Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kirstin & Christophe (II)

 
Kirstin & Christophe (II)
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.02.2010
  • Gekuckt:
    53041
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    200 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    Compulsory Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    118 KB
  • Originaldatum:
    2009:08:08
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 70-200L 2.8 IS USM
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
Extras:
BlackPanther

Fir anzesetzen: [pg_img=43154]
Kommentar vum Fotograf:
Vun der Hochzäit vum Kirstine a Christophe am August. Méi Fotoen op méngem Site:
http://gloda.net/20100224-kirstinchristophe

Den Christophe as och hei op Photogen: amBesch. An den BlackPanther huet mer gehollef, an den alma war och do :D
gloda 25.02.2010 - 15:58
Kirstin & Christophe (I)
mmphotos 25.02.2010 - 22:13
Mol engkeier eng Hochzeitsfoto vun dier dei mer aus 2 Grenn, manner gudd gefällt.
Ech fannen dass hier Mimik net bei hier Pose passt. Et geseit, fier mech, sou aus wei wann dei 2 grinsen geifen, awer net well se frou sin mee well se grad laachen wellen, an mech steiert daat bei där pose.

Daat 2t as dass dem Mann seng Hand, do wou se sou leit, eng undeitung mecht wei wann d'Fra schwanger as. Wann daat den Fall as, as et tiptop. Wann net, keint een daat fleit falsch verstoen.

Hoffen sin lo net zevill an den Detail gaang...
gloda 26.02.2010 - 12:32
Ah ëmmerhing ee Kommentar. Twitter ftw smile
Mat der Hand gin ech der Recht, déi hätt solle bis un d'Säit vun der Hëft reeche. Dat mam Laachen gesin ech net sou, fir mech wierkt et nach ëmmer als glécklech/frou éischter wéi lëschteg. Hues de eng Iddi wat ech hätt maache kënne fir dass een et net kann "falsch" interpretéieren?
mmphotos 26.02.2010 - 12:36
Ech wees effektiv net wei een et aanecht hätt kennen maachen, lo wou ech se haut kuken fannen ech et och schon net mei grad sou "komesch" wei geschter. Sin do fleit einfach zevill an den Detail gaang. Sie hun schlieslech net "geleiert" ze posen.
klex 26.02.2010 - 16:58
Ech fannen se, verglach mat dengen aaneren Hochzaitsfotoen dis de soss su weis, net immens, vun der Luucht, Kadrage an Iddi hier... do hues de vill besserer.
Géif mech intresséieren wat där genau un deser sou gefällt?
gloda 26.02.2010 - 17:07
Ech fannen déi hei flott well se einfach as an sech op d'Emotioun konzentréiert. Kanns de mer soen wat mat der Luucht net klappt?
klex 01.03.2010 - 00:03
ma d'lucht ass usech gudd, also d'gett theoretesch naischt auszesetzen drun un der Lucht, mee normalerweis hues de mei pepp dran an der belichtung bei deenen wous de soss roplueds! Net dat einfach net gudd wär, mee fannen hei fehlt eppes... hmm, kréie mech net erklärt, ass scho spéit :/ flait verstees de mech jo... ass opschiddefal net beis gemengt!
gloda 01.03.2010 - 11:23
Dat as wouer dass meeschtens méi Pepp dran as. Ech mengen ech wollt einfach net zevill Ënnerscheed tëscht Konscht- an Amientluucht hun, well d'Gesiiter sou no beienee sin as et soss schwéier d'Schieter dotëscht ze kontrolléieren. Vläit wann ech den Blëtz méi frontal gehat hätt, dann hätt ech nach kënne méi draus eraus huelen. Merci.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 506 Gäscht online