Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Espace de Vie

Espace de Vie
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.01.2010
  • Gekuckt:
    38572
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    Auto BKT
  • Blend:
    f 2.8
  • Brennwäit:
    16 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    534x800
  • Späicherplaz:
    404 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 5D Mark2
  • Programm:
  • Objektiv:
    15-35 L
Kategorie: Objeten an Still Life »» Misc
2. Kategorie: Allgemeng »» Misc
Extras:
Dei Valeuren erklaren sech daat ech kéén trépied haat an et waach an den Ruinen vum Leschten Italieneschen Erdbiewen

Fir anzesetzen: [pg_img=42012]
Kommentar vum Fotograf:
Dess Foto ass e bessen den Style deen ech am leifsten hunn, daat hescht relativ staark Kontraster an Luucht Spill e bessen ze evidencieren. Et ass nett emmer einfach an ech geif schon Kritiken verdroen iwer d'Kompo, D'Farwen, Kontraster. En général probeieren ech meng Kritik emmer ze justifizeieren do'maden den Auteur och eng Entwert artikuleieren kenn an eng Antithés opstellen kann. Nemmen esou entsteet eng Diskussioun (banal hein) dei Interessant an Konstruktiv ass.
Zampano 18.01.2010 - 18:02
ganz einfach gesagt: Mir gefällt diese, Deine Art der Bearbeitung...
gtaddei1 18.01.2010 - 23:26
Merci fur deinen Kommentar ... bleibt mir nichts dazu zu fügen
Metalbambi 18.01.2010 - 18:06
Bas du Sproochenprof oder soueppes, dein Kommentar muss een jo 2x liesen wan een net drob vierbereed ass???! tongue

Mol eppes mei geschaites:
Daat waat mech steiert un denger Bearbeschtung ass daat di fein Strukturen verluer gin, muss den Kontrast mei gezielt setzen daats de d'Beliichtung ennerstetz an d'Strukturen awer behaels.
Hues ob riets an lenks eng hell Streif laanscht d'Bild, kennt warscheinlech duech den DRI. Einfach wegschneiden.
Shantideva 18.01.2010 - 18:23
Ech schléissen mech do mat der Streif un. Déi ass mir och direkt opgefall (ganz riets an ganz lenks een Pixel, oder sou). Eventuell hätt ech se perséinlech e bessi desaturéiert. Bei der Kontraststeigerung gin jo och automatesch d'Faarwen méi kräfteg an daat stéiert mech e bessi un den Réier uewen, déi sin e bessi stark saturéiert an et kennt mir vir wéi wann och dodurch e bessi Zeechnung verluer gangen wier.
gtaddei1 18.01.2010 - 23:44
@ Shantideva
Absolut d'accord... den detail ass teschnesch bedingt e bessen verluer gangen... dei Foto ass an engem verbuedenen Territoire geholl ginn wou d'Heiser all moemnt hatten kennen zesummen fahlen ... dofir schnell schnell an mat 800 Iso an f 2.8... méé dei Icône wollt ech awer matt huelen esou wei ech se kritt hunn an ech konnt och net mei dorausser zeien ...

Erklar mir nach eng keier matt der Streif.

A propos Saturatioun ... D'Farwen waaren tatsachlech esou ... gring vermuscht an brong dreckesch an daat alles verdreschent an der August Sonn aus den Abruzzen an wahrend der Nuecht emmer néés Fiicht ginn ...

Merci fir den Kommentar
Shantideva 19.01.2010 - 08:15
Jo, gudd, ech hat d'Exif net gelies. smile
Mat der Streif mengen ech déi zwou gaaaanz denn vertikal Streifen op dem rietsen an op dem lenken Rand vun der Foto. Du mierks et beim Iwergang op d'Hannergrondfaarw vum Site.
gtaddei1 19.01.2010 - 13:02
Ok ech hunn elo verstaanen ... Et ass dann d'Luucht vun der Fenster an vun der Dier dei durchdrengt ... ech croppen dei dann och ...
Shantideva 19.01.2010 - 18:19
Nee, do ass eng ganz denn weiss Streif déi een ganz gudd vun uewen lenks am Eck vertikal bis ganz ennen an den Eck kann erkennen. Sou wéi wann nach eng Line vun engem Pixel breed vun uewen bis ennen gief goen. Ganz uewen lenks am Eck dierft et net schwarz sin an dann een Pixel weiss an dann eréischt den Hannergrond vum Site (gro). Daat ass keen phototechnescht Problem. Daat ass wuel am Photoshop entstaanen. Schued dass een hei keng Remarquen an d'Fotoen kann setzen.
gtaddei1 19.01.2010 - 21:03
Ewei eng Rumm ... méé op der lenker arrète?... Ech soot jo dass en domme Jong sinn
Shantideva 19.01.2010 - 23:04
Ech mengen, ech muss dir et eng Kéier hei um Bildschirm weisen. Oder Crop einfach d'Foto em een Pixel, dann ass déi weiss Streif fort. smile Daat ass eppes waat bei der Bearbeschtung entstanen ass.
gtaddei1 19.01.2010 - 23:11
Ok wärd ech maachen ... ech hunn d'gefill ech hatt op en riesechen roe'r gesiess ... nett dei dei ech gebrauchen dei sinn laaaang
gtaddei1 18.01.2010 - 23:50
@Metalbambi:
PArdon fir mein Kommentar déén net esou gudd ausgedreckt ass ... op Letzebuergesch ze schreiwen ass nett evident (voller Orto an Grammatik Fehlern ,,, méé ech hunn et nett geleiert ) , méé besser ewei op Franzeisch ...

Absolut richtesch ... an daat ass waat ech nach nett esou gudd beherschen méé ech sinn villeicht um gudde Wéé (see next uploads) . Effectivement , daat waat ech bei verschiedener vun iech gesinn hunn (cf Shantideva, Xaph, asw) ass daat effectivement den Detail gudd erhaalen ass ... dess Foto waar matt 800 Iso geméét ginn an mat f 2.8 an mat nemmen 3 Expoen ... daat hescht 1- Pixelminestrone aus allen Fuerwen ... an 2- et ass schweier un den Highlight ze kniwelen well mir hunn d'expo gefeelt fi d'Iwerbeliichtungen ze Kontrolleieren ... 3- Schluss endlech hunn ech decideiert een Liichten Glow ze gebrauchen fir défaut vum "noise" deen ech nett mei eweg kritt hunn matt egaal waat fir ee Filter vum Fotomarket, an ech hunn dei deischter Plaatzen e bessen esou geloos.

De Strech, jo daat haat ech gesinn méé mech steiert daat nett esou awer wann du daat gesinn hues hescht daat daat et dem Visullen Equiliber schuet ... méé do och et ass één teschneschen fehler...
Wei soll ech daat eraus scheneiden ?

Alzeiten Merci
xaph32 18.01.2010 - 19:10
majo, ech denken dass déi foto typësch sou ass wéi's de dat ëmmer mëss, ech fannen dat gutt.

ech hätt vlait een deel vum plafond wechgelooss, me bon...
gtaddei1 18.01.2010 - 23:30
Merci Xaph, deng Consideratiooun ass vollkommen richtech, hunn och eng quadratesch Versioun vun deser gemaach andierer ech och nett schlecht den Plafong gekroppt hunn ... méé bon, dei Carreiert Versioun ass flott méé nett praktesch ... passepartout'en am Carré muss één schon enzel bestelle well één eben der nitt esou oft mecht Fotoen an dem Format imprimeirt.
Awer Vollkommen mat denger Consideratioun anverstaanen
abrissreif 20.01.2010 - 09:16
Mir gefällt der Aufbau ganz gut, mit Stativ und mehr Tiefeschärfe, wäre es noch besser. Die Blende 2.8 läßt das Bild matschig wirken.
gtaddei1 20.01.2010 - 10:20
Richtig aber es war nicht anders drinn wenn mann im Mitten vom Erdbebengebiet wandert und es wackelt noch màchtig... dann heisst es schnell und sicher... Die matschige Wirkung ist nicht so unangenehm... oder?
abrissreif 20.01.2010 - 17:27
Nein natürlich nicht. Erdbebengebiet?Haiti? oder Italien?
gtaddei1 20.01.2010 - 17:46
Italien ... Abruzzen ... Ich stamme von da
m-otiv 06.02.2010 - 22:10
déi ass immens...ass et bei dir Doheem?
gtaddei1 06.02.2010 - 22:19
Geschwenn wann ech nach weider nett botzen
gtaddei1 08.03.2010 - 11:42
Dess Foto ass dei Bescht Foto vun der Lorraine am FPF Koncour 2010 gewielt ginn
19/20; 20/20; 20/20
flohzirkus 27.01.2011 - 22:19
dei fannen ech immenz flott gei mir wenschen och sou platzen "zefannen" vir fotoen zemachen
gtaddei1 28.01.2011 - 10:49
Italien?

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 538 Gäscht online