Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Stéphanie & Alain (II)

 
Stéphanie & Alain (II)
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.11.2009
  • Gekuckt:
    41534
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    1/125 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x448
  • Späicherplaz:
    115 KB
  • Originaldatum:
    2009:11:13 10:49:55
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70 2.8L USM
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=40790]
Kommentar vum Fotograf:
Méng Frënn d'Stéphanie an den Alain hun sech am Mee zu Péiteng bestued.
D'Slideshow mat méi Fotoen fannt der op méngem Blog.
gloda 13.11.2009 - 12:00
Elite (Stéphanie & Alain IV)

Stéphanie & Alain (III)

Stéphanie & Alain (I)
Shantideva 13.11.2009 - 13:19
Ganz schéin Vue! Dorop muss een mol kommen.
gloda 14.11.2009 - 18:35
Merci, ech scouten d'Plaatz wou mer d'Fotoe maachen ëmmer am viraus dass ech gesin wat sech offréiert.
JohnJ 13.11.2009 - 13:33
Ech fannen et gesait e bessi wei eng Agressioun aus...duerch Haltung vun den Ärm
Hätt leiwer wann d'Braut an d'Kamera gekukt hätt, ann den Bräutigamm villeicht e Kuss an den Hals...
Soss ass d'Idee awer ganz gutt

galileo 13.11.2009 - 20:05
Dat ass och mäin éischten Androck....de Schärfteverlaaf ass cool gin...
gloda 14.11.2009 - 18:36
't as net ëmmer Schmusi Schmusi an der Léift smile An dësem Fall hun ech déi ënnerschwelleg Wierkung passend fonnt. Dat anert wat den John proposéiert hun ech och well gemaach, mat enger anrer Koppel.
Maxx 13.11.2009 - 13:46
Ganz flott déi doten, sprängt de Kader vun denen éiwegen klassegen Posen. Gudd geschafft!
gloda 14.11.2009 - 18:37
Laanscht déi klassesch kommen ech net wierklech, déi hun sech mengen ech net fir näischt bewärt. Ech probéieren awer och ëmmer e puer aussergewéinlech Saachen.
Maxx 15.11.2009 - 16:19
Kloer, ech wollt op menger Hochzäit jo och dër Klasseger...déi onkonventionell maachen dat Ganzt awer méi lëfteg smile Gudd esou!
pitchul 13.11.2009 - 18:31
Et ass eng ganz schein photo, mee perseinlech wat ech net esou gaeren hun, dass dass hien fra esou "unhält", baal forceiert. Mee scheinen Angle smile
gloda 14.11.2009 - 18:38
Merci, 't as alt eppes wou een unecken kann, verstin ech.
Keup 13.11.2009 - 20:01
Wow beisen Bleckwenkel. Flott Foto closed_eye
gloda 14.11.2009 - 18:38
Freet mech.
dr_kim_veis 13.11.2009 - 20:07
dei as cool, gefaellt mer besser wei dei aaner.
gloda 14.11.2009 - 18:39
Déi wou se trëtonguepelen mengs de?
dr_kim_veis 14.11.2009 - 18:43
nee mat der spiggelung (oder war daat eng aaner koppel? ech mengen deen haat keng uniform un).

Des as flott, perspektive, faarwen, emotioun, do freen se sech bestemmt.
gloda 14.11.2009 - 18:55
Dat war eng aner Koppel, jo smile Vun denen kommen méi spéit nach e puer Fotoen.
annemie 14.11.2009 - 00:51
Daat as mol e coolen Wenkel! Du hues nawell emmer nei Ideen, tiptop smile)
Sou geféierlech ass den Alain dach guer net closed_eye
Also, och mol net op der Foto: d'Sté huet de Bouquet jo am Grapp, wann et also sou "aggressiv" wier, wier daat jo net sceptical

gloda 14.11.2009 - 18:40
Merci. Häss de se ouni Bouquet besser fonnt?
annemie 16.11.2009 - 00:36
Neeeeee smile Ech fannen se tiptop sou wei se as.
Ech fannen halt net dass et forceiert wierkt, well soss keint hatt jo de Bouquet net mei unhaalen...
Dei aaner op denger Sait (vun hinnen; dei aner muss ech na kucken) sin och cool.
Metalbambi 20.11.2009 - 22:00
Daat hai ass schon eng ganz aner Geschicht! smile Ass innovativ, interessanten Bleckwenkel, definitif net gewinnt an gudd sou!

Ech haet d'Fouen vun der Sail/Mauer just vleit horizontal gesaat.
Nathalie 08.07.2010 - 14:07
Immens schein Foto, gefällt ma ganz gud. op sou Hochzeitsfotoen geif ech mech och freen smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 467 Gäscht online