Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Muss daat sin ?

 
Muss daat sin ?
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.03.2010
  • Gekuckt:
    36732
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    1/500 sec
  • Blend:
    f/10
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    250
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    997x673
  • Späicherplaz:
    217 KB
  • Originaldatum:
    2010:03:03 11:39:19
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=43358]
Kommentar vum Fotograf:
bei der demontage vun der Gelle Fra.

fannen das se op daer foto sou drakukt wei wann se sech deem ergoen muss loosen an sech freet op et muss sin.
war mol mei gedanke wei ech foto gesin hun um pc.
Chrissie 03.03.2010 - 17:03
einfach nemmen krass :'(
pitchul 03.03.2010 - 18:26
Super trauereg photo, Well done
Gaga 03.03.2010 - 18:54
Mann, haal op, ech wor de moien 4 Stonnen do, uewen op der Stee ... t'leit hun sech jo opgefouert ... haal nemmen op !
Wei ech dun de metteg um rtl bei den fotoen dei onselleg domm kommentairen geliess hun !!! tssss... bananerepublik , jo, mais net weinst der gelle Fra, mais all dei Blaanien, dei mat hierem gemeckers nemmen weisen wei ontollerant se sin, woubai daat denkmol enner aanerem fier desen Wert soll stoen !
ech dierf guer net ufänken hei doriwer ze schreiwen !
dobai as et nemmen den fait, dat t'leit erem en gronnt fonnt hun, den sujet spillt jo guer keng roll !
Maimonides 03.03.2010 - 20:19
Di do géif super an dëm arwa seng Série "dë Bléck" passen.
"Firwaat muss ich fort
a wéini kommen ech ërëm?
Äddi."
Exzellent, Michelp88, och wann d'Schärft nët um A läit. closed_eye
deBaemm 03.03.2010 - 20:51
fiir mech och absolut lächerlech sech doriwwer gedanken ze maachen... mir hu jo soss keng péng an eiser bananenMONARCHIE!

zur foto, et ass e gudde moment dee festgehaal gett, reng dokumentativ gesin! gudd prise!
Maimonides 03.03.2010 - 22:04
Dat wat di ganz Operatioun do kascht ass dir also egal.
deBaemm 03.03.2010 - 22:12
Waat et kascht secher net mee si mer mol eierlech wa mer et net do fiir eppes ausgin gett alt nach eng iwwerdeier philharmonie damat finanzeiert oder ee pei musee oder eisem reischen seng jaerlech ratioun knippercher, an kucke mer et vun der positiver sait d belg huele wuel kaum de mennekepis geschweige denn d fransousen eng sacre coeur oder en eiffel tuerm, dohiir ass et jo usech flott an eng saach vun houfregkeet kennen esou ee bedeitungsvollt monument sou enzwouch kennen opzestellen! An ech fannen d diskussioun nach emmer laecherlech!
Maimonides 03.03.2010 - 22:17
Du mengs also et wier besser iwerhaapt net driwer ze diskuteieren ?
deBaemm 03.03.2010 - 22:49
ech mengen dass leit problemer sichen wu keng sin well se neicht besseres ze din hun, an ech fannen dass mer eis mat esou "klengem" krom net sollen ophaalen an mol ufenken iwwer seriö problemer gedanken ze maachen!

Ech mengen lo net jidereen fiir sech mee einfach mol als natioun, an vläicht mol ophaalen en thema wei d'gelle fra op shanghai jo/nee als topthema am rtl ze verkaafen... ech mengen dass mer hei am land definitiv aaner mei wichteg problemer hun, an waat soll dann schon drun sin wann se dohi geet, se kennt jo rem... an iwwerhaapt wann mer schon dergeint sin an emmer alleguer iwwer klengegkeeten streiden wei ass et dann mam CO2 ausstouss vun der ganzer aktioun? (den mir ass impersonnel closed_eye )
Gaga 03.03.2010 - 23:14
100% denger mehnung !
an maimonides, dei ganz affaire as gesponnsert, kascht den staat also guer naischt !
et kann een natierlech och a fro stellen fierwaat mer dann iwerhaapt en milliounen-deieren pavion an china opriichten gin ...! do sin dei do käschten guer net relativ derzou !
Maimonides 04.03.2010 - 20:35
Dat ass eng Diskussioun wi deemols iwert de Fändel mam roude Léif, oder nach besser wi déi di iwert d'Nummereschölder vun dën Autoën gefouërt gin ass, vu "Jenni a Menni".
An ob së elo gesponsert ass oder nët, fir Näischt ass së bëstëmmt nët.
Maimonides 04.03.2010 - 20:40
Ech hu vill léiwer wann diskutéiert gët, wi wann nët diskutéiert gët. Ob dann iwert di richtig Saachen diskutéiert gët, dat ass eng aaner Saach. Am Prinzip ass awer eng Diskussioun nie lächerlich: héchstens de Sujet dovun.
deBaemm 04.03.2010 - 22:49
Sou gesin gin ech der recht, dann hun ech mech effektiv schlecht ausgedreckt! Schliesslech verlaangt eisen gesonden esprit critique dass mer eis driwwer gedanke maachen! Mee fiir et da richteg ze soen fannen ech dn topoc laecherlech!
Gaga 05.03.2010 - 08:23
nee, den niveau derfun, gei mol op RTL.lu liesen ... daat as lächerlech !
Maimonides 05.03.2010 - 20:36
RTL ?
"Vox populi" ?
Komm mir schaafen d'Vollik einfach of.
Da könne mir sériö diskutéiëren. closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 484 Gäscht online