Dee hei rack hun ech an enger vintage buttek fir nemen 18 dollar fond, an e passt perfekt, wat war ech frou deen daag ;) e klengen portrait wou ech aerch meng "skills" bretzen am origami :)
Mam Hannergrond hues de vielleicht Recht. Ech keint mer hei och eng aal Tapeit oder sou als Hannergrond vierstellen och wann een do vielleicht riskeiert datt vum Haaptsujet oofgelenkt gett.
Ech fannen dess Foto absolut gelong. D' Belichtung ass ganz propper (och wann ech dovun net sou vill Ahnung hunn) an d' Szene ass ganz flott duergestallt.
Dofir hun ech jo gefrot waat fir Luuten gebraucht sin gin, un sech ass gudd beliicht mee du geings mengen et wären verschidden WB drop.
Ganz ennen mengs te et wär weiss, dann get et liicht blolech, hannert dem Uwerkierper am Kapp liicht orange iehr et dann uewen liicht an roud eran geet.
Wei geseis du daat?
Bei bletzer wär daat net den Fall an du häs normalerweis een *Bling* an den Aen deen mir hei perseinlech e ebssen fehlt.
Dass genau daat wat ech gemengt hun wel ech wlot vlait eng 60er joer tapeit huelen an dean haet et secher den fokus vum rack ewesch geholl :/ ech hun meng flash unit na net benotzt, also fir deen hei war einfa natirlechen luut