaden ...

...also et get den normalen Retro wou en en Weitwenkel emgekeiert un den Photoapparat montéiert andems en en Adapter neotzt den op enger Seit en Bajonetuschloss huet an op der aner Seit en Filgergewënn ...

fir nach méi no run ze kommen kann en och en en Teleobjektiv huelen wei bei mir lo hei, an den Weitwenkel virun den Tele an Retrostellung schrauwen ...den Moment brauch een dann einfach en en Adapterrëng mat 77mm Filtergewënn op béiden Säiten (oder eben déi Gréisst déi een brauch)

Fir dat den Photoapparat durch d Gewiicht nit freckt ass dat ganzt mat der Stativschell vum 200mm Tele op enger Feinastellschinn monteiert dei um Stativ steet.
LordGuardian 06.09.2011 - 10:08
an sorry fir déi spéit Aentwer, ech hat nie epps vun dësen Kommentaren matkrut :S
m-otiv 29.03.2010 - 16:57
Jo daat matt 2 objektiver verstinn ech net an wei kruss du d'haarespel 8 sekonnen laang immobil ze haalen?
Laurent76 29.03.2010 - 19:44
Salut Vito,

wann et esou ass wei ech mengen sin et keng 2 Objektiver mee een Objektiv waat an Retrostellung steet.
Du kris speziell Adapterreng dei dir ermeiglechen Objektiv deen verkeierten Wee ob den Body ze maachen, an esou net nemmen wei beim Makro een 1:1 hinzekreien mee een 4:1 oder esou....
An dann ass et just emgedreit wei am normelen, waat Brennweit mei kleng ass waats te mei eng grouß Vergreißerung kris.

Meng Retroen sin bestallt, mat allen Reng an Unpassungsstecker sin ech bei 182€ plus minus.

Ech hoffen dir weider gehollef ze hun...

m-otiv 29.03.2010 - 21:42
Wosst daat guer net... 4:1 geif mech och intresseieren.. Wei emmer Laurent, waarden op pn matt feedback closed_eye
Laurent76 29.03.2010 - 22:14
Maachen ech esou baal ech daat hun....

Den Effekt kanns du awer och selwer bei dengem Objektiv testen.
Huel een Objektiv, Deckelen erof an dann den verkeierten Wee doduerch gekuckt dann hues te eng Lup. Beim Gewenn hues te esou eppes wei een Schieber wous te Blend kanns obmaachen. Waat Brennwait mei kleng waat den Effekt mei grouß ass, dein Waitwenkel mißt do dei beschten Wirkung hun.

A propos Waitwenkel, ech hun mkir den Nikon 10-24mm bestallt...., an hun mir och een Nikon 70-200mm f2.8 als Occasioun kaaft... smile
LordGuardian 06.09.2011 - 10:12
dach, et waren zwee Objektiver bigsmile ...dat nennt een dann en Duebel Retro closed_eye

duerfir brauchs de en laangen Tele virun dens de en Weitwenkel an Retrostellung montéiers ...den Weitwenkel funktioneiert den Moment als Lupe fir den Tele
durch déi Methode kriss de vergréisserungen vun iwer 10:1 hin

mee et as szimlich onpraktisch fir dobaussen rondrem zelaafen an du brauchs eng Astellschinn um Stativ fir scharf ze stellen

sorry fir déi spéit Aentwert ..ech hat dës Kommentarer nit gesinn


LordGuardian 06.09.2011 - 10:13
dach, et waren zwee Objektiver ...dat nennt een dann en Duebel Retro bigsmile

duerfir brauchs de en laangen Tele virun dens de en Weitwenkel an Retrostellung montéiers ...den Weitwenkel funktioneiert den Moment als Lupe fir den Tele
durch déi Methode kriss de vergréisserungen vun iwer 10:1 hin

mee et as szimlich onpraktisch fir dobaussen rondrem zelaafen an du brauchs eng Astellschinn um Stativ fir scharf ze stellen

sorry fir déi spéit Aentwert ..ech hat dës Kommentarer nit gesinn
Jeanny 29.03.2010 - 17:21
sou no, super
LordGuardian 06.09.2011 - 10:12
merci smile
Maxx 29.03.2010 - 19:01
Spektakulär.
Jo, ech wier och interesséiert un en Making of...
Laurent76 29.03.2010 - 19:45
Hun dem M-otiv daat mam Redroadapter erklärt
grimmel 29.03.2010 - 21:49
super onheemlech dat klengt déier do !
LordGuardian 06.09.2011 - 10:12
jo xD
koenigskind 30.03.2010 - 09:06
genial!
LordGuardian 06.09.2011 - 10:12
thanks bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 406 Gäscht online