Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Focus Free 35mm

Focus Free 35mm
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.09.2009
  • Gekuckt:
    32800
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    1/click
  • Blend:
    f/ronn
  • Brennwäit:
    +/-35mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    ëm Gottes Wëllen!
  • Beliichtung:
    aleatoresch
  • Gréisst:
    737x800
  • Späicherplaz:
    395 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Focus free 35mm
  • Programm:
    automatesch
  • Objektiv:
    ???
Kategorie: Objeten an Still Life »» Misc  
Extras:
Zoufall!

Fir anzesetzen: [pg_img=39034]
Kommentar vum Fotograf:
Hei gesidd dir dee "Fotoapparat", mat deem di Fotoen "Train Stories", déi dir elo an der s/w Serie konnt gesin, gemaach goufen. Den antoine_spautz huet deen Apparat "nicoleica aus China" genannt. Ob en dat elo ironesch oder seriö gemengt huet, dat kann ech elo net genee wëssen.... ;-)


Eppes steet fest: Et kann een domadder op alle Fall onprävisibel Akzenter setzen...
Well se ass net nëmme focus free, mais och nach aperture/shutter free, well d'Beliichtung ass esou aleatoresch wi een et nëmme kréie kann. Sou kann ee bei Daagesliicht, wou een bei ISO 100 mat Blend 11 oder 16 richteg beliichte Biller maache kann, mat dëse Këscht hei bei 400 ISO eng total schwarz Opnahm kréien, oder hoffnungslos iwwerbeliicht. Einfach Geeeeniiiiaaaaaaaaal.... LOL
y_breuer 03.09.2009 - 11:40
Hun déi Denger leschte Sonndeg um Flouhmaarkt ze Lasauvage gesinn.
Do hun Ech mer awer iwwerluecht ween déi Denger do iwwerhaapt géif kaafen. En Handy kann jo méi Haut ze Daachs.
Elo wees Ech et. closed_eye
Nicon07 03.09.2009 - 13:11
Dit Dengen niet gekoopt, dat als Kado an eng Kest Blummeknollen uit Holland met drin closed_eye

Jo, jo, virun 20 Joer oder sou huet méng Mamm regelméisseg bei engem hollännesche Blummeversand bestallt, an o krut een dann ëmmer sou ee Plastiksgadget mat als Cadeau derbäi. Dee war zwar meeschtens fir direkt ze entsuergen, mais dese Fotoapparat hun ech ewer mol gehaalen. A wéi ech en elo beim Raumen rëmfonnt hun ech en direkt wollten ausprobéieren. Et ka gudd sin, datt ech nach eemol ee Film dramaachen. Fräi nom Motto: "La vie est comme une boîte de chocolat, on ne sait jamais sur quoi on va tomber..."
OK-Photography 03.09.2009 - 11:43
harhar bigsmile dei sen fir dei Lait wu um iPod och nemmen SHUFFLE lauschtren....haaptsaach nik firausgesin waat derbai rauskent! closed_eye
lustösch smile
Nicon07 03.09.2009 - 13:13
Du géngs also soen, dat hei wier eng iCam shuffle hehe!
OK-Photography 03.09.2009 - 18:30
hehehe ;D
pol9000 03.09.2009 - 12:54
klengt bessen wei eng Holga, sen och lächer am boitier? sou daat Luucht rafällt?
Nicon07 03.09.2009 - 13:15
Et si keng Lächer am Boîtier, mais wann s du di Foto kucks, wou ech dat plastikdéngen do weisen, da gesäis du, datt d'Etanchetéit och zimmléch rudimentär muss sin.

Holga sin nach e besse schlëmmer, mais dat hei geet awer an déi Richtung.
TBNGR 05.09.2009 - 19:45
Groussarteg, ech sichen och grad sou eppes. Méng Lomo lc-a huet elo fier déi 3t (oder fier eng gefillten 100000 ten) Kéier de geescht op gin an ech hu loscht op eppes klenges Onkomplizéiertes, ech hun nett emmer loscht fier 50kg Fotoapparat duerch d´Géigend ze schleefen. smile

op jiddefall déng Train stories serie gefällt mir ganz gudd smile
antoine_spautz 07.09.2009 - 22:27
holga an lomo sin dogeint aristokraten-cameraen ;D

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 384 Gäscht online